Recent Posts

Post Categories

Pandemie-Politik: Eng Enquête-Kommissioun zu Lëtzebuerg? 
No all där Opreegung ëm déi vill schlëmm a manner schlëmm Konsequenzen ëm deen ominéisen Topic „Pandemie “ an och...
Zirkus an der Politik ronderëm den Atom 
Gebongt. D’Aussoen vum Premier Luc Frieden a vum Ëmweltminister Serge Wilmes iwwer déi lëtzebuerger Atomstrategie koumen zum falschen Ament an...
Frank Bertemes: Rettet das Saatgut! 
„Die Rettung der Menschheit besteht gerade darin, dass alle alles angeht.“ —  Alexander Solschenizyn Wenige Dinge sind so kostbar und...
Atmosphäresch Virkrichszäit 
Mir liewe momentan e bësselchen an der Ambiance vun “1938”. Deemools wosst den informéierte Mënsch ganz genee, datt eppes Gréisseres...

Blog Post

Innepolitik

Sonndesfro: net Äppel mat Biren vergläichen! 

Sonndesfro: net Äppel mat Biren vergläichen!

D’Sonndesfro ass eraus a gëtt kommentéiert. An et geschéien – GEWOLLT?- Interpretatiounsfeeler. Dobäi gëtt Kéier fir Kéier betount, datt eng Ëmfro ëmmer nëmmen d’Foto ass an engem präzise Moment: wéi denkt d’Land, wéi denken d’Bierger/innen iwwer d’Politik vu Regierung an Oppositioun zu engem Ablack “x”? Déi berüchtegt “Momentopnam”, déi en Trend uweist, awer kee Wahlresultat projezéiert. An nawell gëtt dës Ëmfro mat Resultater verglach, nämlech mat deenen vun de Wahlen am Joer 2018.

Wann een zum Beispill den ZDF-Politbarometer reegelméisseg suivéiert, kritt een ëmmer de Verglach gemaach mat der Ëmfro vum Mount/Woch virdrun. Dat ass d’Prioritéit. D’Analyse vun engem Trend op deen aneren: geet den Armin Laschet weider am Sondage erop, fiert d’Baerbock wéinst de Plagiatsvirwërf bei der Däiwel? Réischt um Schluss gëtt gekuckt, ob oder ob net déi ablécklech GroKo sech kéint halen oder net.

Deen Trend ass zu Lëtzebuerg iwwerflächlech gekuckt däitlech, wannn een d’Analyse an der Déift mech, léisst ën Spillraum fir Interpretatiounsdivergenzen.

Esou weist sech, datt eng CSV Probleemer huet. Zanter dem Sondage am Hierscht 2019 goung si permanent zeréck, vun 30 op 24,6 Prozent. Dat ass wéi gesot kee Resultat, ma weist dach, datt d’Vertrauen vun de Leit an dës Partei e fatzege Knécks krut. Wou bleift de Plang vun der gréisster Oppositiounspartei fir nees un d’Rudder ze kommen, wou bleift dee Kapp, deen d’ganz Ekipp an och d’Wielerschaft maträisse kann? Vill Wischi-Waschi-Aussoen, fir nëmmen net un ze ecken. Deen Trend no ënnen huet sech 4 mol widderholl, seet also duerchaus eppes aus. Am Detail kann een allerdéngs och eppes aneschters feststellen.

Vum leschten Hierscht op dëst Fréijoer huet d’CSV een eenzege Prozent verluer, eng Variatioun, déi esou kleng ass, datt si sech an der Feelerquot vun der Ëmfro beweegt. Een erstaunlecht Resultat, ëmsou méi wou, wou et an Zäiten vu Pandemie fir d’Oppositioun net vill ze räissen an ze bäisse gouf. Derbäi kënnt, datt d’Partei sech déi leschte Méint vun hierem President Frank Engel getrennt huet, wat och fir vill schlecht Reklamm an der Ëffentlechkeet gesuergt hat.

Et kann een och ëmgedréit fueren. D’Regierung profitéiert glat a guer näischt vun der Gestioun vun der Pandemiekris, am Géigendeel, si verléiert bis op eng Ausnam. Déi Liberal mam Staatsminister Bettel falen vun Hierscht op d’Fréijoer vun 19,9% op 19,3%. D’Sozialisten mat der Gesondheetsministesch Lenert verléieren bannent 6 Méint esouguer zwee ganzer Prozent.

Kloer! Och do kann een d’Feelerquot an d’Gespréich bréngen, ma haten déi zwou Parteien sech do net eppes méi erwaart? Ëmmerhin hunn si hier Virusaarbecht gutt gemaach a ginn als Merci mat allkéiers engem Verloscht vun engem zousätzleche Sëtz ofgestrooft? A wéi ass et mat deene Gréngen? Si haten an der Pandemie esou gutt wéi guer näischt ze radetten, goufen rezent vun enger weiderer Affär Dieschbourg gerëselt a klammen bannent 6 Mént ëm zwee Prozent!

Am Hierscht wär laut TNS-ILRES- an RTL-Spillereien d’Dräierkoalitioun op eng kamoud Majoritéit komm vun 34 Mandater, elo am Juni vun 32. DP an LSAP kréichen also e fermen Fouss-bei-d’Këscht.Verléierer’ Dat kann dach net sinn! Fir dat ze vertuschen, gëtt de Verglach gemaach mat de leschte Wahlen a schonn ass déi politesch Welt nees an Uerdnung: d’Pafen kënnen als de grousse Verléierer presentéiert ginn an als make-up fir dës fake news ginn d’Piraten als de Gewënner dohinner gestalt.

Wer’s glaubt wird seelig!

Related posts

Verloossen eng Äntwert

Required fields are marked *