Aarmutt zu Lëtzebuerg: gratis öffentlechen Transport geet net duer!

0
295
Image par Free-Photos de Pixabay

aarmutt zu Lëtzebuerg ass eng Blamage fir dat räicht Land. Ma si ass eng Realitéit, och wann een hier nëmme seele begéint – vun de Strummerten mol ofgesinn. Just vun Zäit zu Zäit manifestéiert sech déi eng oder aner frustréiert Stëmm an de soziale Medien. Dobäi sin se zu 106.000 am Grand-Duché, déi ënnert dem seuil vum Aarmuttsrisk liewen. Den CSV-Deputéierten Paul Galles huet d’Aarmutt a senger éischter Interpellatioun um Krautmaart thematiséiert a koum authentesch eriwwer, och wann sech wuel sozialpolitesch direkt näischt un där desolater Situatioun wäert änneren.

Dobäi brauch de Staat- egal vu wat fir enger Regierung gefouert- sech net ze schummen. All déi sozial Transferten zesumme gerechent maache quasi d’Halschecht vum Budget aus. Dat kann een allerdéngs och esou formuléieren: 18,7 Prozent liewen um Bord vun der Aarmutt, wann een déi sozial Transferten plus Renten plus Witwerenten an der Berechnung ewechléisst, wären dat 47 Prozent! Quasi d’Halschecht vun der Bevölkerung! Aaremt räicht Lëtzebuerg!

18,7 Prozent liewen um Bord vun der Aarmutt, wann een déi sozial Transferten plus Renten plus Witwerenten an der Berechnung ewechléisst, wären dat 47 Prozent!

En anere Chiffer, deen erféiert: déi sozial Transferten gräifen net méi esou gutt wéi sos! Virun 10 Joer hu se den Aarmuttssrisk nach ëm iwwer 50 Prozent no ënne gedréckt, vrun 2 Joer war dat nach just fir 35,52% de Fall. De Wierkungsgrad huet also rapid ofgeholl! Enger Partie Leit geet et wuel besser duerch déi verschidde staatlech Hëllefen, ma net substantiell genuch! Dat léisst déif blécken fir d’Zukunft, de sozialen Zesummenhalt riskéiert ze bréckelen!

 

et ginn och an der Aarmutt Ongläichheeten. D’Lëtzebuerger sinn nëmmen zu 12 Prozent betraff, bei all den Auslänner zesummen sinn et 25 Pozent an d’Portugiisen leien bei 32,5 Prozent. Et sinn also dacks Leit, déi op Lëtzebuerg komm sinn fir hei ze schaffen an ze wunnen, déi vill zum Räichtum vum Grand-Duché bäigedroen hunn an déi selwer am Misär liewen! De Paul Galles war bei d’Klimastreiker knäipen a schwätzt vun enger Iwwerhëtzung vun eiser Gesellschaft:déi Räich gi méi räich, déi Aarem bleiwen aarem, d’Inegalitéiten wuessen, d’Schéier geet ausenaner. Mir kréien en Overheat an der Gesellschaft! 13,5% vun de Leit riskéieren, an d’Aarmutt ze rëtschen, an dat, obwuel si eng Aarbecht hunn. Domatter läit de Grand-Duch un zweetleschter Plaz an der europäescher Unioun, an direkter Gesellschaft mat Rumänien!

Image par Peter H de Pixabay

D’Haaptursaach ass séier fonnt: de Logement, den absolutten A an O an der Sozialpolitik, ma den CSV-Mann huet sech net ze vill op dee glëtschegen Terrain erausgewoot, huet éischter d’Kierch am Duerf gelooss, well hie weess, datt sech un där Problematik scho ganz aanerer d’Zänn ausgebass hunn. Hien hätt gären eng Diskussioun an der Gesellschaft iwwer de Sozialsystem allgemeng, iwwer de Loun, d’Steieren an eben d’Sozialtransferten.

Wat duerchaus Sënn mécht, ass, sech chiffréiert Objektiver ze fixéieren. Also net Blannemännerches Suen ze streeën, ma si do ze investéieren, wou si de Leit am meeschten hëllefen. Gutt gefall huet mir schliisslech d’Opfaassung vum Här Galles, et sollt een d’Politik aus der Siicht vun deene Schwaache maachen:ween als éischt no dene Schwächste kuckt, mécht wierklech staark Politik!

“….die Worte höhr’ ich wohl,

allein, wo sind die Taten?…”

Eng Interpellatioun ass dofir do, d’Regierung un hir Responsabilitéiten ze erënneren. Dat huet den Här Galles, zwar e bësselchen missionaresch, ma flott gemaach. Et bleiwt ofzewaarden, op säin Appell vun der Regierung gehéiert gouf. Et geet engersäits drëm, verschiddene Persounen, Individummen ënner d’Aerem ze gräifen, anerersäits drëm, Rëss am Gesellschaftskontrakt ze verhënneren! Iergendwéi si mir also alleguerten vun der Aarmutt betraff!

KOMMENTAAR

Please enter your comment!
Please enter your name here