Recent Posts

Post Categories

Pandemie-Politik: Eng Enquête-Kommissioun zu Lëtzebuerg? 
No all där Opreegung ëm déi vill schlëmm a manner schlëmm Konsequenzen ëm deen ominéisen Topic „Pandemie “ an och...
Zirkus an der Politik ronderëm den Atom 
Gebongt. D’Aussoen vum Premier Luc Frieden a vum Ëmweltminister Serge Wilmes iwwer déi lëtzebuerger Atomstrategie koumen zum falschen Ament an...
Frank Bertemes: Rettet das Saatgut! 
„Die Rettung der Menschheit besteht gerade darin, dass alle alles angeht.“ —  Alexander Solschenizyn Wenige Dinge sind so kostbar und...
Atmosphäresch Virkrichszäit 
Mir liewe momentan e bësselchen an der Ambiance vun “1938”. Deemools wosst den informéierte Mënsch ganz genee, datt eppes Gréisseres...

Blog Post

Innepolitik

Waffegesetz: net mat Kanounen op Spatze schéissen! 

Waffegesetz: net mat Kanounen op Spatze schéissen!
Image parhafiznaveed de Pixabay

De Staatsrot koum am ganzen mat 26 oppositions formelles! Dat ass zwar kee Rekord an awer bedeit et eng an d’Akaul vun deene Gréngen. De Gesetzprojet ass domatter a senger ursprünglecher Form vum Dësch a muss iwwerschafft ginn. Schonn am September wollt de Minister mat engem neien Text kommen, wat aussergewéinlech séier gewierscht wär. Et koum derbäi dee schlëmmen Häerzinfarkt vum Felix Braz, deen elo wéinstens temporär muss ersaat ginn: d’Madame Tanson iwwerhëllt a wann si deen Timing vum Braz bäibehale sollt, fir villäicht net am September, mä dann awer am Oktober mat enger neier Versioun vum Projet ze kommen, da stellen sech dach Froen.

 

D’ Waffesammler an d’Jeeër sti weider op der Wuécht, well si fäerten, op der leschter ligne droite awer nach vun deene Gréngen iwwerdubbert ze ginn. Dobäi kënnen d’Waffesammler eng gewësse Satisfactioun net verstoppen, datt nämlech déi gréng Volleksvertriederin Stéphanie Empain e Rückzieher huet musse maachen.

Stéphanie Empain
Wikipedia

Per Bréif léisst si d’Associatioun Firearms united wëssen, datt d’Madame net vun engem vun hire Memberen duerch e Courrier agresséiert gi wier; et hätt sech och net ëm een offizielle Bréif gehandelt, ma ëm eng Noriicht via MESSENGER a si wär doranner och net weider menacéiert ginn, ma den Toun vun der Noriicht wier wäit ewech gewierscht vun de Spillregelen vun enger gudder Kannerstuff. Dat héiert sech schonn aneschters unn a Firearms united gëtt sech matt däer Richtegstellung zefridden. Opwuel d’Remarque nach ëmmer sauer eropstéisst, datt historesch Waffen besonnesch bei de Rietsextreemen beléiwt wieren; domatter sinn si de facto an dat brongt Dëppen gehäit ginn.

Ma, esou gudd bei de Collectionneuren wéi bei de Jeeër sin d’Gemidder ëmmer nach déck opbruecht. Well déi Gréng hate mat hierem Projet wäit iwwert d’Ziel( EU-Directive) eraus geschoss. Beispill: Art.12.1:Les armes et munitions relevant du champ d’application de la présente loi sont transportées dans les conditions suivantes: 1 les armes à feu sont déchargées 2 les armes et munitions sont conditionnées de sorte que rien ne laisse présumer qu’il s’agit d’armes et de munitions 3 le véhicule dans lequel les armes et munitions sont transportées n’est à aucun moment laissé sans surveillance aussi longtemps que les armes et munitions se trouvent à bord. Art. 12.2: chaque transport sur la voie publique doit être effectué sur le trajet le plus court. Sauf en cas de transit sans transbordement, aucun transport d’armes et de munitions ne peut être effectué entre 23.00 heures et 05.00 heures sans autorisation écrite et préalable du Ministre. Les transports d’armes dans le cadre de la chasse peuvent être effectués entre 03.00 heures et 24.00 heures. Article 12.3: Dans le cadre d’un voyage avec des armes et munitions effectué par un moyen de transport collectif, le voyageur peut s’en dessaisir momentanément en raison des contraintes de sécurité inhérente au voyage et suivant les instructions de l’organisateur du voyage. D’Jeeër stellen sech d’Fro, ob si no der Juegd hir Waffen musse mat an de Restaurant huelen. D’Sportsschéisser mussen no engem tournoi virun 11 Auer Nuets doheem sinn, sos sin si an der Illegalitéit; dat riskéiert zu engem contre-la-montre ze ginn, besonnesch wann den Tournoi am Ausland ass. Oder dës Persoun geréit an e Stau, ass also ze spéit drunn…

Weider Bedenken vun de Jeeër: wann een am Summer an der perfekter Legalitéit um 22 Auer 30 e schwéiert Schwäin geschoss huet, da kënnt ee gären a Konfrontatioun mam Gesetz. Dat Déier muss opgelueden an och opgebrach ginn, eng Saach vun e puer Stonnen, an dann däerf de Jeeër matt senger Flënt net méi heemfueren!

Alkohol? D’Jeeër hu kee Probleem dermatter, datt een net ënner Alkohol soll eng Flént an de Grapp huelen, si reiwen sech awer un der Formulatioun vun der Ëmweltministesch Carole Dieschbourg, “…datt een endlech eppes misst géint den Alkoholprobleem ënnerhuelen”. Ass dat esou? Si schonn Alkoholkontrollen während enger Juegd gemaach ginn? Weider behaapt si, d’Akzeptanz vun der Juegd wär an der Populatioun net gutt. Dobäi gouf déi lescht Statistik 2013 gemaach. 8 vun 10 Persounen waren duerchaus der Meenung, datt d’Juegd e wichtege Bäitrag ka leeschten. De Sondage gouf iwwregens vun der TNS/Ilres gemaach, wou an der Zäit e gewëssene Charel Margue geschafft huet.

https://statistiques.public.lu/fr/actualites/entreprises/agriculture/2013/10/20131017/ChasseTNSIlres.pdf

Huet de Charel seng gréng Fraktioun dervunner iwwerzeegt krut, datt een esou Sondagen net ze gleewe brauch? ?

 

W éi geet et weider? De Minster Braz hat ugekënnecht, schonn am September en neien Text wollen virzeleeën, mol den Tempo vun der Sam Tanson ofwaarden, schliisslech muss si sech an d’Matière eraschaffen. Hat de Minister Braz nach Zäit, viru sengem Häerzinfarkt wéinstens eng Partie vun den Associaatioun ze gesinn, anscheinend 9 un der Zuel, déi zesummen ronn 30.000 Memberen vertrieden? Dat ass erstaunlech vill, bal esou vill ewéi eng CGFP. De politeschen Enjeu ass also net grad kleng. Ma de Felix Braz konnt onméiglech am Laf vu just e puer Wochen all dës Associatioun gelauschtert hunn. D’Sam Tanson – si huet all d’Rendezvousen aus verständleche rënn ofgesot- fiért also do weider, wou de Braz huet MUSSEN ophalen, ma déi nei Fra un der Spëtzt kann och net de komplette Rückzieher vum éischte Gesetzprojet maachen: si géing domatter hirem Virgänger an de Réck falen an déi Gréng géingen politesch hiert Gesiicht verléieren. An also fäerten Jeeër a Waffesammler: et kënnt en 0815-Gesetz, dat de graffe Kader setzt, an den Detail kënnt dann no matt de sougenannte groussherzogleche Reglementer, an déi brauche bekanntlech d’Chamber net ze passéieren! Dat wär scho fiis, ma net déi éischte Kéier. D’Associatiounen hun den Tour bei déi verschidde politesch Parteien gemaach: d’CSV versprécht, wuechtsam ze bleiwen, DP an LSAP soen sech bereet, oppen ze sinn fir konstruktiv Aennerungen am Gesetztext. Mol kucken, wat ënnen erauskënnt…

 

Related posts

Verloossen eng Äntwert

Required fields are marked *