Recent Posts

Post Categories

Och déi politesch Oppositioun huet hire Kräizwee ze goen 
D’Sozialisten sinn an där nämmlechter Situatioun ewéi 11 Joer virdrun déi Chrëschtlechsozial: raus aus der Regierung, raus aus dem Alldagstratt,...
Europäesch reality show 
Hutt Dir et och schonn héieren? Am Juni sinn Europawahlen, déi awer keen ze interesséiere schéngen. Grouss thematiséiert goufen se...
Ieselsdrot fir den Drotiesel 
Wat si mir e verwinntent Vollek. Den ëffentlechen Transport ass bei eis gratis. E schéine Subsid vun der ëffentlecher Hand,...
Invasioun vu Busser zu Weiler-um-Tiermchen 
Schonn 2013 -2015 hat et an där schmocker Gemeng Weiler-zum-Tiermchen Remmidemmi ginn wéinst Kaméidi. An der rue des Forges konnten...

Blog Post

Politik

D’Jugend: buedemstänneg bis stramm riets?! 

D’Jugend: buedemstänneg bis stramm riets?!
Image parJohannes Plenio de Pixabay

Aus dem leschte Politmonitor geet ervir, datt d’Leit sech virun allem Gedanke maachen ëm de Logement, wëll heeschen: wéi kommen ech oder meng Kanner un en Haus, en Appartement, e Studio, deen/dat nach iergendwéi ze bezuelen ass? 82 Prozent vun de Leit, déi gefrot goufen hunn de Logement als hir éischt Suerg uginn! Dat misst de Politiker ze denke ginn. Un zweeter Plaz (76 Prozent) kënnt d’Mobilitéit op de Stroossen, also wuel éischter, de Stau. Duerno kommen d’Gedanken, déi sech d’Elteren maachen iwwer d’Zoukunft vun hire Kanner an eréischt u véierter Plaz kënnt de Klimawiéssel. Also fräi nom Bertold Brecht:“Zuerst kommt das Fressen, dann die Moral!”. Interessant dobäi ass, datt ausgerechent déi eeler Joergäng sech méi Gedanken ëm de Klima maachen ewéi déi Jonk: bei deenen an der Alterskategorie tëscht 55 a 64 Joer sinn et ëmmerhinn 62 Prozent, bei deenen tëscht 25 a 34 Joer nueren 54 Prozent. Dobäi misst et grad ëmgedréit sinn! Déi Jonk hunn nach d’ganzt Liewe um bloe Planéit viru sech, et wär un hinnen – natiirlech och un deenen eeleren- zu engem Mentalitéitswiessel bäizedroen, manner (Blödsinn) ze konsomméieren, fir manner CO2 ze suergen. Awer neen! Si maachen sech prioritär Gedanken, fir sech esou séier wéi méiglech eng eege Buud kënnen ze leeschten. Ech kann si verstoen: Mein Haus! Meine Frau! Meine Kinder!Mein Auto! D’Reienfolleg vun där Opzielung sief mol dohinner gestallt, ma den Idealismus  hält sech dach staark a Grenzen, besonnesch wann ee bedenkt, wat fir ee Spektakel an de leschte Méint ronderëm dat Gewandels vum Klima gemaach gouf, ugefaangen beim Greta Thunberg iwwer d’Medien bis bei schoulfräi Nomëtteger. Ass d’Klimabeweegung schonn am gaangen, ewech ze schmëlzen wéi d’Äis um Nord- a Südpol?!

 

eppes wat mech total erféiert huet, sinn d’Landtagswahlen an Thüringen, a virun allem d’Wahlresultat bei de Jonken ënner 30 Joer: 24 Prozent vun hinnen hu fir d’Alternative für Deutschland gewiélt, fir de Björn Höcke, dee mam Seege vun de Geriichter an der Ëffentlechkeet däerf e Faschist genannt ginn. Jidfer 4. Jugendlechen genéiert sech also net, dem “Auteur” vum Mahnmal der Schande eng politesch Ënnerstëtzung ze ginn. Un zweeter Plaz kënnt d’Gauche, woumatter an dësem Bundesland déi politesch Situatioun fir déi nächst Joer wuel kloer ass: déi biergerlech Mëtt ass futsch! D’CDU kënnt bei deene Jonken op 13 Prozent, déi gutt aal SPD op 8 an esouguer déi Gréng packen et bei jonke Leit net iwwer 11 Prozent. Dës politesch Mëtt ass domatter wahrscheinlech fir Joren inexistent, Jonker, déi gëschter fir dat eent oder aanert Extreem gewielt hunn, wäerte schwéier ze iwwerzeege sinn, hir Meenung bei nächste Wahlen ze änneren.

Ech denke jo net drunn, all dës jonk Leit als potentiell Faschisten ze deklasséieren, ma de Risk fir esou Tendenzen gëtt ëmmer méi grouss, besonnesch an Ostdäitschland: bei de leschte Bundestagswahlen 2017 hat d’Ost-Jugend d’AfD mat ëmmerhinn 16 Prozent begléckt! Et gëtt héich Zäit, datt di traditionnel Parteien sech eppes afaale loossen, ma mat Merkel, Karrenbauer, Scholz a & gesinn ech net grad d’Enn vum Tunnel! Et feelt dëse Parteien eng Perséinlechkeet, wou et sech louhnt, mat hir e Selfie ze maachen…

 

Related posts

1 Comment

  1. Angèle

    Ëch denken dass wann eis Wunnengs Situatioun nët sou intolerabel wier, géingen déi Jonk sech méi ëm den Klimaschutz këmmeren. Wunnen an eng Famill grënnen ass nu mol en mënschlecht Grondbedürfnis, a wéi sollen déi Jonk dat bei deene Wunengspräisser achevéieren?
    Di eeler Leit hunn jo eng Wunnecht, déi kënnen sëch dann ëm aner Saachen Suerge maachen…

Verloossen eng Äntwert

Required fields are marked *