Recent Posts

Post Categories

Pandemie-Politik: Eng Enquête-Kommissioun zu Lëtzebuerg? 
No all där Opreegung ëm déi vill schlëmm a manner schlëmm Konsequenzen ëm deen ominéisen Topic „Pandemie “ an och...
Zirkus an der Politik ronderëm den Atom 
Gebongt. D’Aussoen vum Premier Luc Frieden a vum Ëmweltminister Serge Wilmes iwwer déi lëtzebuerger Atomstrategie koumen zum falschen Ament an...
Frank Bertemes: Rettet das Saatgut! 
„Die Rettung der Menschheit besteht gerade darin, dass alle alles angeht.“ —  Alexander Solschenizyn Wenige Dinge sind so kostbar und...
Atmosphäresch Virkrichszäit 
Mir liewe momentan e bësselchen an der Ambiance vun “1938”. Deemools wosst den informéierte Mënsch ganz genee, datt eppes Gréisseres...

Blog Post

Innepolitik

DP fir déi Jonk an déi Déck, CSV fir déi Aal? 

DP fir déi Jonk an déi Déck, CSV fir déi Aal?
Image par200 Degrees de Pixabay

Am leschte Politmonitor koum d’Politik allgemeng net esou gutt ewech wéi an der Ëmfro virdrun: d’Aarbecht vu Regierung an Oppositioun gëtt net méi esou gutt cotéiert, all d’Parteien ginn an der Wäertschätzung zeréck, all, ausser d’DP, déi vun 1.0 op 1.1 klëmmt. Am Stäerkste verluer hunn déi Gréng, vun 1.4 erof op 0.9. E gréngt Wonner ass dat net, well schliisslech dës Partei déi leschte Méint staark ënner CSV-Beschoss stong, fir d’éischt wéinst dem geheime casier, duerno wéinst engem Gaardenhaischen. De François Bausch seet an engem Interview am Tageblatt, datt d’Partei an enger Kriis ass, jo esouguer, datt d’Parteikolleegin Carole Dieschbourg (mat engem Verloscht vun 18 Punkten) ze spéit op d’Affaire reagéiert hätt- politesch Ënerstëtzung liest sech aneschters! D’politique politicienne vun deene  Konservativen huet sech also gelount! De Gewënner vun de leschte Chamberwahlen gouf kräfteg gebeidelt; zugläich huet CSV absolutt net vun deene Schluechte profitéiert, am Géigendeel: och si läit am allgemengen Trend a gëtt manner gutt bewäert. Natiirlech seet dat näischt aus iwwer een eventuelt Wahlresultat, et weist awer, datt déi Schwaarz e grousse Probleem hunn.

 

An all Ëmfro geschéien Bauzegkeeten. Fir d’Lëscht vun de Politiker/innen am Monitor net ze grouss ze halen, gëtt eng Selektioun gemaach. Dat bedeit an dësem Fall, datt déi stater Buergermeeschteg Lydie Polfer net ofgefrot ginn ass, grad esou wéineg wéi de fréiere Chamberpresident Mars du Bartolomeo, déi allebéid ëmmer extreem gutt ofgeschnidden hun. Géing dës Ëmfro déi politesch Situatioun vum Land erëmginn, sténge mer absolutt ënner rouder Fuchtel, well vun de 5 Eischt-Plasséierten sinn 4 LSAP-Vertrieder, ënner den 10 Eischten een eenzegen DP-Mann. D’Zuelematerial weist awer, datt d’CSV guer net vun der Plaz kënnt. Hieren éischte Mann am Politmonitor ass e Claude Wiseler, no him kënnt de Felix Eischen, u 14. Plaz ass et d’Fraktiounscheffin Martine Hansen. Och wann ech perséinlech der Meenung sinn, datt dës Madame an hierem Bezierk Norden bedeitend besser cotéiert ass, esou weist hire Score, datt si sech nach net als Kapitänin op hierem grousse Fraktiounsschëff konnt duerchsetzen an och net no baussen konnt den Terrain “markéieren”. Dat nämmlecht gëllt fir de Parteipresident, woubäi et de Frank Engel als Net-Deputéierten nach vill méi schwéier huet, mat sengen Iddien an d’Ëffentlechkeet ze goen.

D’DP ass am gaangen, e gudden a gescheite Match ze maachen: si gëtt virun allem vun de ganz Jonken tëscht 18 a 24 Joer ënnerstëtzt a vun deenen iwwer 65. Dat bedeit engersäits, datt si als déi méi jonk, déi méi dynamesch, déi méi modern Equipe eriwwerkënnt an aanerersäits, datt si op den traditionellen Terrain vun der CSV grase geet, nämlech dee vun den eelere Wieler: an der Kategorie 65 Joer+ kréien d’Demokraten en Zousproch vun 1,5, d’CSV vun 0,8. Dat ass hefteg! D’CSV ass am gaangen, ee vun hiere wichtegste Revéier ofzeginn! Deen aneren Haaptterrain vun der CSV ass de Mëttelstand; leider hunn ech a kengem Artikel doriwwer Präzisioune fonnt. Op alle Fall wäert et der Partei net an de Schouss gefall kommen, der Wielerschaft eng DP muedebëtzeg ze maachen. D’Diskussiounen an der Chamber an an der Ëffentlechkeet iwwer casier a Gaardenhaischen hunn héchstens den CSV-Memberen gudd gedoen, déi ugefaangen hunn, un der Strategie vun hirer Pateispétzt ze zweiwelen, awer allemol just eng PLooschter op en hëlzent Been, op kee Fall en Argument, fir als Regierungspartei ‘incontournabel’ ze sinn! D’Sonndesfro kënnt am Dezember eraus a wäert weisen, datt déi Konservativ wuel stäerkste Kraaft bleiwen, allerdéngs an enger course-poursuite mat de Liberalen: d’Land huet erkannt, datt esouguer ënner engem Xavier Bettel d’Staatsfinanzen nëmmen esou spruddelen, an der CSV feelt et un (op d’mannst) enger Perséinlechkeet, déi dat permanent hannerfreet an déi fäheg ass, wéi senger Zäit de Juncker, d’Wielervollek ze verstoen an deem seng Suergen politesch ze thematiséieren. Eng DP-CSV-Koalitioun bleiwt also déi wahrscheinlechsten Alternative zu Gambia 2, allerdéngs kloer ënner dem Diktat vun de Liberalen a mam Bettel als Staatsminister!

“….net alles däerf ee fir Boer Mënz huelen…”

Datt de Lëtzebuerger sech éischter Gedanke mécht ëm de Logement ewéi ëm de Klimawiessel, ass normal, schliisslech sëtzt engem d’Haut méi no ewéi d’Hiem; et ass erstaunlech, wéi akribesch déi verschidde Partien de Sujet vun der Wunnengsnout op der Säit loossen, grad wéi wann si scho kapituléiert hätten! Datt de Lëtzebuerger awer bereet wär, eng méi héich Autosteier gebonnen un d’PS-Stäerkt ze blechen, nëmmen fir dësem Planéit e bësselche Guddes ze doen, dat gleeft wuel där mannster een! Ech erënneren un déi hefteg Diskussiounen, déi am nämmlechte Kontext ënner dem Ëmweltminister Lucien Lux enstaane woren: de Mann gouf ganz einfach net erëmgewielt a goung an de Staatsrot an den Exil! Ma déi Gréng kënnen et jo mol probéieren, si sinn den Ament souwisou en As, sech selwer ofzeschéissen. Grad esou formell ass de Lëtzebuerger, wat eventuell zousätzlch Steieren am allgemengen ugeet, am Kampf géint d’Äisschmëlzen um Nord- a Südpol, nom Moto: d’Regierung schwëmmt am fric, si soll kucken, selwer eens ze ginn.

Ëmfroen si keng Wëssenschaft, et kann ee si interpretéieren, wat allerdéngs och zu Spekulatioune féiert: wann zum Beispill eng liicht Majoritéit dergéint ass, datt de groussherzoglechen Haff vun ëffentleche Gelder finanzéiert gëtt, da schaafe mir nawell d’Monarchie net of, oder?

Related posts

Verloossen eng Äntwert

Required fields are marked *