Recent Posts

Post Categories

Pandemie-Politik: Eng Enquête-Kommissioun zu Lëtzebuerg? 
No all där Opreegung ëm déi vill schlëmm a manner schlëmm Konsequenzen ëm deen ominéisen Topic „Pandemie “ an och...
Zirkus an der Politik ronderëm den Atom 
Gebongt. D’Aussoen vum Premier Luc Frieden a vum Ëmweltminister Serge Wilmes iwwer déi lëtzebuerger Atomstrategie koumen zum falschen Ament an...
Frank Bertemes: Rettet das Saatgut! 
„Die Rettung der Menschheit besteht gerade darin, dass alle alles angeht.“ —  Alexander Solschenizyn Wenige Dinge sind so kostbar und...
Atmosphäresch Virkrichszäit 
Mir liewe momentan e bësselchen an der Ambiance vun “1938”. Deemools wosst den informéierte Mënsch ganz genee, datt eppes Gréisseres...

Blog Post

Divers

Bréif u jonk Engagéierter 

Bréif u jonk Engagéierter
image credits: wikipedia

Mëttwoch de 7. August hunn eng ganz Rei Jugendlecher e Commentaire geschriwwen als Aentwert op rezent Beiträg vun 3 Klimaskeptiker zu Lëtzebuerg, déi do heeschen: Robert Goebbels, Gaston Vogel a meng Wéinegkeet. Fir datt jiddereen weess, ëm wat datt et geet, hei mol de link zu deem Artikel:

http://www.tageblatt.lu/headlines/fuer-alle-gorillas-kaiserpinguine-und-voegel-dieser-welt-e-kommentar-un-eis-letzebuerger-klimaskeptiker/

De Gorilla ass op de Robert Goebbels gemënzt, d’Vögel op de maître an de Pinguin  op mech. Haha! Um Enn vum Artikel gi mir als Bopi ugeschwat, dofir adresséieren ech mech op dës Manéier un d’Auteuren:

 

L éiw Kanner,

meng Felicitatiounen zu Aerem Kommentar wat d’Klimaskeptiker ugeet. Dir schreiwt manéierlech an Dir hutt de Courage, Aeren Numm ze publizéieren. Dat ass éischter rar an dësen Zäiten, wou (bal) jiddereen mengt, mussen seng Meenung an de soziaale Medien ze verbreeden an sech dobei regelméisseg hanner engem Pseudonym verstoppt. Dat ass en Zeechen vun ziviller Feigheet. Dofir e grousse Merci un Ierch fir Aer Reaktioun op déi dräi ‘Mousquetairen’, eng Reaktioun, där ech mir perséinlech der vill méi wënschen, well nëmmen duerch anstänneg Diskussiounen an Ausernaanersetzungen ka sech eng Demokratie entwéckelen.

D’Problematik vum Klimawiessel läit eigentlech doranner, datt mir souzesoen alleguerten keng Wëssenschaftler sinn. Mir mussen eis eng Meenung dozou maachen, andeems mir dat liesen, wat d’Wëssenschaft esou schreiwt (Wissenschaft = was Wissen schafft!). Ech ginn dervunner aus, datt Dir net nëmme Bicher gelies hutt vun de Klimafanatiker, ma och vun de Klimaskeptiker, datt Dir also Aer Decisioun “en parfaite connaissance de cause” geholl hutt. Ouni Ierch eppes wollen ze ënnerstellen, hunn ech do munnechmol meng Zweiwel, well ech koum a mengem Beruff vill a Kontakt mat Jugendlecher a wor méi wéi engkéier entsaat, wéi wéineg si bereet sinn, kontroverse ze denken.

 

E e ganz wichtegen intellektuellen Exercice ass als Student d’Schreiwen vun Dissertatiounen: These, Antithese, Synthese. Vill vun Ierch stellen sech just op eng Säit a sinn net bereet, och déi aner Säit ze beliichten. Virun iwwer 40 Joer krut ech an engem Examen fir eng Plaz op der Gemeng iwwer de Sujet ze schreiwen: Vir- an Nodeeler vum Sextourismus an der Drëtter Welt. Dervunner ofgesinn, datt esou ee Sujet haut als politesch onkorrekt ofgestempelt gëtt – wouduerger de Sextourismus awer net ofhëllt!- ass et jo normal, datt een aus moralesche Grënn sech op d’Nodeeler fokusséiert. Den Exercice läit also an der Haaptsaach doranner, awer iergendwéi dach deen een oder anere Virdeel ze thematiséieren, fir dann als Konklusioun eng gutt preparéiert Synthese ze fabrizéieren!

image credits: Wikipedia

An esou sinn ech erféiert, datt et Universitéite gëtt, déi refuséieren, och dat ze enseignéieren, wat d’Klimaskeptiker esou denken; grad aus där Uursach huet viru 40 Méint eng amerikanesch Professesch aus dem IPCC-Gremium demissionnéiert, mat de Wieder:”This is not my world!”. Esou en Denken féiert an d’Saakgaass: elo schon refuséieren Medien och zu Lëtzebuerg (pièce à l’appui) klimaskeptesch Texter ze publizéieren, an ech ënnerstellen Ierch, léiw Kanner, datt Dir an déi nämmlecht Richtung mat marschéiert. Well, Dir genéiert Ierch glat a guer net, eis Klimaskeptiker an dat nämmlecht Dëppen ze geheien ewéi eng AFD oder en Donald Trump. Et ass den Ënnertoun, dee mir bei Ierch net esou gutt gefällt: grad, wéi wann ech Ierch, léiw Kanner, géing an den Eck drécken vun der PISA-behämmerter Generatioun! Ech wäert mech wuel hidden. Keen huet fir sech eleng d’Wouerecht gepacht. Dir sidd nach jonk, ma elo schon fonktionnéiert Dir mam Eenheetsbräi: ween eng aner Meenung huet, ass domm, am Beschten, Fascho oder Populist, wat dacks soll op dat Nämmlecht erauskommen.

 

D ir behaapt, 97 Prozent vun de Wëssenschaftler wieren dervunner iwwerzeegt, datt den absolutt groussen Deel vun der Klimaverännerung op de Mënsch zeréck ze féiere wier. Déi Behaaptung weist, datt Dir nach net genuch liest, och serieux Zeitungen wéi DIE WELT komme munnechmol mat ganz kriteschen Artikelen. Ma wat notzt et, sech ze zerbaalgen?! Klimaskeptiker hu grad esou wéinech wéi Klimafanatiker eppes dergéint, datt de Klima nach besser gëtt! Virwat sollen déi zwou Säiten net zesummen un engem Strang zéien, déi eng mat maximale Fuerderungen, déi aner méi un d’Realpolitik gebonnen, ouni grouss Ideologie vun Ënnergangsstëmmung? Ech huelen als Verglach: 2000 Veganer zu Lëtzebuerg rappen net vill ëm. Wann awer vu 600.000 Leit sech eng breet Majoritéit dozou decidéiert, déi eng oder aner Kéier op Kotelett a Wirschtchen ze verzichten, ass d’Resultat e ganzt anert.

Méiglechkeeten, där bloer Weltkugel bäizestoen, ginn et méi wéi genuch. Do huet e jonken däitsche Wëssenschaftler ausgerechent, datt et duergeet, wann op eisem Planéit 5 Milliarde Beem geplanzt ginn, d’Ophëtzen vun der Erd net iwwer plus 2 Grad erausgeet. Mä bon, bis ewell, an dat schonn zanter 40 Joer, hu mir d’Ofholzen vum Amazonas mol nach net an de Grëff kruut. Den Ament gëtt sech vill op d’Aviatioun fokusséiert, déi awer nëmmen zu 3 Prozent vum Knascht bäidréit, den Autoverkéier par contre zu iwwer 20. Vun de Croisièresschëffer geet net vill Rieds, dobäi sinn et grad des Mastodonten, déi esou vill Dreck ausstoussen, wéi Milliounen Auto.

Datt an Däitschland den Ablack dervunner Rieds geet, d’Fleesch méi deier ze maachen, begréissen ech ausdrécklech, aus menger Siicht net wéinst dem Klima, ma well d’Fleesch déisäits der Mousel extreem bëlleg ass an domatter d’Déier tatsächlech zu enger mannerwäerteger Wuer denigréiert ass. Dobäi muss d’Politik gutt oppassen, wéi wäit datt se geet:och déi manner Bemëttelt mussen sech et weiderhi kënne leeschten, vun Zäit zu Zäit de Barbecue unzeschmäissen. Well, eent ass sécher: d’Politik kann decidéieren, wat se wëll, si féiert zu guer näischt, esou laang net eng Majoritéit vun de Leit dat och acceptéiert!  E gutt Beispill heivir ass den Elektroauto: dee kënnt zwar, ma réischt dann, wann Industrie a Populatioun prett sinn! An näischt a keen ass méi volatile ewéi de Mënsch; ech erënneren drunn, datt fir dee leschte Klimastreik virun der Vakanz zu Lëtzebuerg allemol 300 Jonker bereed woren, sech op de Kierchbierger Makadam ze deplasséieren.

Dofir genéist och an Zukunft klimaskeptesch Texter. Dir schreiwt jo selwer an der Aleedung vun Aerem Text : “Interessant, heiansdo amusant a virun allem fir eis Jonker informativ a léierräich Texter kommen normalerweis heibäi eraus”. Wat wäer dat eng elle Welt, wa mir Mënschen alleguerten déiten d’nämmlecht denken! Et sief, Dir bestidd drop; schliisslech sinn Diktaturen nach ëmmer vum Mënsch selwer gemaach ginn….

Related posts

4 Comments

  1. Chrëscht Beneké

    Salut Guy,
    erlab mer dech ze Duze wëll mer eis als fréier Journalisten-Kollege flüchteg kënnen an’s du jo och ee jovialen Toun uschleís. Ech fannen deng Intro mam Respekt fir “d’Kanner” ganz gelongen, am mam Rescht disqualifizéiers du dech éischter, wéi dat’s de dat bei de Jonke géings maachen.
    Däin Argument, net ze generaliséieren an alles an eng Eck ze stellen, fannen ech dann och nach gudd. Woubäi ee ka wëssen, dat sech op d’mannst um Niveau vun de Parteien d’Klimaskeptiker zum gréissten Deel am rietskonservativen, -populisteschen an -extremen Milieu rekrutéieren. Spannend Analysen fënnt een dozou ënnert anerem mam Stéchwuert “narzistische Kränkung” an der Zeit oder och dorunner, dat et fir “white supremacist” wuel eng perséinlech Beleidegung ass, dat si (also déi 1. Welt) eng existenziell Kris fir d’ganz Mënschheet schafen, déi just mat internationaler Zesummenaarbecht an Solidaritéit ka begrenzt ginn an duerch all Nationalismus verschlëmmert gëtt.
    Wann een d’Welt an dem Zesummenhang als “serieux Zeitungen” adelt, sollt ee schonns mam konkreten Artikel/ Quell zu den 97% kommen. Déi Zuel gëtt aus dem Klimaleugnerlager oft genuch ugegraff, ma bei allem wat ech gelies hunn goufen dobäi awer d’Fakten wëssentlech verdréint fir hir falsch Kritik ze bestätegen. Mech géing deng besser Quell interesséieren. Grad wëll ech Springer mat hire problematesche redaktionnelle Leitlinnen an een Ulf Poschardt, deen sech als Welt-Chefredakteur e.a. bei der Dieselkris an Talkshows wäit vun all journalistescher Neutralitéit ewech aus der Fënster gehäit, offensichtlech manner trauen wéi du.
    Da sichs de weider Beispiller, déi ech nëmme schwéier novollzéie kann. Dat begréissenswäert Planze vu Beem huele Läit wéi du anscheinend gären als Méiglechkeet, fir weider jorelaang zefridden de Kapp an de Sand ze stiechen. A souguer falls déi optimistesch geschaten 1.000 Milliarde (!) Beem (wéi kenns du eigentlech op 5 Milliarden? An op ee jonken dätschen Fuerscher, ech hunn dozou just vun enger Wëssenschaftséquipp vun der Zürecher ETH gelies?!?) déi weltwäit op fräie Fläche kéinte ugeplanzt ginn, tatsächlech all do Wuerzele schloen, géingen ausgewuess pro Joër 2-4 GtC (2-4 Milliarde Tonnen Kuelestoff) aus der Atmosphär gezunn ginn a mer kéinten eis dat Wonnerwierk an der Vakanz zefridde mam Fliger ukucke fléien. Mer blose aktuell 11 Milliarden GtC d’Joer an’t Luucht. Fann de Feeler.
    Déi Wëssenschaftler soen iwwregens selwer, dat dat nëmmen eng Moossnam ënnert ville ka sinn.
    Wéi vill hëls du de Fliger dat der dat Beispill esou wichteg ass? Ech gesinn net, dat sech esou (ze) vill op de fokusséiert gëtt, ma seng 3% goufe 2018 just vu 3% vun der Weltbevëlkerung verursacht, géinge sech relativ einfach aschränke loossen an den Effekt vun z.B. den Kondensstraifen oder der Emissiounshéight erhéight den Schued nach (ouni dat ech elo konkret Zuele ka liwweren. Da verweis de op déi onbekannten Kreuzfahrtschëffer, déi d’läscht dach massiv thematiséiert goufen. Knascht maachen se allerdéngs manner mat CO2 -do sinn si no Gewiicht, respektiv Passagéier den Autoe wäit iwwerleeën, wéi mat Schwefeloxider, wou d’Autoen mat elo bläifräiem Sprit natierlech punkten. Wann ech dat an engem spontane Lieserbréif ausenaner gehale kréien, erwaarden ech eigentlech, datt du dat bei enger wueliwwerluechten Äntwert ënnerscheed kriss.
    Mat bëssi Whataboutismus, pur konkrete Behaaptungen an Zuelen ass dain Baitrag zwar gutt geschriwwen. Aus menger subjektiver Siicht bestätegs du awer éischter déi Kanner, wéi dass de se widderlees esou bal een ee bëssi an den Detail geet. An do häss de vlait besser mol dai Rotschlo eescht ze huelen a fir deng Beispiller bei d’Geigesait recherchéieren ze goen.
    bis der Deeg,
    Chrëscht.

    1. admin

      Salut Chrëscht,
      a merci ir déi vill Méi, déi’s Du Dir gemach hues, fir mir ze schreiwen.Ech äntwerten nëmme generell, ginn also net op déi verschidde Punkten an; souwisou wäert ech an den näechsten Deeg (oder Wochen) nach emol op de Sujet zeréckkommen. Du ënnerstells mir- an domadder jidfer Klimaskeptiker, sech den einfache Wee erauszesichen, fir net brauchen hire Liewensstyle ze änneren! Kenns Du deen dann iwwerhaapt? Et ass eigentlech näischt aaneschters behaapt, ewéi datt ee muss Klimafrenetiker sinn, de ganze Rescht vun der Populatioun spillt op der Gei, während d’Schëff ënnergeet. Ech ginn d’Saach méi realistesch unn: et ass besser, Millioune Leit maachen eppes Klengs, ewéi datt just e puer dausend extreem vill ënnerhuelen. Esou gehéiert dat neit Wuert “Schamfliegen” zu enger moderner Topegkeet, déi hoffentlech nees geschwënn vergiess ass. Wat den Ënnerscheed tëscht de Croisèresschëffer an den Auto betrëfft: jo kloer, ass et keen CO2, ma Schwefeloxid, ma deen Ament hunn ech de ganze Knascht gemengt, deen vum Mënsch an d’Atmosphäre geblose gëtt.
      De Bréif ass konziliant un d’Adress vun de Jugendleche geduecht: och e Klimaskeptiker ka bereet sinn – ouni Populist ze sinn- eppes fir d’Ëmwelt ze maachen. Loss Dir et weider gutt goen. Léif Gréiss

  2. Chrëscht Beneké

    ReBonjour Guy,
    Merci fir deng léif Äntwert.
    Ech ginn dir an denger Rechnung mat de “Milliounen eppes Klengs, ewéi puer dausend extrem vill” Recht a gesi mech och éischter als Pragmatiker wéi Dogmatiker. Wëll ech bis elo wéineg bis näischt Konkretes fannen, wat d’Konklusioune vum lëschten IPCC-Resumé zu den 1,5 Grad widderleet – a weder d’finanzstaark Äerdueleg-, Kuel- oder Autosindustrie an och déi net ganz aarm erduelegproduzéirend Länner hu bis elo nennenswäert Feeler (ok, a +30 Joer ënnert 10.000de eng (1!) falsch Studien zum Schmelze vun den Himalaya-Gletscher) fonnt – hoffen ech alt, dat vill Klenges duer geet fir den Accord vu Paräis ze iwwertreffen. Wann ech dem seng Virgabe kucken, déi wahrscheinlech mol net duer ginn a bis elo vu de mannsten Natiounen agehale ginn, gesinn ech allerdéngs net, wéi dat mat Klengem soll funktionéieren.
    Ech freeë mech op jidder Fall, vun dir weider zu dem Sujet ze héieren.
    Léif Gréiss zréck,
    Chrëscht

Verloossen eng Äntwert

Required fields are marked *