Recent Posts

Post Categories

Pandemie-Politik: Eng Enquête-Kommissioun zu Lëtzebuerg? 
No all där Opreegung ëm déi vill schlëmm a manner schlëmm Konsequenzen ëm deen ominéisen Topic „Pandemie “ an och...
Zirkus an der Politik ronderëm den Atom 
Gebongt. D’Aussoen vum Premier Luc Frieden a vum Ëmweltminister Serge Wilmes iwwer déi lëtzebuerger Atomstrategie koumen zum falschen Ament an...
Frank Bertemes: Rettet das Saatgut! 
„Die Rettung der Menschheit besteht gerade darin, dass alle alles angeht.“ —  Alexander Solschenizyn Wenige Dinge sind so kostbar und...
Atmosphäresch Virkrichszäit 
Mir liewe momentan e bësselchen an der Ambiance vun “1938”. Deemools wosst den informéierte Mënsch ganz genee, datt eppes Gréisseres...

Blog Post

Gesondheet

Antivirus-Masken: wat stécht politesch derhannert? 

Antivirus-Masken: wat stécht politesch derhannert?
Image par Vesna Harni de Pixabay

D’Regierung huet bis elo villes – net alles- richteg gemaach am Krisemanagement! Iwwer dat, wat net esou riicht leeft, gëtt -aus Solidaritéit- gnädeg ewech gekuckt. Dat kann allerdéngs séier ëmschloen. Spéitstens dann, wann d’Wirtschaftskris zouschléit, eng Saach vu maximal e puer Wochen. Et hängt villes vun hirer Kommunikatioun of. D’Lëtzebuerger Wort léisst do an engem längeren Interview en Expert zu Wuert kommen, de Pedro Castilho, e sougenannten Trainer fir ëffentlech Optrëtter.

Dee Mann seet ënnert anerem: “ Keiner der Minister tritt aus der Reihe oder widerspricht dem anderen. Die Regierung tritt als Einheit auf, es gibt keine Polemiken”. Dat stëmmt. Awer nëmmen esou laang, wéi een d’Optrëtter fir sech aleng hëlt a wou een net Hannergrondinformatiounen huet.

Den Optrëtt vum Staatsminister gëschter war bei wäitem net esou iwwerzeegend, wéi déi Kéiere virdrun: weder dat Verbaalt, nach d’Gestik a scho guer net den Inhalt. Vun de Schoulen ofgesinn, huet sech net vill geännert. Datt de Bausekteur an d’Handwierk nees lues un d’Rulle kommen, war gréisstendeels gewosst. Datt de Baumaart nees opgeet – wuel fir de Koller vu verschiddene Männer ze berouegen- an datt zugläich déi aner Geschäfter net däerfen ophunn, ass schwéier ze verstoen, et sief, et léisst een de Prinzipp gëllen vun der gréisster Virsiicht. A Punkto Masken gëtt et par contre méi ze soen.

De Xavier Bettel huet et esou formuléiert: “op deene Plazen, wou d’Distanzpflicht vun 2 Meter net kann respektéiert ginn, ass esou e Mondschutz obligatoresch. Dat kann eng Mask sinn, e Buff oder e Schal”.

image credit: outdoor magazin

Also an anere Wieder: duerch Bësch a Grousgaass kann ech ouni Mask trëppelen, soubal ech awer bei de Bäcker, an d’Metzlerei oder an de Supermarché ginn oder mech op engem ganz enken Trottoir beweegen, muss ech dat Stéck Stoff/Plastik iwwer Mond an Nues strëppen. Hien hätt grad esou gudd kënne soen: d’Mask gëtt obligatoresch. Hätten an haten sinn allerdéngs zweeërlee Puer Schong! D’Genossen hunn e Probleem mat där obligatorescher Mask; dofir geet dann och e banale Schal oder e Buff duer. Wat engem iergendwéi lächerlech virkënnt.

“…eng Hokus-Pokus-Iwwerraschung, déi de Gemengen op d’Schlappe geet!…”

Nach d’lescht Woch hat de Staatsminister de Gemengesyndikat Syvicol dermatter chargéiert, sech ëm d’Commande vun de Schutzmasken ze këmmeren. Gëschter gouf hie bekannt, datt de Staat zig Millioune Stéck bestallt hätt an datt déi um Weekend, wahrscheinlech e Sonndeg déiten ukommen. Fir jidfer Bierger ass e Kit mat 5 Masken souzesoen reservéiert. Et wär elo un de Gemengen, sech ëm d’Verdeelen ze këmmeren.

A wéi sollen d’Gemengen dat maachen? Grad déi grouss Kommunen kënnen net iwwer Nuecht de porte-à-porte maachen!

Gefickt eingeschädelt kéint ee soen. D’Buergermeeschteren haten de Bettel déi lescht Woch genervt, da sollen si elo kucken, datt si eens ginn! Also just taktescht Geplänkels oder awer Ausdrock vu Gewurschtels am Chaos?! Ma fir op d’Kommunikatioun vun der Regierung zeréck ze kommen: et bleiwen jo awer Froen! E Kit vu 5 Exemplairen geet fir eng Persoun, déi schaffe geet, maximal fir 5 Deeg duer.

A wéi geet et duerno weider? An der zoustänneger Chamberkommissioun huet de Staatsminister vun engem “one shot” geschwat. Et ass also dervunner auszegoen, datt duerno jidderee selwer muss no sech kucken. Dat hätt awer mussen an der Ëffentlechkeet gesot ginn! Onbedéngt! Well, ween op Amazone bestellt, gëtt op Liwwerung fréitstens Mëtt Mee vertréischt.Et wär also héich un der Zäit! Et hätt och eppes mussen un d’Adresse vun den Apdikte gesot ginn, déi quasi forcéiert géife ginn, där Masken massiv ze stokkéieren an net mam Präiss ze iwwerdreiwen.

Ech war de Moien e Kit an d’Apdikt kafen. 6€91, also 1€ 38 d’Stéck. C’est de l’or, krut ech verséchert. A wann keng méi do sinn, da wéinstens e gudde Buff!

Related posts

Verloossen eng Äntwert

Required fields are marked *