Recent Posts

Post Categories

Pandemie-Politik: Eng Enquête-Kommissioun zu Lëtzebuerg? 
No all där Opreegung ëm déi vill schlëmm a manner schlëmm Konsequenzen ëm deen ominéisen Topic „Pandemie “ an och...
Zirkus an der Politik ronderëm den Atom 
Gebongt. D’Aussoen vum Premier Luc Frieden a vum Ëmweltminister Serge Wilmes iwwer déi lëtzebuerger Atomstrategie koumen zum falschen Ament an...
Frank Bertemes: Rettet das Saatgut! 
„Die Rettung der Menschheit besteht gerade darin, dass alle alles angeht.“ —  Alexander Solschenizyn Wenige Dinge sind so kostbar und...
Atmosphäresch Virkrichszäit 
Mir liewe momentan e bësselchen an der Ambiance vun “1938”. Deemools wosst den informéierte Mënsch ganz genee, datt eppes Gréisseres...

Blog Post

Finanzen

Fit fir an d’Faillite? 

Fit fir an d’Faillite?
Image par Anastasia Gepp de Pixabay

de Wirtschaftsminister Franz Fayot huet e Plang. Hie wëll de Betriber hëllefen, déi a Schwieregkeete sinn. Gutt esou, Hällege Martin! Ma et héiert ee vill Gegrommels aus Wirtschaftskreeser, grad déi kleng oder mëttel Betriber – dacks nach an der Hand vun enger Familljen- sinn onzefridden.

De Minister kënnt mam Programm: fit 4 resilience. Betriber déi a Schwieregkeete sinn, sollen eng consulting Gesellschaft zur Säit gestallt kréien: e Berooder steet fir si bereet fir en Zäitfënster vun 5 bis 25 Deeg.

Image par Igor Link de Pixabay

Gutt gemengt ma grad fir déi kleng Gesellschaften wéi an de Mo gespaut! Wat soll esou e Beroder scho villes dëse Leit erklären? Datt 2 Méint Akommes feelen? Dat misst de Patron wuel selwer nach erausfannen. Handelt et sech heibäi net éischter ëm eng Infantiliséierung, Patronen déi Joer laang d’Staang riicht gehalen hunn, ginn wéinst enger Kris fir déi si keng Schold droen, fir mannerjähreg erkläert?!

E Beroder setzt sech virun de Computer a mécht en Excel-sheet op. Dat ass seng Manéier fir un d’Problematik erunzegoen. Dat kann hëllefen, awer meeschtens just fir méi grouss Gesellschaften. Déi méi kleng Betriber mussen sech mat Froen ofginn: wéi kann ech d’Verloschter vun zwee Méint ( op d’mannst!) nees gutt maachen? Wéi kann ech wat verkafen, wann ech an den nächste Méint mol iwwerhaapt keng nei Wuer geliwwert kréien?

Image par Gerd Altmann de Pixabay

virun allem ass de Consultant net gratis. Den Asaaz vu Costume-cravatte kann awer duerchaus tëscht 20.000 a 50.000 Euro kaschten. De Staat iwwerhëllt zwar d’Halschecht dovunner, ma da bleiwt fir de Betrib ëmmer nach genuch aus eegener Täsch ze berappen, ëmsou méi, wou et deem Betrib jo souwisou net gutt geet, well sos hätt hie jo keng Hëllef néideg gehat!

De Minister misst an der Ëffentlechkeet erklären, weem hien mat dësem Programm wëll hëllefen! Deene klenge Betriber mat Sécherheet net! Am leschten Koalitiounsofkommes gëtt vun der Regierung op e wirtschaftlechen Opschwonk tabléiert iwwer den Zäitraum vun där ganzer Legislaturperiod, also iwwer 5 Joer. No der Pandemie gesäit alles aneschters aus: de Statec geet vun engem Minus aus vum Bruttoinlandproduit an der Gréisstenuerdnung vun 12 Prozent!

Déi, déi d’Täschen bis d’Enn vum Joer gefëllt hunn, sinn d’Consulting-Gesellschaften: d’fat four hunn hiren Numm net geklaut!

 

 

Related posts

Verloossen eng Äntwert

Required fields are marked *