Recent Posts

Post Categories

Pandemie-Politik: Eng Enquête-Kommissioun zu Lëtzebuerg? 
No all där Opreegung ëm déi vill schlëmm a manner schlëmm Konsequenzen ëm deen ominéisen Topic „Pandemie “ an och...
Zirkus an der Politik ronderëm den Atom 
Gebongt. D’Aussoen vum Premier Luc Frieden a vum Ëmweltminister Serge Wilmes iwwer déi lëtzebuerger Atomstrategie koumen zum falschen Ament an...
Frank Bertemes: Rettet das Saatgut! 
„Die Rettung der Menschheit besteht gerade darin, dass alle alles angeht.“ —  Alexander Solschenizyn Wenige Dinge sind so kostbar und...
Atmosphäresch Virkrichszäit 
Mir liewe momentan e bësselchen an der Ambiance vun “1938”. Deemools wosst den informéierte Mënsch ganz genee, datt eppes Gréisseres...

Blog Post

Gesellschaft

Den Harry Potter an d’Persoun, déi d’Reegel kritt! 

Den Harry Potter an d’Persoun, déi d’Reegel kritt!
Image par judithbrodnicki de Pixabay

déi artistesch Mamm vum Harry Potter ass an de Labyrinthen! D’Madamm Rowling hat et jo net gewot, enger Wëssenschaftlerin de Réck ze stäipen, déi un de biologesche “Fakt” erënnert huet, datt e Mann keng Fra ka ginn. Séier war d’Welt an de soziale Medien ze kleng an d’Schöpferinn vum Harry gouf vu verschiddene Säiten als Transphobin dohinner gestallt. D’Twittersphär koum nach méi un d’Kachen, wéi si de Spunnes gemaach huet mam Term: Persounen, déi d’Reegel kréien. Déi total Inclusioun also. Mat abegraff déi Persounen, déi am falsche Kierper op d’Welt koumen an déi hiert Geschlecht ännere gelooss hunn.

Mat enger gewëssener Ironie huet si op d’Twitter d’Remark gemaach: ech sinn sécher, datt et fir esou Persounen virun der Covid-Kris een Term dofir gouf. Hëlleft mir mol! War et Frä? Oder war et Frii? ET geet hir net drëm, de Geck mat dëse Leit ze maachen, ma éischter ëm den ideologesche Krich am Vokabulär an an der Grammär! Dobäi ass et evident, datt een déi Transsexuell soll hiert Liewe maache loossen a si voll respektéieren.

De franséische Planing familial bréngt et awer fäerdeg, an enger Publikatioun iwwer d’Menstruatioun keng eenzeg Kéier de Begrëff “Fra” ze benotzen. D’Abnousse Shalmani -jo! Eng Fra!- schreift am l’EXPRESS (No 3627):“…,mais que, soudain, dire les femmes ont leur règle se transforme en une insulte envers la minorité transsexuelle me laisse d’autant plus perplexe que les mêmes qui s’insurgent contre la réalité biologique militent pour adapter les médicaments aux spécificités féminines réelles”.

Oder de Sylvain Fort: “…le planing familial qui ne parle plus de femmes, mais de personnes qui ont un utérus et écrit: Il est important de te renseigner sur les moyens de contraception(…) pour ne pas tomber enceint.e” (sic). Dee Mann huet säin Artikel (L’EXPRESS No 3627) dann och iwwerschriwwen: 2020 ou l’année de la régression intellectuelle!

 

D’Akademie vun den Oscaren muss sech och ëmstellen, zum Beispill wat d’Critèren fir de beschte Film vum Joer betrëfft. Et muss an deem Film ëm e geneeë Prozentsaz vu Minoritéiten an hir respektiv Probleemer goen. D’Madamm Shalmani schreift am l’EXPRESS Nr 3614: “A l’instar du réalisme socialiste, le créateur n’a plus la liberté de choisir son sujet, mais doit contenter l’idéologie antiraciste et antisexiste. Adieu liberté artistique! Adieu muse inspiration! Adieu Art! Et erënnert mech un däischter Zäiten, wéi Bicher a Filmer zu Lëtzebuerg op den INDEX gesat goufen: politesch net korrekt an eng Grëtz Sex goungen duer, virun allem de Vertrieder aus der kathoulescher Kierch, fir d’Wierk an der Ëffentlechkeet ze verbidden!

“…Le souci avec la nouvelle censure, c’est qu’elle s’attaque au sous – entendu, allant jusqu’à inventer des intentions criminelles….”

an et huet sech nach eppes geännert. Fréier koum den Drang no Zensur vun uewen erof, also vun deenen, déi un der politescher an/oder un der ideologescher Muecht waren- wéi d’kathoulesch Kierch zum Beispill. Haut kënnt dee Wonsch no Zensur aus dem Vollek selwer. Selbstzensur also. Wien sech net drun hält, kënnt an de Goulag mam Numm “shitstorm”!

Iwwer Rassismus soen ech als Wäissen léiwer näischt, well et gëtt gären falsch interpretéiert, alles op d’Kaart gesat vum schlechte Gewëssen vis-à-vis vun de Schwaarzen.. Iwwer Sexismus soen ech als Mann och léiwer näischt ze vill, well no Joerdausendaler Ënnerdréckung vun der Fra ass onserengem de Macho an d’Blutt, an d’ADN iwwergaangen.“…il apparaît que nous sommes en faute, non à cause de nos opinions et de nos choix, mais à cause de notre ethnie ou de notre genre, donc à l’insu de nous-même.” Da schaafe mir am Beschten d’Genren of a setzen an d’Plaz – esou wéi et d’Beweegung queer proposéiert- eng Abberzuel vu sexuelle Kategorien!

Wär et net méi effikass, et géing een vum Axiom ausgoen: d’Mënscherechter sinn déi nämmlecht fir jiddereen?! Déi identitär Sprooch ass näischt aneschters wéi Gesënnungsvokabulär. Deejéinegen, dee se benotzt, stellt virun allem sech selwer an d’Vitrinn…

Related posts

Verloossen eng Äntwert

Required fields are marked *