D’Astrid Lulling huet zwar 92 Joer, ma ass ëmmer nach gutt drop. Op Schlass Bierg war si sech virun 30 Méint mat der Grand-Duchesse Maria Teresa an d’Hoer geroden. Et goung am eegentleche Sënn vum Wuert ëm Fraegeschichten. Ëm Fraerechter. Dat Gespréich am Summer hat – die Wege des Herrn sind unergründlich!- seng Konsequenzen den Hierscht drop. D’Madamm Lulling an hir Fédération nationale des femmes luxembourgeoises gouf am Conseil National des Femmes virun d’Dir gesat. Si huet net laang gezéckt a sech en Affekot geholl. 2 Joer méi spéit krut si Recht.
der Grand-Duchesse goung et deemools wéi gesot ëm d’Fraerechter, also och ëm hir eege Rechter, a virun allem als Fra un der Säit vum Grand-Duc. An deem Gespréich war si der Meenung, zu Lëtzebuerg wär et net wäit hiergeholl mat deene Fraerechter, wat natierlech eng riicht op de Bak war fir all déi Fraen, déi sech déi lescht 50 Joer fir d’causa femina agesat hunn.
Et muss nawell héich hiergaange sinn, well d’Madamm Lulling huet der Grand-Duchesse en echte Verglach virgehalen: an der Ranguerdnung vun der Monarchie däerf d’Fra vun engem Kinnek sech Kinigin nennen; steet awer de Mann zur Säit vun enger Kinigin, däerf deen sech just Prënz nennen. E flagrante Fall vu Sexismus!
Méi Detailer aus deem Gespréich waren net gewuer ze ginn. D’Alentouren vun der Grand-Duchesse dementéieren formell, datt d’Madamm selwer sech un de Conseil National des femmes geriicht hätt fir hiert Leed ze kloen, esou wéi ech et an engem éischte Worf geschriwwen hat. Virun zwee Joer hat ech an engem aneren Artikel e.a. drop higewisen, datt déi zwou Madammen sech drop gëeenegt haten, datt hiert Gespréich sollt confidentiell bleiwen. An nawell goung déi Geschicht vu Mond zu Ouer weider an am Hierscht war Versammlung vum CNFL an do gouf dem Astrid Lulling hir Federatioun aus dem Daachverband ausgeschloss.
Wéi gesot, déi fréier Politikerin huet sech gewiert, goung op d’Geriicht a si krut an engem ganz rezenten Urteel elo Recht. Dat heescht näischt aneschters ewéi datt hiren Ausschloss rechtswiddereg war. D’Exklusioun vun hirer Federatioun ass mam Verdikt annuléiert ginn. Also ass d’Federatioun, déi an der Zäit vun der Madamm Liliane Thorn-Petit an d’Liewe geruff gi war, nees vollwäertege Member vum Consel national des femmes.
Et sief, dee géing an Appell goen. Ma da wier et wierklech fir d’Flemm ze kréien!