D’Banken hunn an der Affaire Caritas de schwaarze Péiter gezunn, ass d’Iwwerschrëft op rtl.lu vum Finanzexpert Claude Arend senger Analyse. D’Enquête ass nach am gaangen, ma gutt, datt déi Schëlleg elo scho fonnt sinn. Op d’Banken gëtt och vun anere Säite gewisen, vu Politik, vu Gewerkschaften…vun net komplett desinteresséierte Kreesser. An do ass System derhannert!
Et gëtt vun der Geleeënheet profitéiert fir d’Banken nach méi an den Eck ze drécken, si nach méi mat Reguléierungen, Gesetzer, europäeschen Direktiven z’erstécken. Dobäi besteet jo elo schonn net dee geréngste Problem, de Banken säfteg op d’Fanger ze klappen fir de Fall, wou si tatsächlech sollten eng Mat- oder eng Haaptschold droen. Kriminell Energie ass ëmmer an iwwerall méiglech, grad esou den dolce far niente, d’non-chalence, d’Lidderegkeet. Wa sech dat eent oder dat anert sollt confirméieren, da bestinn Méiglechkeete genuch, Sanktiounen ze ergräifen. Déi éischt virbäi wäert deen Ablack d’CSSF sinn. Nach kierzlech war d’Banque Générale wéinst enger Blanchiment-Affaire fatzeg sanktionéiert ginn
D’Caritas-Geschicht misst eigentlech fir d’éischt mam Fanger op d’Responsabilitéit vum Verwaltungsrot weisen….an zwar vu ville Verwaltungsréit wou dacks Politiker a Gewerkschafte sëtzen. Läit net do d’Kromm an der Heck? Wat mécht zum Beispill e Fraktiounschef vun enger gréisserer Partei am Conseil vun RTL? Versteet deen iergend eppes vu Mediepolitik? Huet deen Zäit genuch, d’Milliardegeschäfter vum Betrib ze hannerfroen, ze iwwerwaachen? An all deene Joer wou ech fir den OGBL Delegatiounspresident war a President vum europäesche Verwaltungsrot (Salariatssäit), gouf ech net eng eenzeg Kéier vun engem vun deenen Hären kontaktéiert.
Et huet een et lafe gelooss an niewebäi Tantiemen agesäckelt. Et geet mir net drëm, de Politiker Suen ewechzehuelen, ma fir ze verdäitlechen, datt dacks Leit an engem Verwaltungsrot sëtzen déi vun Tuten a Blose keng Anung hunn. Wat maachen zum Beispill Gewerkschaftler an enger SNCI (national Kredit- an Investitiounsgesellschaft)? Wëssen di wierklech Bescheed, sinn hir Fachkenntnisser esou grouss, datt si selbstänneg an onofhängeg kënne matschwätzen, kritesch Froe stellen, op eventuell Problemer hiweisen? Ech fäerten net!
Huele mir de soziale Beräich. Wien an deem Secteur schafft, soll duerchaus sozial Kompetenze kënnen opweisen. Wien awer an deem Secteur an engem conseil d’administration sëzt, muss aner Qualifikatiounen hunn. Déi Persoun ass gebieden ze wëssen, wéi een e Bilan liest. Wann net, ass hie gebieden a Formatioun ze goen. Wa Gewerkschaftler an engem Verwaltungsrot sëtzen vun enger Klinik, hu si zu 99,9 Prozent keng Anung vu Chirurgie, vun Aarbechtsopdeelung an den Urgencen asw. Si solle awer en A op Einnamen an Ausgaben halen: wou ginn rout Zuele geschriwwen, wou ginn d’Suen zur Fënster erausgepucht, wéi a wou kann een et besser maachen? Ouni engem wollen ze nozetrieden, zweiwelen ech dach un deene Leit hire Kompetenzen.
Dat gëllt och fir am méi Klengen, ewéi zum Beispill fir eng Ëmweltschutzorganisatioun. Do siegéieren nawell gären Gutmenschen, déi kenger Flou ee Leed undinn, déi eppes vun Ëmweltschutz verstinn, awer méi Anung hunn vu Gen- ewéi vu Geldmanipulatioun.
A wann et bei der Luxair reegelméisseg zu Verspéidunge kënnt wéinst enger technescher Pann oder well et net genuch Pilote gëtt, dann ass d’Haaptschold am Verwaltungsrot ze sichen, deen éischter hätt reagéieren an ë.a. de Kaf vun. neie Fliger decidéiere mussen.
D’Kréinung vun dësen Iwwerleeungen ass VW an Däitschland. Och an deem Betrib siegéieren Politiker a Gewerkschaften, si hätte mat 20 Prozent esou guer eng Spärminoritéit. Fir sech de schéine Männchen ze maachen, hu Politiker a Gewerkschaftler äusserst generéis Kollektivverträg gutt geheescht. Elo huet VW Problemer. D’Ween gi manner gutt verkaf, well d’Elektromobilitéit net esou richteg wëll unzéien. Donieft si VW-Autoen am internationale Konkurrenzkampf ze deier….wéinst héije Paien. Personal misst entlooss ginn, Retter an der Not wier ënner Ëmstänn d’Politik…ausgerechent déi, déi déi lescht Joer am Verwaltungsrot komplett versot huet.
Rebelote zu Lëtzebuerg. Dacks gi Leit vum Papa Staat an d’Verwaltungsréit geschéckt. Héijer Staatsfonctionnairen, Gewerkschaftler, bekannte Perséinlechkeeten. No de Kompetenzen gëtt net weider gefrot. Ech hunn de Verdacht, datt gréisstendeels de Motto gëllt: eng Hand wäscht déi aner. Ech ginn Dir eppes an Du kënns mir bei der nächster Geleeënheet och entgéint. La République des camarades! Dat geet esou laang gutt bis d’Kand am Pëtz läit
Esou bäisst sech d’Kaz an de Schwanz. D’Affaire Caritas trëfft voll an d’Häerz de Prinzip vun der compliance, fir déi eleng de Verwaltungsrot vun enger Gesellschaft verantwortlech ass (Der Begriff Compliance stammt aus dem Angloamerikanischen und bedeutet übersetzt so viel wie Rechtstreue bzw. Regelkonformität. Inhaltlich wird hierunter die Pflicht des Vorstandes verstanden, für die Einhaltung bindender Bestimmungen im Unternehmen Sorge zu tragen.)
Et ass deemno um Conseil fir ze iwwerwaachen, datt am Betrib Gesetzer, Virschrëften an eventuell ethesch Standarden agehale ginn. Also net direkt de Banken de ganze Laascht vun der Schold zouschousteren, ma och no de Responsabilitéiten an de Verwaltungsréit froen!