Recent Posts

Post Categories

Pandemie-Politik: Eng Enquête-Kommissioun zu Lëtzebuerg? 
No all där Opreegung ëm déi vill schlëmm a manner schlëmm Konsequenzen ëm deen ominéisen Topic „Pandemie “ an och...
Zirkus an der Politik ronderëm den Atom 
Gebongt. D’Aussoen vum Premier Luc Frieden a vum Ëmweltminister Serge Wilmes iwwer déi lëtzebuerger Atomstrategie koumen zum falschen Ament an...
Frank Bertemes: Rettet das Saatgut! 
„Die Rettung der Menschheit besteht gerade darin, dass alle alles angeht.“ —  Alexander Solschenizyn Wenige Dinge sind so kostbar und...
Atmosphäresch Virkrichszäit 
Mir liewe momentan e bësselchen an der Ambiance vun “1938”. Deemools wosst den informéierte Mënsch ganz genee, datt eppes Gréisseres...

Blog Post

Innepolitik

Demissiounen an der Regierung: no 3 kënnt 4? 

Demissiounen an der Regierung: no 3 kënnt 4?
gouvernement.lu

 

Kann ee wuel denken! D’Stëmmung an der Regierung ass am Äiskeller! Déi verschidden Equippen goufen an de leschte Wochen wéi duerch en Zyklon duerchgerëselt: de Premier steet zanter Wochen an engem schlechte Liicht wéinst Gefuddels a senger Studentenzäit op der Uni an hie gouf dowéinst ofgestrooft an enger Ëmfro. Copy-paste -pardon!- fir d’DP-Presidentin Corinne Cahen, déi schonn fir d’zweete Kéier hannerteneen massiv u Sympathie an u Kompetenz bei de Leit verluer huet. D’Kiischt um Kuch war schliisslech d’Demissioun vum Finanzminister Gramegna.

Götterdämmerung also bei de Liberalen, déi probéieren esou séier wéi méiglech den zerbrachenen Parzeläin ze pechen. Net esou einfach de Finanzminister ze ersetzen. Wien ass scho bereet, dee Posten fir e mickregt Gehalt – am Verglach mam Privatsecteur- unzehuelen, grad an dësen Zäiten wou d’Pandemie enorme Schued an den ëffentleche Finanzen hannerlooss huet a wou d’Politik mat der Strenz muss fir Joren an den Eck gestallt ginn?!

D’Yuriko Backes soll de Buttek schmäissen, déi di lescht 19 Méint Haffmarschall war. Respekt! E Mediecoup, deen doranner besteet, datt eng éischte Kéier eng Fra sech op deem Posten ka beweisen. Betount fortschrëttlech also. Dobäi ass et net eng Fro vu Geschlecht, wuel awer vu Kompetenzen, an der Madamm Backes bleiwen maximal 18 Méint, fir ze weisen wat si kann. A Saachen Finanzen an och a Saachen Politik. Si ass réischt viru Kuerzem Member ginn an der DP a muss 2023 standfest genuch sinn fir mat an d’Wahlen ze zéien.

Atmosphäresch schéngt et och nach ëmmer net ze klappen tëscht dem Premier a senger Gesondheetsministesch. D’Paulette féiert zwar wéi eng Kinnigin de Politmonitor un an ass och nei Vizepremierministesch, ma mécht net d’Unanimitéit an der LASEP. Déi demissionär Ministeren Romain Schneider an Dan Kersch hannerloossen e grousst Lach, deen een wat d’Sympathie betrëfft, deen aneren déi politesch Kompetenzen.

D’Enn vun desem Mount soll de Verdikt falen op der Uni Nanzeg wat d’Geknäips vum Student Bettel ugeet. Esou laang sëtzen déi Liberal wéi op Kuelen, verschiddener mengen ze wëssen, do kéim nach eppes no, an da wär et gelaf mat Gambia II. Wat dat da soll sinn? freet een esou Parteimemberen an da kritt ee keng Äntwert. Just Zukunftsängschten vu Parteileit déi den Däiwel un d’Mauer molen an hire Veräin schonn an der Oppositioun gesinn?

déi Gréng hu sech an de leschte Wochen net weider gemuckst, nom Motto: mir sinn en treien Alliéierten an der Dräierkoalitioun. Dobäi misst jo och e gewëssene Fränz Bausch iergendwann eng Decisioun huelen. Den Tram-Minister hat schliisslech ugekënnegt, net nach eemol mat an d’Wahle ze goen fir Minister ze ginn, héchstens nach fir Deputéierten ze spillen. Wëll hien säi Mandat an der Regierung ganz bis un d’Enn féieren?

Säin eventuellen Nofollger brauch e Virlaf vun op d’mannst 12 Méint, fir iwwerhaapt eng Chance ze hunn bei den nächste Wahlen. De Fränz misst also am Laf vun den nächste Méint säi Récktrëtt ukënnegen. Wie soll deen Nofollger(in) sinn? E Realo wéi de Bausch oder éischter vum lénke Flillek? Den abléckleche gréngen Vizepremier huet allemol ugekënnegt, no den nächste Wahlen nach just déi zweet Gei wollen ze spillen. Et geet also och ëm eng politesch Reorientéierung vun der Ëmweltpartei!

De Felix Braz -ëmmerhin de Schmadd vu Gambia II- ass aus bekannte Grënn eraus aus der Politik. Claude Turmes a Carole Dieschbourg sinn wéineg beléift beim Wieler, den Henri Kox schéisst sech warscheinlech selwer of. Mam Bausch géing der Partei eng weider wichteg Stäip verluer goen. Um grénge Flouer bléif dann nach eleng d’Sam Tanson.

Bei all de Parteien fänkt d’Personaldecken un dënn ze ginn. Dat ass bei der CSV net besser. Mam Ënnerscheed, datt et d’Regierung ass, déi d’Land soll féieren! Kloer. Et soll een neie Leit eng Chance ginn, ma si brauchen Zäit sech anzeschaffen. Déi 3 Nei, Backes, Haagen an Engel mussen sech begannen. Vum Gambia-Schal ass net méi vill Stoff iwwereg, de François Bausch ass sech dees wuel och bewosst.

20 Méint mussen nach gepackt ginn. Eng Éiwegkeet a Krichszäiten!

Related posts

1 Comment

  1. marc

    même s’il n’y a plus que 10% de votes valables du peuple, alors on aura encore toujours un gouvernement même si 90% sont des votes blancs ou abstentions …

Verloossen eng Äntwert

Required fields are marked *