Recent Posts

Post Categories

Pandemie-Politik: Eng Enquête-Kommissioun zu Lëtzebuerg? 
No all där Opreegung ëm déi vill schlëmm a manner schlëmm Konsequenzen ëm deen ominéisen Topic „Pandemie “ an och...
Zirkus an der Politik ronderëm den Atom 
Gebongt. D’Aussoen vum Premier Luc Frieden a vum Ëmweltminister Serge Wilmes iwwer déi lëtzebuerger Atomstrategie koumen zum falschen Ament an...
Frank Bertemes: Rettet das Saatgut! 
„Die Rettung der Menschheit besteht gerade darin, dass alle alles angeht.“ —  Alexander Solschenizyn Wenige Dinge sind so kostbar und...
Atmosphäresch Virkrichszäit 
Mir liewe momentan e bësselchen an der Ambiance vun “1938”. Deemools wosst den informéierte Mënsch ganz genee, datt eppes Gréisseres...

Blog Post

Gesellschaft

Bravo Dir Impfgéigner a -skeptiker! 

Bravo Dir Impfgéigner a -skeptiker!
rtl.lu

 

dir hutt et bannent Minutte fäerdeg bruecht, vill Leit géint Iech selwer opzehetzen! Dobäi bedauert grad Dir, datt an dëse Pandemiezäiten d’Gesellschaft gespléckt gëtt. Dir hutt vill dozou bäigedroen, an ech sinn entsat iwwert Är Gedanken, nach vill méi iwwert Är Methouden.

Ganz um Ufank vum Virus-Debakel hunn ech eng Partie Lieserbréiwer vu Skeptiker publizéiert: si waren an enger raisonnabeler Sprooch geschriwwen a koumen déi Zäit leider net an den offizielle Medien ënnerdaach. Et waren Iwwerleeungen vun enger besuergter Spillschoulsjoffer, vun engem Schoulmeeschter, vun  enger Mamm asw. Et goung deemools vill ëm d’Mask, ma awer och ëm de PCR-Test.

Lues a lues goufen déi Texter vun enger Ideologie zersat, d’Ideologie vum Affer an Held zugläich. Dir sidd an d’Resistenz gaangen a pecht Iech de Juddestär op d’Broscht. Dat kënnt engem deplasséierte Juddewitz ganz no. De Judd gouf virun 90 Joer jo gezwongen, dee Stär ze droen, als Zeechen vun engem Aussätzegen. Dir awer pecht Iech deen houfereg selwer op. E Riesenënnerscheed, deen trotzdeem wuel fir verschiddener vun Iech ze reng ass. Är Radikaliséierung an de soziale Medien goung hire Wee.

ech hat an ech hunn (nach ëmmer) vill Versteesdemech fir Leit, déi Angscht hunn sech impfen ze loossen. Ech war och op ville Punkten net mat der ligne éditoriale vun de Medien averstanen. Ech hunn allerdéngs ni e konspirative System derhannert gesinn, grad wéi wann Bill Gates an d’Pharmaindustrie all eenzelem Minister a  Chefredakter ugeruff hätten, fir hien mat Bestiechung vu Virus a Vaccinatioun ze iwwerzeegen! Bond…James Bond.

Dir fillt Iech an den Eck gedréckt an ech kann et verstoen. Dir sidd queesch, well Dir wësst, datt Dir keen Dibbelche weider kommt. Komplett inakzeptabel ass, datt Dir zanter Deeg bei Politiker doheem passéiert an nach gëschter beim Staatsminister. Dat nennt een Aschüchterung, huet näischt méi mat demokratesche Methouden ze dinn! Och an Däitschland gouf et en änleche Spektakel: am Bundesland Sachsen goungen si virun d’Hausdier vun der Gesondheetsministesch demonstréieren, an zwar mat Fakelen a mat Trommelen.

Nieft dem Juddestär kann ech gären en anere Verglach mam leschte Weltkrich zéien: et war d’Gestapo, déi mat Fakelen an Trommelen duerch d’Gaasen gezunn ass, bis bei verschidde Leit Heem. D’Medien sinn sech eens: an Däitschland gouf d’Beweegung vun den Impfskeptiker vum extreem rietse Bord ënnerwandert: eng Geleeënheet méi, den demokratesche Staat ze schwächen. Ass dat Är Intentioun?

Dat wat gëschter zu Lëtzebuerg geschitt ass, ass schummeswäert. Dir hutt d’Land méi wéi je gespléckt, just datt elo eng ekrasant Majoritéit awer och guer kee Versteesdemech fir Iech opbréngt! Dir gidd nach méi an den Eck gedréckt. Wéi wëllt Dir weiderfueren? Nach ass glécklecherweis näischt Gréisseres geschitt, nach ass kengem ee Leed passéiert.

Warscheinlech ass den Organisateuren vun der marche blanche silencieuse d’Kontroll iwwer dat Ganzt aus den Hänn geglëtscht. Ëmmerhin koum gëschter e Communiqué um 13 Auer eraus, also eng Stonn virum Ufank- wouranner et ënnert anerem heescht:

Nous n’avons toléré aucune action violente lors des précédentes Marches et nous tenons à rassurer tout le peuple, pris aujourd’hui en otage, que nous avons pris et saurons prendre les mesures nécessaires afin d’éviter tout débordement lors de nos prochaines Marches Blanches Silencieuses.

Ce n’est qu’en restant pacifiques, solidaires et nombreux que nous pourrons vaincre la tyrannie et le néo-maccarthisme sanitaire qui s’installent sournoisement au Luxembourg.

Ech huelen dovunner Kenntniss, erwaarde mir awer eng Zort Entschëllegung. Datt d’Ministesch Corinne Cahen, bei där en Trapp vun Iech déi lescht Woch och doheem passéiert war, gëschter aus Sécherheetsgrënn mat hire Kanner d’Haus hat musse verloossen, seet jo genuch aus.

Zanter gëschter sidd Dir nach méi eleng an Ärer strikter Minoritéit!

 

Related posts

4 Comments

  1. Jean Muller

    En demokratesche Staat deen zënter Méint dobéi as fier een Drëttel vun der Bevölkerung anzeschüchtern ann elo esouguer esou wéit wëll goen fier hinnen hier Liewensgrondlag ze entzéien?
    Dier dieft Iech Aer Entschellegung béi der Regierung oofhuelen ann nët béi de Leit déi betraff an dofier roose sinn.

  2. Jean-Marie Jacoby

    chemie.de/lexikon/Ethylenoxid.html – ZWANG ZU KREBSERREGENDEN STOFFEN – WER ÜBERNIMMT DIE VERANTWORTUNG ? Wenn Nahrungsmittel mit Resten zurückgerufen werden, warum dann der Zwang zu Teststäbchen mit viel mehr drauf vom Kleinkind an? #coronadiktatur

    Dat elo emol fir ze iwerleen,m ob mir alleguerten vun der Heck gepleckt sin. Et huet keng Gefor gin fir e Premier, den iwert de Gard an d’Nopeschhaus fortgelaf as an et huet keng Gefor gin fir déi Madame, déi Altersheemer wéi Prisonge féiert. Et deet mer leed, wann Dir elo hetzt wéi de Mainstream – domm gelaf.

    Ech wier gär bereet zu all Diskussioun, just passen ech ho als Kommunist guer net an déi schéin Theorie vun de Rietsextremer. Ech trieden elo seit 50 Jar fir eng antikapitalistesch Revolutioun an – an de Lenin sot mol “Eine Revolution ist kein Deckchensticken”. Kann awer liicht sin, de real existéirende Kapitalismus leit Iech um Härz – ech wees et jo net, an dowéint wellt der net gesin, dat en um Enn as, dat sei Finanzsystem um Kippen as, an dofir kréien mir de Corona-Niwel virdrun opgezun.

    Mais bon . . . vill Spass beim Hetzen!

  3. Gilbert

    Bis virun e puer Méint wier sou eppes onvirstellbar gewiescht. Elo muss een sech awer emol froen, firwat ass et souwäit komm? A wien ass responsabel dofir? Ass et dann net d’Politik, déi mat hiren deels absurde Mesuren/Schikanen déi Leit esouwäit gedriwwen huet? Missten d’Politiker sech net emol hannerfroen, wéi wäit se eng Matschold hunn. Vill Leit empfannen déi Politik, déi elo bedriwwe gëtt, als Menace. Hei gëtt och psychesch a physesch Gewalt (vill leit hunn dem Impfdrock noginn, an hunn Niewewierkunge bis zum Doud) géint de Bierger ausgeüübt. Ass dat dann net och eng Form vun Aggressioun géint de Bierger? Kéint dat net d’Erklärung fir dat Verhale sinn?

  4. Suzy Hoffmann

    Här Kaiser, ech hat mer vun Iech eng méi nuanceiert Analyse erwaart. Do sin der e puer dérapeiert an hun d’Limit iwwerschratt. Dat dierf awer keng Ursach sin fir dei Manif ze verdaamen. Eng Manifestatioun, och wann se net genehmegt wor, déi absolut legitim ass.

Verloossen eng Äntwert

Required fields are marked *