Recent Posts

Post Categories

Pandemie-Politik: Eng Enquête-Kommissioun zu Lëtzebuerg? 
No all där Opreegung ëm déi vill schlëmm a manner schlëmm Konsequenzen ëm deen ominéisen Topic „Pandemie “ an och...
Zirkus an der Politik ronderëm den Atom 
Gebongt. D’Aussoen vum Premier Luc Frieden a vum Ëmweltminister Serge Wilmes iwwer déi lëtzebuerger Atomstrategie koumen zum falschen Ament an...
Frank Bertemes: Rettet das Saatgut! 
„Die Rettung der Menschheit besteht gerade darin, dass alle alles angeht.“ —  Alexander Solschenizyn Wenige Dinge sind so kostbar und...
Atmosphäresch Virkrichszäit 
Mir liewe momentan e bësselchen an der Ambiance vun “1938”. Deemools wosst den informéierte Mënsch ganz genee, datt eppes Gréisseres...

Blog Post

Innepolitik

De Luc Frieden am politesche Retour 

De Luc Frieden am politesche Retour
wikipedia

 

De Luc Frieden hunn ech viru ronn 45 Joer kennegeléiert. Ech hat als jonke Reporter bei RTL ugefaangen, an hie koum fir säi Vakanzestage. An eise Studentegespréicher goung et vill ëm Politik, mä awer och ëm Juristerei. Mir hunn eis duerno ni méi privat erëmgesinn an dach sinn ech villäicht net deen Objektiivsten, fir dem ‘Luc’ seng politesch Vergaangenheet ze bewäerten. Ech beschränken et haut op seng direkt Zukunft. Fir d’éischt also dat Kuerzsiichtegt.

Déi nächst puer Deeg a Wochen gëtt iwwer hien an der Press gelästert. An all Redaktioun sëtzen Journalisten déi rout oder gréng ugefierft sinn an déi munchmol e reegelrechten Haass hunn op de Luc Frieden an op d’CSV. Dat ginn si him elo ze spieren. E Mann dee mat 60 Joer probéiert am Hierscht Staatsminister ze ginn, ass dat de renouveau vun der gréisster Partei am Land? Huet déi sos näischt fäerdeg bruecht? Ass dat d’Resultat vun den interne Streidereien ronderëm d’Persoun vum fréieren Parteipresident Frank Engel?!

Hie wäert och drun erënnert ginn, datt hien als fréiere Finanzminister extrem staark op de Qatar gesat hat a virun allem, datt hien 2014 d’Bengelen bei d’Tromm gehäit hat. Wéi hien virun 10 Joer an d’Oppositioun geschéckt gouf, wär d’Politik net méi fir hien interessant gewiescht. De Bal-Staatsminister huet deemools dem Krautmaart de Réck gedréit a goung an d’Privatwirtschaft. An elo, en neien Ulaf?

De Luc Frieden hat seng Decisioun geholl mam Argument: ech sinn net fir d’Oppositiounspolitik gemaach, well ech kann net iwwer déi Politiker hierfalen, si zur Sau maachen (mäi Vokabulär), mat deenen ech virdrun 15 Joer laang an der Regierung souz a mat deenen ech am Laf vun där Zäit e frëndschaftlecht Verhältnis opgebaut hunn. Mënschlech gesinn kann een dat duerchaus novollzéien. Och politesch?

“…Wéi ass d’Situatioun elo?…”

Konnt sech de Luc Frieden bannent 10 Joer vun deene politesche Bekanntschaften lassnuebelen? Ass hie prett fir Frontal-Attacken géint de ‘politesche Feind’ ze reiden? Well eent ass sécher: d’Wahlcampagne wäert eng äusserst interessant ginn, wëll heeschen, et wäert mat alle Bandage geschafft ginn. Et huet schonn direkt gutt ugefaangen mat der Kritik vum Wirtschaftsminister Franz Fayot deen d’Vermëschung bedauert vum Luc Frieden als President vun der Handelskammer an dem Luc Frieden als CSV-Spëtzekandidat.

gouvernement.lu

Dobäi sollt jo d’Wahlcampagne eréischt a 7 Méint ufänken! De Frieden ka jo net an der chambre de commerce demissionéieren éier hien tatsächlech vun der Partei nominéiert ass!

De Franz Fayot vergësst, datt et déi nämmlecht Situatioun gouf virun 10 Joer mam Pierre Gramegna. Den Tëschefall weist, datt déi nächst Méint fir de Luc Frieden keen Zockerkichelche ginn! Hie weist awer och, datt hien als Konkurrent eescht geholl gëtt an datt hien den homme à abattre gëtt! Ass hien dozou bereet? A wéi ass et no de Wahlen: et ass jo duerchaus méiglech, jo zu dësem Ament esou guer éischter warscheinlech, datt de Luc Frieden net Staatsminister gëtt. Ass hien da bereet fir knallhaart Oppositiounspolitik? Oder zitt hien sech definitiv aus der Politik zeréck?

Mat dëse Froen gëtt de Luc Frieden direkt um Ufank konfrontéiert, an et ass vu kruzialer Bedeitung, wéi a wat hien do äntwert. Kann hien iwwerzeegen oder net? Dee Mediespektakel dauert wuel e puer Wochen, ma bis d’Fuesvakanz missten déi meescht Attacken op seng Persoun erlaanscht sinn. An da gëllt Wäitsiicht.

Den Ament gesäit et jo ganz no ë.a. dëse Spëtzekandidaten aus: Xavier Bettel (DP), Paulette Lenert (LSAP), Sam Tanson (Gréng), Luc Frieden (CSV). De Xav wëll Premier bleiwen, d’Paulette wëll et ginn. Do sinn der also schonn emol zwee aus der Regierung, déi sech zerkrazen. D’Sam wäert sech éischter bedeckt halen. An de Luc trëtt un fir der CSV zu esou vill Stëmmen ze verhëllefen, datt eng Koalitioun ouni seng Partei onëmgänglech gëtt. Wat ënnerscheet hien par Rapport zum Bettel?

bruegel

Op wat fir Themaen gëtt sech fokusséiert? De Frieden profitéiert vu sengem gudde Ruff als Finanzminister ënner dem Jean-Claude Juncker. Hien huet och de Virdeel, datt hien sech an de Matièren Finanzen a Wirtschaft gutt auskennt, wat dem Bettel säin Nodeel ass, deen éischter zu enger Iwwerflächlechkeet tendéiert. A wat nach als Sujet? Geet et och ëm Pissen ënner der Douche? Den Nohaltegkeetsrot verlaangt jo eng Diskussioun an och eng Decisioun, fir de Wuesstem vun der Nationalwirtschaft ofzebremsen. Gehéiert d’Rettung vum Planéit zum CSV-Vokabulär?

Gambia I an II hunn d’Suen zur Fënster erausgeschmass. Ass d’Spaassgesellschaft elo eriwwer? Iergendeen muss jo eng Kéier op d’Brems drécken. Wéi gesäit et steierméisseg aus, fir d’Privatpersounen, fir d’Betriber? Quid logement? Sozialwiesen? Santé? Froen ginn et genuch, et ass un der Politik -an dësem Fall um Luc Frieden- déi richteg Äntwerten ze ginn. Et erënnert e bësselchen un d’Quiz-show Jäger und Gejagter: den CSV-Spëtzekandidat ass op der Pierch a gëtt selwer gedriwwen.

Related posts

2 Comments

  1. Jean

    Frieden oder Bettel…dat schengt mer eischter bonnet blanc oder blanc bonnet ,wei eis noperen am sueden soen.
    E grengen premier braucht wierklech keen an d Paulette…bof.
    E wahlkampf deen op dem niveau net wierklech spannung versprecht…et sief dann et gif een sech fir d perseinlech ambitiounen vun dene leit interesseieren.

  2. Frank Bertemes

    Wat all déi genannte Spëtzekandidaten politësch “fabrizéieren” ass wuel näischt anëscht wéi dat, wat souwisou bekannt ass – deemno pure Polit-Einheitslook – an dat soll sou weidergoen… Vun deenen alleguer ass NULL Changement an der Linn no strikter EU-Politobedienz z’erwaarden. Et gëtt beschtefalls vu “sozial-ekologëscher” Orientatioun (vum – anscheinend – weiderhinn alternativlose Kapitalismus) schwadronnéiert, gemaach gëtt awer héchst wéineg – de “Maart” reegelt alles, all Form vun Interventionismus bleift een No-Go no EU neoliberaler Virgab – ‘t ännert sech mat deenen deemno strictememt guer näischt! Ween iergend eng Ännerung wëll, muss déi politësch Alternative wielen – entweder déi eenzeg nach verbliwwe Kraaft vun der Gauche (mat deem Numm) oder awer mol verschiddenes däitlech zum ..Fokus maachen, an de politësche Mëttelpunkt setzen, zum Schwéierpunkt maachen – an do ginn et (an den Här Engel a seng Matstreider hu recht!) divers Mëssstänn, déi dem Polit-Establishment scheinbar total egal waren oder déi sech laanscht effektiv Decisioune gedréckt hunn. A jo, ee Lic Frieden ass eng méi wéi douteus Perséinlechkeet, déi sécherlech polariséiert a senger Partei kaum vill hëlleft – éischter de Géigendeel….

Verloossen eng Äntwert

Required fields are marked *