Recent Posts

Post Categories

Wandmillen, eng Gefor a Krichszäiten 
Zanter datt d’Putin-Russen d’Ukrain iwwerfall hunn, gi militäresch Iwwerleeungen méi eescht geholl, souguer an der Ëmweltpolitik an esou guer a...
Situatioun op der stater Gare: fir Firlefanz huet d’Justiz keng Zäit 
Ewéi esou dacks spillt d’Musek an de soziale Medien. Zum Beispill op Whatsapp. Do kritt een am Text, Bild an...
Stroumpräisser: aus dem Courrier tëscht dem Wirtschaftsminister an der Biergerpartei 
Den 11. Dezember hat d’Biergerpartei dem Wirtschaftsminister Lex Delles en oppene Bréif geschriwwen: et goufen sech Suerge gemaach wéinst de...
Gesondheetssecteur: e krasst Beispill, wéi een et ka falsch maachen! 
D’Madamm Martine Deprez ass souzesoen iwwer Nuecht zu Ministeschéiere komm. D’Ressorten Gesondheet a Sozial Sécherheet leien zanter zejoert ënner hire Kompetenzen....

Blog Post

Featured

De Spunnes vun de Gewerkschaften ass Gaalgenhumor 

De Spunnes vun de Gewerkschaften ass Gaalgenhumor
Image par Gerd Altmann de Pixabay

D’Ekonomisten aus der chambre des salariés sinn och net méi dat, wat si eemol waren- Do heescht et dach tatsächlech, datt- fir dezent kënnen ze liewen- de Brutto vum soziale Mindestloun misst ëm 32,7 Prozent an d’Luucht gesat ginn.«Si l’objectif national était d’avoir un salaire minimum suffisant pour couvrir le budget de référence du Statec et donc pour mener une vie décente (autre mesure qui est implicitement proposée par la directive), alors le salaire minimum net devrait augmenter de 22%, soit une hausse de 32,7% du salaire minimum brut». Soit 3 411,62 euros pour le salaire minimum non qualifié contre 2 570,93  euros aujourd’hui. Eng Hausse vun 32,7%?

Net 32,5 oder 33 %. Nee, nee! Ganz genee 32,7. Dat wierkt seriö a virun allem mam Message: et huet ee sech just de strikte Minimum geholl. Eng Hausse vun. 2570,93 op  3411,62, also vun 840,69 Euro. Eng Bagatelle! Natierlech ka keen et de Gewerkschaftler falsch maachen, datt de Mindestloun misst eropgesat ginn, fir een plus/minus dezent Liewen ze féieren. Wat awer ass dezent a virun allem: wiem schécke mir d’Rechnung?!

Well, wann den onqualifizéierte Mindestloun ëm en Drëttel eropgesat gëtt, dann. natierlech och de qualifizéierte Loun a grad esou de ganze Rescht vun der Lounpyramid. An dat kascht e Koup Suen! De Staat, der ganzer Ekonomie, den eenzele Bierger. Alles géif ëm ronn en Drëttel méi deier ginn. Wien ëm dës Joreszäit d’Kamäiner botze léisst, bezilt keng 180 Euro, ma der 238,86. .Eng Männerglatz beim Coiffeur verbotze loossen, keng 28 Euro, ma 37,56. Wien Raten am Keller huet, bliedert keng 250 € op den Dësch, ma der. 81 méi.Wien 100.000 Euro virgesinn huet fir säin Haus ze renovéieren, misst der dann 32.700 méi léine goen.

Lëtzebuerg gesäit ëmmer grouss, léisst sech do net huelen! Och déi an den Alters- a Fleegeheemer missten

Image par Leo Zank de Pixabay

dru gleewen. Keng 3400€ de Mount, ma der 4511. Ah,jo! D’Pensiounen misste grad esou ëm en Drëttel an d’Luucht gesat ginn. Dat kënnt grad zum richtegen Ablack, elo wou d’Gespréicher iwwer eng Pensiounsreform ugefaangen hunn. Dat geet dann an engems!

Glécklecherweis hëlt keen esou ee “Kotzbrocken” vun de Syndikater eescht, och net d’Press déi mol net de Courage huet, esou eng fatzeg Hausse ze hannerfroen. Schliisslech ass een e GUTMENSCH, et wëll ee Kengem eppes ewechhuelen, et ass méi einfach, eppes dropzeleeën.

Gebongt! D’Gewerkschafte wollten hier Rentrée maachen, weisen, datt si och nach do sinn an datt mat hinnen ne ze spaassen ass. Ma e bësselche Seriositéit wier dach schonn erwënscht. Weder den OGBL nach den LCGB si jeemools an iergendengem Betrib a Kollektivvertragsverhandlunge gaange mat enger Fuerderung fir d’Léin ëm 32,7 Prozent eropzesetzen. Firwat wuel?!

D’Syndikater hunn den Dadder, datt an Zukunft a Betriber kënne Kollektivverträg ouni si ausgehandelt ginn. Déi Angscht kann een novollzéien, schliisslech handelt et sech ëm hire fonds de commerce. Wann si net méi gebraucht ginn, kéinten si grad esou gutt vun der Bildfläch verschwannen. Kee Matsproocherecht, keng Daseinsberechtegung. En Deel vum lëtzebuerger Modell stéing op der Kipp….

Related posts

Verloossen eng Äntwert

Required fields are marked *