de 24. September war den Thierry Simonelli am Fräie Mikro um sozio-kulturelle Radio. E witzeg-kriteschen Text, mat der Feststellung: den Inhalt vun engem Artikel gëtt dacks éischter bewäert op Grond vun där Plaz, wou den Text publizéiert gouf. Dëse Bäitrag kann een hei noliesen oder awer och – well ën jo fir de Radio ass- nolauschtren. https://www.100komma7.lu/article/aktualiteit/gruppendenken
Viru kuerzem hunn ech en Artikel iwwer di iwwerdriwwen Kooperatioun bei der Maskepflicht, iwwer den „vorauseilenden Gehorsam“, an de Ressentiment an dësem heekele Kontext publizéiert. Ech gouf am viraus gewarnt, datt ech mech domadder op en geféierlechen Terrain beginn. Dofir hunn ech d‘Publikatioun schlussendlech dem Blog vum Guy Kaiser uvertraut; eng vun den wéinegen Internetsäiten, wou systematesch eppes vu kriteschem ëffentlechen Debat praktizéiert gëtt.
D‘Kritik u mengem Artikel huet dunn och net op sech waarde gelooss. Mä si huet net dem Inhalt vum Text gegëllt. Et war menge Kritiker kloer, ouni och eng Zeil ze liesen, dat wien op där Plaz publizéiert, sech eleng domat scho selwer delegitiméiert.
Sécher ass déi Reaktioun en flott Beispill fir Kontaktschold; eng Variant vum Argumentum ad hominem. Dat ass di rhetoresch Technik mat där een inhaltlech Diskussioun evitéiert, andeems een Persounen ugräift an erof mécht.
Nach méi interessant awer, a vill manner siichtbar, ass hei dat wat en amerikanesche Sozialpsycholog „Gruppendenken“ genannt huet. Den Numm vum Begrëff gouf vum Irving Janis, an Uleenung den „Newspeak“ vum Orwell sengem 1984 gewielt.
Dem Janis seng Analysen vum Gruppendenken stëtzen sech op detailléiert Fallstudien vu bekannten Decisiounsprozesser aus der Politik. Iwwert dem Sigmund Freud sengen Analyse vun der Gruppendynamik eraus, huet den Janis eng weider Rei vun interessante Phänomener aus dëser Gruppendynamik opgedeckt.
Hien huet déi déif Differenzen am Denken a Fillen tëscht dem eegene Grupp an Friemgruppen nach emol ennersicht. No bannen existéiert en „Mär-Gefill“, also en Zougehéieregkeetsgefill, en „esprit de corps“, eng „Gruppenidentitéit“.
No baussen, ginn d‘Membere vu Friemgruppen verflaacht an entmënschlecht. Dofir kënne Friemgruppen da liicht zum Ziel vun Aggressioun ginn.
No bannen huet de Grupp och en Effet vun interner Zensur. Mä do verhält et sech paradoxal esou, datt wat d‘Koherenz vum Grupp méi grouss gëtt, wat d‘Gefill vun der interner Zensur erof geet. Wat sech also d‘Membere vum Grupp méi integréiert an méi unerkannt spieren, wat se sech méi fräi fillen, do méi konformistesch denken an handelen.
Je besser den Grupp no bannen zesummen hält, je stäerker, an je onbewosster sinn och d‘Verënnerleche vun den Gruppennormen.
Doduerch gëtt dann hannerrécks alles wierklech eegestännegt, kritescht Denken onbemierkt ënnerbonnen. An trotz dëser verënnerlechter Zensur herrscht bei de Betraffenen di fest Iwwerzeegung autonom ze denken, fräi vun allem Afloss ze sinn, an esou guer originell ze sinn, do wou just eidel Floskelen an huel Phrasë widderholl ginn.
Zu den charakteristeschste Symptomer vum Gruppendenken gehéiert dofir och d‘Schwätzen an d‘Schreiwen an Stereotyppen.
Dofir ass d’Wuert Denken am Gruppendenken ironesch ze verstoen.
Gruppendenken ass nämlech keen Denken, mä säi Contraire: Identitéitsmassage no Bannen, a platt symbolesch Aggressioun no baussen.