Recent Posts

Post Categories

Mars Eusani: La face cachée du pays le plus riche de l’univers! 
Le Luxembourg, souvent perçu comme un pays prospère – le pays le plus riche de l’Univers – avec un niveau...
Si lëtzebuerger Sanktiounen géint Moskau ëmmer ganz legal? 
Krich an der Ukrain, gläich ginn et 3 Joer. Den Agressor war an ass Russland. Déi Europäesch Unioun hat gläich...
Séparation des pouvoirs, d’Basis vun der Demokratie 
D’Procureur général d’Etat Martine Solovieff geet a 4 Méint an d’Pensioun. Si war e leschte Samschdeg Invitée an der RTL-Emissioun...
Frank Bertemes: Rentendebatte und Bürgerbeteiligung 
„Sage es mir, und ich werde es vergessen. Zeige es mir, und ich werde es vielleicht behalten. Lass es mich...

Blog Post

Gesondheet

Françoise Seyler: Eng Petitioun déi esou net duerf un d’Ëffentlechkeet 

Françoise Seyler: Eng Petitioun déi esou net duerf un d’Ëffentlechkeet
Foto von Nora Topicals: https://www.pexels.com/de-de/foto/flaschen-felsen-geschaft-business-7038227/

Den 22. Mee 2024 hunn ech eng Petitioun un d’Chamberkommissioun vun de Petitioune
geschéckt. Et ass dorëms gaang, dass Kierperverletzung mat Doudesfolleg an
ënnerloossener Hëllefsleeschtung, fir Mënschen (Kanner, eeler Mënschen
esouwéi Mënsche mat enger Behënnerung), déi an Institutioune liewen, als
Strofdot unerkannt a verfollegt soll ginn. Mëttwochs de 5. Juni war
d’Petitioun mat an der Kommissiounssëtzung. Obwuel d’Petitioun 3187 sämtlech
Konditiounen erfëllt huet, ass se net zougelooss ginn. Net méi spéit wéi
Freides den 28. Juni krut ech vum Sekretariat vun der Petitiounskommissioun
eng Mail geschéckt, mat der Begrënnung, meng Petitioun géing falsch
Behaaptungen enthalen!! Ech hunn se “ëmformuléiert” zréck a matgedeelt
kritt, et géingen z.B. Gesetzer ginn, déi déi vu mir ugeprangert Problematik
versiche géingen (wat och ëmmer dat heescht) ze reegelen! An där
“ëmformuléierter” Petitioun geet et ëm méi eng streng Gesetzgebung, fir e
bessere Schutz vun hëllefsbedürftege Mënschen an de Fleegeheemer. Déi
besteeënd Reegelen a Gesetzer misste verbessert ginn an et misste méi streng
Strofen aplizéiert ginn. Et geet ausschliisslech an där Petitioun, déi vun
Deputéierten opgesat ginn ass, ëm Fleegeheemer, an dass et kéint sinn, dass
……… Et ass net; dass et kéint sinn, wat ville Leit dobaussen och
bewosst ass, zemools deenen, déi ee vun hire Familljememberen an enger
Institutioun hunn oder haten.

Domadder mengen ech net emol Fleegeheemer, mä
Klinicken, Kannerheemer, Geriatrie an normal Altersheemer. E.a. zitéiere si
an där Petitioun, dass de Gebrauch, besonnesch vum Neuroleptika “Haldol” an
deem Zesummenhang kritesch muss hannerfrot ginn. Ma wéivill parlamentaresch
Froë mussen dann nach un de Gesondheetsministère gestallt ginn, bis dass
sech eppes un deem onmënschleche System hei an dësem Land ännert? Vun 2010 u
sinn der insgesamt 5 gestallt ginn, wat dat Thema ubelaangt, déi zwou lescht
hunn ech vun Deputéierte stelle gelooss. Esouguer d’Madamm Wennmacher vun
der Patientevertriedung huet schonn am September 2010, am Artikel
“Ruhiggestellt”, deen ech iwwregens am Januar 2021 och als Informatioun a
meng Petitioun 1751 gesat hat, op Neuroleptika opmierksam gemaach. An deem
Artikel steet e.a. “In Luxemburg gibt es keine begrenzende Vorschrift, weder
existiert eine eigenständige Gesetzgebung, die den Gebrauch dieser
Medikamente einschränkt, noch eine Reglementierung der Vergabe in den
Krankenhäusern. Die Verantwortung liegt offenbar allein beim Arzt”.
D’Verantwortung läit also ganz eleng beim Dokter, a bis haut huet sech
näischt geännert. Wat geschitt am Fall wou Dokteren, déi de Leit permanent
Neuroleptika veruerdnen, d’Niewewierkungen dovun awer net kennen, an nach ni
eppes vun enger Halbwertszäit héieren hunn? Ginn déi bestrooft hei? Nee,
leider net, déi däerfe schéi roueg weider praktizéieren.

A menger Petitioun 1751 vun 2021 hat ech och op d’Etude vun 2010, mam Titel
“Freiheitsentziehende Maßnahmen und Gewalt in der Altenpflege” vun der
Fuerschungseenheet INSIDE an dem RBS, opmierksam gemaach, wou schonn
deemools Situatioun am Land analyséiert an evaluéiert gouf. Sinn dann
eventuell an deene Berichter vun 2010, déi jo deemools vu Fachleit
geschriwwe goufen, déi mengen ech zwar nëmmen iwwert Theorie berichte
konnten, och nëmme falsch Behaaptungen? E.a steet an dem Bulletin vun RBS,
dass Neuroleptika bei eelere Leit kee medezineschen Notzen huet, mä eenzeg
an eleng der Rouegstellung déngt, an de Mënsch zum Objet degradéiert.

Ech géing de betraffene Politiker wäermstens empfeelen den Artikel
“Ruhiggestellt” an de Bulletin vum RBS vun 2010 ze liesen, well haut ass et
nach ëmmer net besser. Am Verglach zu 2010, wou vu Fachleit d’Situatioun
evaluéiert gouf, mat der haiteger Zäit kann ee schlecht dervun iwwerzeegt
sinn ech géing falsch Behaaptungen an d’Welt setzen an eng Problematik
uprangeren, woufir et scho Gesetzer géinge ginn. Ech wënsche kengem vun
hinnen, dass se d’Realitéit erliewen, wéi ech se leider matgemaach hunn. Ech
kéint mir virstellen, dass dee Moment wierklech duerchgegraff géing ginn, a
Kierperverletzung mat Doudesfolleg an ënnerloossener Hëllefsleeschtung eng
Strofdot wär. Komesch ass just; den 30. Mee 2022 wéi ech wéinst menger
Petitioun 1751 an der Sitzung an der Chamber war, waren zum Deel och déi
Deputéierten do, déi elo dovun ausginn dës Petitioun géing falsch
Behaaptungen enthalen!! Ee vun hinne kennt esouguer säit méi wéi 4 Joer mäi
ganzen Dossier, an hat och schonn op parlamentaresch Froen, wat Neuroleptika
ubelaangt, geäntwert, esougutt wat eeler Leit an Heemer (2010), wéi och
Kanner an Heemer(2012) ugeet. Eigentlech hunn ech a menger Petitioun 3187
déi jo net online gestallt gëtt, wat d’Kanner ubelaangt déi placéiert sinn,
mech ganz harmlos ausgedréckt, andeems ech just geschriwwen hunn, et géing
virkommen, dass se mat Medikamenter berouegt ginn, d’Realitéit ass leider
vill méi schlëmm.

Hei zu Lëtzebuerg huet een d’Impressioun, dass esoubal de Mënsch eng
Institutioun betrëtt, hie sämtlech Mënscherechter virun der Dir verléiert an
d’Personal an d’Dokteren d’Recht hu mat de Leit ze maache wat se wëllen. Et
ass a mengen An och net nozevollzéien, firwat dass mir fir Kanner, eeler
Leit a Mënsche mat enger Behënnerung en extrat Gesetz mussen hunn.
Mënscherecht misst jo eigentlech fir jiddereen, vum éischte bis de leschten
Otemzuch gëllen. Firwat sinn déi Leit, déi sech net méi wiere kënnen
ausgeschloss an dem System hëlleflos ausgeliwwert? Zum Gléck hu mir jo elo
an eiser neier Verfassung, wéi all aner Länner an Europa, nodeems ech den
Här dee mat un der neier Verfassung geschafft huet, am Mäerz 2020 drop
opmierksam gemaach hat, d’Würd vum Mënsch och mat drastoen. Ännere mécht et
zwar leider näischt, well kee sech fir déi Leit, déi hannert zouenen Dieren
de Rescht vun hirem Liewe verbréngen, interesséiert. Fir déi zielt leider
just, was nicht passt wird passend gemacht, an zwar mat Psychopharmaka. E
Beispill; am Fall wou déi Persoun eppes seet oder ee vu senger Famill sech
fir hien asetzt, wiem gëtt gegleeft, engem eelere Mënsch oder engem Dokter
oder dem Personal wat an der Institution ass?

Dofir kann ech nëmme soen, ënnert déi Petitioun déi ech virgeschloe kritt hu
setzen ech mäin Numm net, well se der Realitéit net entsprécht. Dat géing jo
heeschen, dass no praktesch dräi an engem hallwe Joer, nodeems ech meng
Petitioun 1751 gemaach hunn an drop hiweisen, dass mir keng Gesetzer hunn, a
sech vun do un och näischt geännert huet, ech elo ebeemol schreiwe soll: mir
hätte Gesetzer, just wären déi net esou streng,

An Däitschland ass esouguer Medikamenter ze ginn, ouni Awëllegung vum
Patient, eng Kierperverletzung. Hei zu Lëtzebuerg gëtt iwwer de Mënsch
verfügt, hie gëtt fir onmëndeg erkläert a kritt géint den eegene Wëllen an
de Wëlle vun der Famill Neuroleptika, wat ganz schlëmm Konsequenzen huet.
Hei am Land ass et anscheinend keng Kierperverletzung, wann e Mënsch dee
kräfteg a robust ass, no 10 Deeg Openthalt an engem Altersheem an d’Klinik,
mat enger Iwwerdosis Neuroleptika an enger akuter Niereninsuffizienz,
ageliwwert gëtt an e puer Deeg drop stierft. Kee Gesetz; keng Strofdot, kee
Prozess; kee Prezedenzfall = a mengen An, keng Mënscherechter fir Leit déi
“net an d’Norm passen”.

E bekannte Mann huet eng Kéier gesot: “Wissen wird durch Erfahrungen
gewonnen, alles andere sind nur Informationen”, a gleeft mir, ech hätt gären
op déi Erfarunge verzicht, da wäre meng lescht 9 Joer aneschters verlaf, wéi
se elo verlaf sinn.

Bei engem Mënsch deen sech méi wéi 9 Joer asetzt, dass endlech
Mënscherechter och ziele fir Leit déi sech net méi wiere kënnen, kann ee
sech virstellen, dass deen dat bestëmmt net aus Spaass un der Freed mécht,
mä, well e selwer betraff ass a versicht huet e Prezedenzfall ze kreéieren a
fir anere Leit dat Leed an Zukunft ze erspueren.

Related posts

Verloossen eng Äntwert

Required fields are marked *