Recent Posts

Post Categories

Och déi politesch Oppositioun huet hire Kräizwee ze goen 
D’Sozialisten sinn an där nämmlechter Situatioun ewéi 11 Joer virdrun déi Chrëschtlechsozial: raus aus der Regierung, raus aus dem Alldagstratt,...
Europäesch reality show 
Hutt Dir et och schonn héieren? Am Juni sinn Europawahlen, déi awer keen ze interesséiere schéngen. Grouss thematiséiert goufen se...
Ieselsdrot fir den Drotiesel 
Wat si mir e verwinntent Vollek. Den ëffentlechen Transport ass bei eis gratis. E schéine Subsid vun der ëffentlecher Hand,...
Invasioun vu Busser zu Weiler-um-Tiermchen 
Schonn 2013 -2015 hat et an där schmocker Gemeng Weiler-zum-Tiermchen Remmidemmi ginn wéinst Kaméidi. An der rue des Forges konnten...

Blog Post

Innepolitik

De Politmonitor a seng (falsch) Interpretatiounen 

De Politmonitor a seng (falsch) Interpretatiounen
Image par Tumisu de Pixabay

D’Medien Lëtzebuerger Wort an RTL hunn dës Woch iwwerrascht mam traditionellen Politmonitor. Iwwerrascht an deem Sënn, well dee politesche Sondage normalerweis Ugangs bis Mëtt Dezember erauskoum, souzesoen als Zensur aus dem Vollek fir d’Politik. Déi Kéier soll d’Ëmfro an Zwee gedeelt ginn: am November déi sougenannte Käpp, am Dezember dann d’Sonndesfro. Ursaach onbekannt fir dee Wiessel, ma villäicht loossen sech op déi Manéier gewëssen Ongereimtheeten besser vertuschelen.

Keng Iwwerraschung ass, datt d’Madamm Lenert weiderhin un der Spëtzt steet vum Peloton vun de 35 auserwielten Politiker. D’nämmlecht Iwwerleeung, wat déi zweet Positioun ubelaangt vum Staatsminister. Keen anere Politiker war esou reegelméisseg an de Medien wéi si Zwee. Wat awer wëll ons dat soen, ob d’mannst suggéréieren? Keen Zweiwel! Allebéid kommen se beim Vollek als sympathesch eriwwer, a mat engem Score vun 89, respektiv 84 Punkten u Kompetenz wier hir Politik quasi onëmstridden. Ass dat wierklech esou?

Image par Tumisu de Pixabay

De Bilan fir déi ganz Regierung gesäit komplett aneschters aus! Nëmmen nach 24 Prozent vun de Leit géingen der blo-rout-grénger Koalitioun eng excellent Zensur ginn, 39 Prozent géingen hir eng “genügend” ginn. Zesumme gerechent also 63 Prozent vun der Populatioun, déi hannert der Regierung stinn. Allerdéngs goung dee Bilan bannent 8 Méint ëm ronn 30 Prozent zeréck. Am Fréijoer gouf d’Regierung mat bekanntlech 92 Prozent reegelrecht plebiszitéiert. An deem nämmlechten Zäitraum goung de Prozentsaz vun den Onzefriddenen ëm dat Fënneffacht an d’Luut.An trotzdeem sinn Lenert a Bettel quasi onverännert an hirem perséinleche Score bliwwen?! Do däerf een sech dach wonneren.

Anert Beispill: ënnert den 10 éischten Politiker sinn (wéi gewinnt) gläich 5 Sozialisten, also genee d’Halschecht, an alleguerten op Ministerposten. Dat misst jo bedeiten, datt de sozialistesche Stammwieler misst déck zefridde sinn mat “senge” Leit an der Regierung. De Sondage seet allerdéngs eppes aneschters aus: d’Zefriddenheet goung bei der Soziwielerschaft vun Fréijoer bis an den Hierscht vun 62 Prozent zeréck op 38! Läit et un der Pandemie-Politik? Do ass jo ëmmerhin d’Madamm Lenert “federführend”. Läit et um Sozialen, un engem Romain Schneider, dee mat 61 Prozent op déi féiert Plaz am Sondage kënnt? Oder um Aarbechtsmaart, de Ressort vum Dan Kersch, deen sech mat 56 Prozent u Kompetenzen extreem gutt platzéiert? Läit et un der Wirtschaft? De Ressortminister Franz Fayot ass zwar net am Top-ten, huet allerdéngs e Sprong vu 7 Prozent no uewen bei der Wielerschaft fäerdeg bruecht.Och do geet d’Rechnung net op!

an engem Mount wäert dat gewinntent Bild en anert sinn: d’Genossen kommen op eng “intention de vote”, déi sech méi wéi a Grenzen hält, an déi Gréng wäerten sech besser derduerch schloen, wéi dat ablacklecht Bild et uweist mat just dem Bausch am Top-ten. An eng CSV wäert och net grad grouss Verloschter maachen. Souwisou ass e Sondage ëmmer nëmmen eng Momentopnam, an also gëllt et elo fir d’Politiker, sech bäizemaachen.

Eng Präsenz an de Medien ass vu kapitaler Wichtegkeet! Schonn e kuerzen Extrait aus enger Ried um Krautmaart kann e Plus am Prozentsaz bedeiten. Eng Präsenz an enger table-ronde oder an engem “Background am Gespréich” op Radio Lëtzebuerg ass Gold wäert, virausgesaat, et huet een keng Hiobsbotschaft dem Wielervollek unzekënnegen. D’Course ass also op bis Ugangs Dezember.

An deem Kontext verwonnert dat perséinlecht Resultat vum CSV-Parteipresident Frank Engel. Grad hien war iwwer déi Summerméint vill am Gespréich wéinst sengem Virpreschen wat d’Ierfschaftssteier ugeet a kënnt trotz allem mat just 35 Prozent op nëmmen déi 26. Plaaz. Dat kéint een Indice sinn, datt eng Partie Leit net mat him averstane wieren. Hien, deen als Net-Deputéierten de Probleem huet, vu sech reegelméisseg schwätzen ze doen, sech an d’Vitrine ze stellen, konnt dat net duerch säi premeditéierten a mediatiséierten Optrëtt guttmaachen!

Souwisou stellt sech wéi ëmmer d’Fro iwwer d’Zesummesetzung vun där Lëscht mat 35 Politiker. Firwat e Georges Mischo mat a Betruecht huelen? Escher Buergermeeschter? Firwat dann net och e Lydie Polfer, un der Spëtzt vun der Haaptstad? Firwat e Mosar an e Roth vun der CSV vun der TNS-ILRES offroe loossen, an e Mars di Bartolomeo net?

Fazit: de Sondage gëtt héchstens- wann iwwerhaapt- en Trend un, an deen ass: Land a Leit stinn hannert der Regierung, ma d’Ënnerstëtzung hëlt of. Et ass elo net, Feeler an der Pandemie-Strategie ze maachen, wéi zum Beispill an e forcéierte Confinement ze goen kuerz virun a wärend deene Feierdeeg!

Related posts

Verloossen eng Äntwert

Required fields are marked *