Recent Posts

Post Categories

Esou net, Här Staatsminister! 
Dir hutt, Luc Frieden, déi lescht Woch eng anstänneg Ried gehalen zur Lag vun der Natioun. Do war duerchaus Substanz...
E puer Lektiounen aus der Pandemie 
5 Joer sinn et hier, datt d’Welt sech mat engem Lockdown agespaart huet. Näischt goung méi am ëffentleche Liewen: a ville...
Politesch Meteo vun der DP 
Bei der DP gi Still geréckelt an domadder Weiche fir d’Zukunft gestallt.Tatort: dëse Sonndeg um Kongress. D’Carole Hartmann gëtt nei...
Eng Majoritéit ass (k)eng Majoritéit! 
Alles wat iwwer 50 Prozent läit, ass an der Politik eng Majoritéit. Et kann awer och de Spunnes mat der...

Blog Post

Gesellschaft

Et geet jo just ëm een Ex-Jempi! 

Et geet jo just ëm een Ex-Jempi!
Image par Gerhard G. de Pixabay

kleng Victoire fir de fréiere Gendaarm André Steffen a senge Schluechten mat der Justiz. D’Verwaltungsgeriicht huet d’lescht Woch säi Recours als justifiéiert unerkannt, zugläich eng Ministeschdecisioun annuléiert an den Dossier zeréckgereecht un d’Justizministesch. Dem Steffen seng “Geschicht” hat ech am Mee zejoert méi am Detail erzielt https://guykaiser.lu/e-freiere-polizist-kampft-em-seng-eier/ De Mann behaapt, an den 90-ger Joer vun den eegene Gendarmerie- Leit erageluecht ginn ze sinn: hie war 1998 zu 5 Joer Prisong wéinst Drogenhandel condamnéiert ginn.

Haut ass dee Mann längst an der Pensioun, ma et wuermt hien, datt esou kromm mat him ‘gespillt’ gi wier. Hien hätt gären Gerechtegkeet, ëmsou méi, wou et mat enger zousätzlecher Zeienausso en neien Ament gëtt. Also Revisioun! En neie Prozess. Quetschen och! Lëtzebuerg bretzt sech ëmmer fir seng kuerz Weeër, déi an dësem Fall éischter engem Irgäertchen gläichen.

De 14. Mäerz 2018 -also virun 30 Méint!- huet den Ex-Gendaarm dem deemolegen Justizminister Felix Braz e Bréif an deem Sënn geschriwwen. De Ministère äntwert 10 Woche méi spéit, mam Refus, de Prozess nei opzerullen. D’Base vun deem refus läit am Avis vun enger zoustänneger Kommissioun, déi fir esou Fäll zesumme gesat gëtt. Dem André Steffen säin Affekot, de maître Laurent Ries muss eng zweete Kéier zur Fieder gräifen a schreift dem Minister e weidere Bréif, matt der Feststellung, datt déi Kommissioun an hirem Avis näischt aaneschters gemaach hätt, ewéi de Verdikt vu virun 20 Joer inhaltlech ze explizéieren, dobäi awer guer net deenen neien Elementer Rechnung gedroen hätt, déi den Här Steffen iwwerhaapt zu deser Demarche gefouert hunn.

D’Verwaltungsgeriicht huet elo – 30 Méint duerno!- dës Iwwerleeungen fir justifiéiert unerkannt an den Dossier zeréck un d’Justizministesch gereecht.

Braz an Tanson hu sech allemol bis haut net weider gemuckst. Et stellt sech d’Fro vum FIRWAT? Si mussen sech de Virworf gefale loossen, en Dossier am Tirang verschwanne gelooss ze hunn, deen eng gewësse Brisanz kéint no sech zéien: ëmmerhin gouf an der Zäit géint Polizisten zu Esch enquêtéiert, bis auf wundersame Weise d’Affär klasséiert gouf. Dat alles ass laang hir a vergiess, wär do net den André Steffen, dee sech als Affer, als Kollateralschued gesäit.

An den 90-ger Joer gouf d’Land nach vum CSV-Staat gefouert. Zanterhier huet sech Gambia breet gemaach, net nëmmen an der Regierung, ma iwwerhaapt an der Gesellschaft. Eng nei Ära, d’Fënsteren oprappen, net fir de Covid, ma fir den aale Mief ze lëften! Ass et eescht gemengt mat deem Slogan, wär et méi ewéi ubruecht, wann d’Ministesch endlech géing liwweren. Oder awer si trëppelt weider op der Plaz, wat méi schlëmm ass ewéi de Rhythmus vun der iechternoacher Sprangprëssessioun!

Related posts

Verloossen eng Äntwert

Required fields are marked *