Recent Posts

Post Categories

Pandemie-Politik: Eng Enquête-Kommissioun zu Lëtzebuerg? 
No all där Opreegung ëm déi vill schlëmm a manner schlëmm Konsequenzen ëm deen ominéisen Topic „Pandemie “ an och...
Zirkus an der Politik ronderëm den Atom 
Gebongt. D’Aussoen vum Premier Luc Frieden a vum Ëmweltminister Serge Wilmes iwwer déi lëtzebuerger Atomstrategie koumen zum falschen Ament an...
Frank Bertemes: Rettet das Saatgut! 
„Die Rettung der Menschheit besteht gerade darin, dass alle alles angeht.“ —  Alexander Solschenizyn Wenige Dinge sind so kostbar und...
Atmosphäresch Virkrichszäit 
Mir liewe momentan e bësselchen an der Ambiance vun “1938”. Deemools wosst den informéierte Mënsch ganz genee, datt eppes Gréisseres...

Blog Post

Aussepolitik

Ex-SREL-Mann André Kemmer: am Noen-Osten féiert kee Wee laanscht e Krich! 

Ex-SREL-Mann André Kemmer: am Noen-Osten féiert kee Wee laanscht e Krich!
Photo de cottonbro studio: https://www.pexels.com/fr-fr/photo/drapeau-nature-morte-horizontal-israel-4033852/

7.Oktober 2023: Iwwerraschung total! Den Noen-Oste flaamt nei op! D’Hamas gräift Israel massiv un, mat Rakéiten, mat Dronen, fält iwwer d’Grenzposten hier, massakréiert 1400 Israeeli an hëlt iwwer 200 Geisele mat. En neie Krich huet ugefaangen, méiglecherweis den decisiven, also leschte Krich tëscht Israel an Hamas. Ofzewaarde bleift, ob nach aner Länner sech amëschen: wéi verhält sech zum Beispill den Iran?

3 Wochen duerno steet fest: wann Israel vun där Attack komplett iwwerrascht gi war, dann ass dat op den israeelesche Geheimdéngscht zeréckzeféieren. De Mossad, ee vun de beschte Spionagedéngschter op der Welt, hat an dësem Fall versot.

Wikipedia

Den André Kemmer hat an der Zäit fir de lëtzebuerger Geheimdéngscht geschafft, deemools mat Fokus grad op den Noen-Osten. Mat him hunn ech e kuerzen Interview gefouert….

 

André Kemmer, an deene 5 Joer déi Dir beim Lëtzebuerger Geheimdéngscht geschafft hutt, hat Dir Iech kënnen an d’No-Ost-Politik eraschaffen. Wann Dir haut d’Krichsbiller aus Israel an an der Gaza-Sträif gesitt, wat geet Iech dobäi duerch de Kapp?

Ech wor a menger Zäit am Geheimdéngscht länger Zäit an Israel an och duerno fir den Wirtschaftsministère a privat fir mäi Buch iwwer d’Drusen am Norden vun Israel. Doweinst hunn ech nach emol en aneren Bezuch zu dém Land a senge Leit. Dir hutt et an Äerer Fro richteg formuléiert,:”Krichsbiller”. Déi militäresch, terroristesch Attack op israeeleschem Buedem, den Ugrëff aus dem Hannerhalt op Kibbuzen, Musikfestival, déi bestialesch Ermuerdung vun klenge Kanner, Jugendlecher an all Leit duerch militant Terroristen, islamistesch Fanatiker, der Hamas hu bei mir en déiwe Schock an eng Traueregkeet ausgeléist, déi schwéier ze beschreiwen ass. Dat wat den 7. Oktober do geschitt ass, kann net méi réckgängeg gemach gin. Et ass de point of no return.

An anere Wieder, e laange Krich deen d’Israeeli musse gewannen, well- wéi si

André Kemmer

selwer soen-: et geet déi Kéier drëm, d’Hamas definitiv ze verdreiwen, am Beschten auszeschalten. Eng Positioun, déi Amerika arrangéiert an och eng Partie europäesch Länner, dorënner an der Haaptsaach Däitschland, bedéngt warscheinlech wéinst hirer Virgeschicht vis-à-vis vum jiddesche Vollek. Gëtt domadder den Noen -Osten zu enger Gefor fir de Weltfridden?

Déi aktuell Situatioun, an dat wat nach do kënnt, ass dramatesch. Fir Israel also och den «worst case scenario», wëll mat enger Buedemoffensive am Gaza, zäitgläich mat massivem Ugrëff aus dem Libanon duerch schiitesch Milizen, der Hisbollah ze rechnen ass. Dat wat déi lescht 24 Stonnen op israeelescher Säit geschitt ass, däerf wuel éischter als “Zermürbungstaktik” bewäert ginn, souzesoen als Virbereedung op eng Buedemoffensive; esou goufe vill Tunnellen mat Rakéiten zerstéiert, an d’USA hu Positiounen a Syrien ënner Beschoss geholl. Dat weist eng koordinéiert Taktik tëscht Isarel an den USA, déi hinnen de Réck fräi halen.

De wierkleche Problem awer, an dat ass déi grouss Inconnue: wéi réageiert den ideologeschen Äerzfeind vun Israel, den Iran an deem Fall wierklech? Israel mécht seng Militärpläng jo och net virdrun ëffentlech! Et gouf en Treffe mam Chef vun der Hisbollah, der Hamas an och dem islameschen Dschihad. Weider Attentater sinn also och geplangt. Am Moment sti fir Israel Spezialoperatioune zur Geiselbefreiung nach am Vierdergrond.

Mäin Androck ass , dass d’USA hanner de Kulisse massiv versichen op Israel anzewierken, an deem Sënn, dass eng Buedemoffensive just da soll stattfannen, wann och e klore Plang fir eng laangfristeg Uerdnung am Gaza virläit. Den amerikanesche Präsident huet däitlech Wieder fonnt: «Net aus blankem Haass a Revanchismus handelen, net déi selwecht Feeler machen wéi Amerika nom 11. September» -domadder ass den Ugrëff op den Irak gemengt gewierscht; wat en Biergerkrich dono ausgeléist an de Konflikt tëschent Sunniten an Schiiten verschäerft huet, bis zur Grënnung vum IS, dem islamesche Staat. Ech mengen dofir net, dass dat hei d’USA arrangéiert, wëll si an e méiglechen Krich mam Iran eragezu kéinte gin. Signaler sin jo schon do mat 2 Fliigerschëffer a mat massiver Oprëschtung. An starken Drohgebärden aus dem Iran.

Wat Däitschland unbelangt, sou hun sie duerch den Holocaust, der Ermuerdung vun 6 Milliounen westeuropäesche Judden ganz sécher eng grouss moralesch Verantwortung. An sti besonnesch an der Pflicht. Den däitschen Bundeskanzler huet déi jo och mat androcksvolle Wieder wärend senger Staatsvisite an Israel de Judden an Däitschland Schutz an Sécherheet zougesprach. Däitschland steet also och hannert Israel. Den Antisemetismus ass domadder awer net aus der Welt geschafen, esou wéi déi ugekënnegt Vernichtung vun der Hamas, kaum d’Ideologie an den islamisteschen Terror och an Europa wäert an Zukunft briechen. Ech wëll dozou nach soen, dass wann een déi enorm brutal Gewaltakten an Schänden vun zirka 1400 onschëllegen Zivilisten an Israel elo am politeschen Sproochgebrauch versicht ze relativiséieren, andeems een domadder op d’Situatioun mat dem palestinensesche Vollëk opmierksam mécht, déi zwou Saachen also quasi gläichstellt, jo rechtfertecht, dass dat inakzeptabel ass. Net Israel huet déi chaotesch Situatioun am Gaza, an déi humanitär Katastroph elo ausgeléist, dat wor d’Hamas! Déi keng Rücksicht op hiert eegent Vollëk hëllt. Si als Schutzschëld esou guer mëssbraucht. Och dat muss een mat konsidéréieren wann een dei ganz Situatioun wëll iwwerblécken. Dat alles weist wéi komplex, wéi verfuer a brandgeféierlech et elo ass.
André Kemmer
Amerika hält sech also den Ament éischter zeréck a markéiert trotzdeem zugläich militäresch Stäerkt. Dat alles kéint sech allerdéngs schëtzeg zouspëtzen wann den Iran sech géif amëschen, oder?

 

Et ass nach eng Saach vun Stonnen, Deeg bis dei ganz Buedemoffensive richteg lancéiert ass. Déi Israeelesch Défense kann wuel kaum nach e Schrack zeréckgoen, Hamas an hier Al Kassam Brigade kënne wuel just am Gaza bekämpft ginn. An dat kann zum Fiasko gin, well d’Hamas genee deen do Szenario laang am viraus prépareiert huet. Et gëtt menger Meenung no en extrem geféierlechen Asatz mat vill Doudesaffer op béide Säiten. Iran ënnerstëtzt massiv mat Geld , Waffen an know how d’Hamas an déi libanesesch Hisbollah. Dowéinst sinn si automatesch scho mat an deem « Krich » implizéiert. Et ass net auszeschléissen, dass d’USA dann militäresch missten agräifen. Wat dat an Europa fir Konsequenzen a Punkto Attentater, Gewaltaktiounen ausléist, kann wuel jiddereen sech selwer ausmolen!

Ma schonn elo dierft d’Gefor vun Attentater an Europa an och zu Lëtzebuerg geklomme sinn. Wat sinn Äer Erfarungen aus der Vergaangenheet, wat sinn ÄerPromnostikken fir d’Zukunft a Punkto Sécherheet?

Europa huet jo schon an der Vergaangenheet schlëmm Attentater erlieft. Ob et Madrid oder London wor duerch Al-Qaida, deemols 2003 marokkanesch Terrorgruppen, oder dunn méi rezent Charlie Hebdo, an Attentater zu Parais, Nice an Chrëschtmäert och zu Berlin zu quasi selwechter Zäit – 2016 also, wou den Attentäter ( Eenzeltäter) Anis Amri mat engem Lkw 12 Léit doudgefuer huet. Oder Mäerz 2016 Attentat zu Bréissel Haaptstad mat 34 Doudeger an honnerte vun Verletzten. Fir elo eng déifgréifend Ursaachefuerschung ze maachen , firwat et ëmmer erëm zu esou hannerhälteg islamistesch Terroruschléi och an der EU kënnt « sprengt » den Kader vun dësem Interview. Sou vill wëll ech awer soen, dass aktuell Judden an jiddesch Synagogen a ganz Europa, jo dorënner och Lëtzebuerg , besonneg am Fokus vun Attentater oder « spontan «  Gewaltaktioune duerch ë.a. och palestinensesch Pro- Hamas Unhänger stin.

André Kemmer

Mir riskéieren an deem Zesummenhang d’Iwwersiicht ze verléieren a si menger Meenung no sécherheetstechnesch net genuch opgestallt fir dat ze verhënneren. Jiddefalls ass Lëtzebuerg genee sou a Gefor ewei eis Nopeschlänner. An d’Géigefro dierf hei erlaabt sin Här Kaiser:«  Aus wéi engem besonnesche Grond soll hei näischt gescheien? » Mir hunn eng  jiddesch Gemeinschaft mat zirka 1300 Léit, quasi den Equivalent mat der Zuel vu Judden déi elo an Israel ëmbruecht goufen. Den islamisteschen Terrorismus kennt keng Grenzen, hie mécht ganz sécher net ëm Lëtzebuerg e grousse Bou.

Héiert sech logesch un an zugläich defätistesch. Mir sinn net genuch op esou Attentater preparéiert. Also och net Äre fréiere Patron, de lëtzebuerger Geheimdéngscht…

Et ass an eischter Linn keng direkt Kritik weder un d’ Police oder de lëtzebuerger Geheimdéngscht, nach un d’ GCT ( groupe de coordination en matière de lutte contre le terrorisme) Ech ginn awer e Beispill. Wou elo rezent en Attentat am Fussballstadion zu Bréissel wor, an 2 schwedesch Staatsbierger duerch en Tunesier mat enger Waff erschoss goufen – den IS reklaméiert d’Attentat fir sech-, huet Lëtzebuerg keng extra Sécherheetsmesuren ordoneiert. Also Grenzkontrollen oder méi massiv Policepresenz. Eleng dat esou an der Press ze annoncéiere weist mir dass mir eis an engem gewësse Sënn wëllen ofkapselen, déi imminent Bedroung scheinbar net wëlle wouer hunn, mam Argument et géife keng kloer Menace géint Lëtzebuerg vierleien. Dei belsch Sécherheetsdéngschter -no de schlëmmen Attentater si ganz sécher net schlecht obgestallt an och gudd internatinoal um Geheimdéngschtbazar vernetzt, mee och si wossten näischt am Virfeld. An domadder ass alles gesot. Lëtzebuerg mat dräi Grenzen muss do einfach direkt agéieren. Mat oder ouni Informatiounen. Et geet och drëm d’Effikassitéit an d’Kompetenz direkt ze weisen duerch eis Uerdnungskräften. Wuel verstanen: dat Attentat op 2 Schweden ass 2 Stonnen vun hei ewech geschitt! Attentäter hätten och Flucht ob Lëtzebuerg kënnen huelen. Eleng dat weist duerch eis Geographie wéi vulnerabel mir sin! Dann huet d’Srel Affäre vill Schued gemach an offensiv Geheimdéngschter wéi Englänner an Israeeli (de Mossad) hun sech zeréckgezun! Dei Affär huet an allen Hisichten méi schlecht gemach ewéi gudd! An letzten Endes : » et ass egal vun wou dass Du deng Infoen kriss, Haaptsaach du kanns deng Zivilberäicher schützen! Lëtzebuerg huet an däer Hisicht nach erschiddenes ze léieren…..

Ech soe Merci fir dëst Gespréich a schléissen of mat menger perséinlecher Iwwerleeung: d’Situatioun ass och politesch alarmant an zwar an deem Sënn, datt déi al Regierung drop waart, vun där neier ofgeléist ze ginn. Ech wëll kengem ze no trieden, ma an esou enger Phase gëtt sech gären just op déi laafend Geschäfter konzentréiert, net méi!

Donieft kann de Grand-Duché zanter Joer schonn keng security clearance méi garantéieren. https://bit.ly/473gsFu Dat huet fir Onrou bannent der NATO gesuergt. Et confirméiert d’Ausso vum Här Kemmer: mir huelen dat alles net ze eescht!

Den André Kemmer ass zanter bäino 11 Joer wéinst der SREL-Affär suspendéiert. Hie sëtzt zanterhir souzesoen op der Reservebänk, zesumme mat engem Marco Mille a…mat engem Frank Schneider. Ka sech de Grand-Duché et leeschten, dräi esou experimentéiert Personnagen net an en Asaz ze huelen?

Related posts

5 Comments

  1. Jean

    Ech denken allerdengs dass mer duerchaus sollten op d expertise vun engen Andre Kemmer verzichten,den hei eng vollkommen eeseiteg positioun pro Israel bezitt,dei sech net am gerengsten justifizeiert.
    Extrem nervt iwregens d positoun vun der BR Deitschland,dei genau sou eeseiteg handelt.
    Grad Deitschland wat duerch seng verbriechen an der NS zeit de ganze schlamassel am noen osten mat ausgeleist huet ,sollt mol iwer seng verantwortung genau sou vis a vis vu juden wei vu moslemesche palaestinenser nodenken.
    Logescherweis haett eisen oestleche noper eigentlech misse land u juden als kompensatioun fir seng verbriechen ofginn ,anstatt dass arabesch palaestinenser bestroft goufen,dei null mam holocaust ze dinn haten.
    Doufir ass dei blann solidariteit mat der netanyahu regierung, dei den aktuelle konflikt och largement mat provozeierr huet vollkommen fehl am platz.

  2. MJ

    Genau wéi den Här Jean gesinn ech et och. Ech liesen ëmmer gären dem Här Kemmer seng Pousten, mee dess Kéier kuckt hien et zevill eeseiteg an erwähnt nëtt, firwaat et souweit komm ass. Et bleiwt just eng 2 Staaten Léisung, déi wëll iwer 50 Joër verhënnert gëtt. Dass elo e moslemescht Spidol bombardéiert gëtt vun den Israelis an et onméiglech ass, déi Leit a Secherheet ze brengen, och do misst d’Welt dach lo opjeitzen. Mee wahrscheinlech ass daat mol keng 3 Zeilen wärt. D’Palästinenser sinn den Israelis dach komplett ausgeliwert Punkto Stroum, Wasser, Medikamenter etc. etc. Wann Dir, Här Kemmer an och Dir Här Kayser, daat alles richteg fand, dann brauch een sech nëtt méi ze wonneren, waat lo am Nahen Osten geschitt, an wann och lo den Iran sech nach amescht, ma dann kennen mir apacken. Souguer de Präsident Biden ass besuergt driwer waat d’Israelis wëlles hun, an Amerika steet jo bekannterweis ëmmer hannert Israel, mee dess Kéier warnt hien. Also w.e.g., nächsten Kéier nëtt sou eeseiteg berichten. Ech soën Iech merco

  3. Néckel Ritz

    Et as éischter sélen dat ech mech zu Wuert mellen fir déi vun Aneren rédigéierten Artikelen ze kommentéiren, prech ze kritiséiren. Ech profitéiren awer hei dervun, well eis déi Méiglechkét hei op desem Site, (den ech héich schätzen) gebuerden get. Déi mir zevill suggestiv Froestellung schengt den Här Kemmer régelrecht zu sengen zimlech ésäitegen “Expertenaschätzungen”, an Szenarienéventualitéiten, déi mir net brauchen, befligelt ze hun. Den Här Kemmer déit besser drun émol mein Artikel enner “Aussepolitik” op desem Site “Wenn zwei das Gleiche tun…” vum 25.Februar 2023 ze liesen, dén menger Iwerzégung no an der aktueller weltpolitescher Lag sou brandaktuell as wéi kaum virdrun. Enneranerem weisen ech op d’UN-Résolutioun 242 vum 22.11.1967 Sitzung 1382 Weltsecherhétsrot hin. Vun der mat Éstemmegkét gefasstener Résolution schengt den Här Kemmer nach näscht héiren ze hun, war hén zu der Zäit dach nach net mol én Embrio. Ech sin nun mat Secherhét kén Antisemit an grad esou wéineg é Verfechter vum fundamentalisteschen Islam, muss awer soen wat é revranchisteschen, korrupten israëlesche Premier, vir net nach méi menschenveruechtend Qualitéiten vun dem Mann opzezielen, mat senger Krichsmachinerie am Gazasträif demonstréiert, an der kaum verstopter Absicht de ganze Gaza ongestroft platt ze walzen as och én (onverhältnisméissegt) Krichverbriechen! Hei am “Westen” stigmatiséiert én sech selwer wann én net d’Iwerzégungen vum “Mainstream” délt an fräi eng aner Ménung öffentlech vertrett. Ech sin ewel sou aal, dat dat bei mär der Katz nach ké Bockel mecht, an ech mech duerfir mueres nach kann an de Spiegel kucken ouni mech brauchen ze schummen. Israël sollt sech besser iwerléen dat si mat hirer Taktik vum Ausläschen ouni Gnod, d’ Gebuertshelfer vun engem Mier vun neien Hamaskämpfer sin, wéi bei enger Hydra wo é Schwert én Kap ofschléit… Net méi spéit ewéi haut op der Télé konnt én an d’Aen vun dozenden traumatiséierten Kanner kucken, denen hir Brider, Schwesteren, Elteren ewechgebommt gouwen. Westlech Médien gin net ferdeg dermat ëmmer erëm ze betounen, dat d’Zuelen vun Affer net vun onofhängeger Säit iwepréift konnten gin. Wat eng perfide Hypochrisie! Wat mengt der wat aus déne Kanner als spéider Erwuessenen get? “Lange Rede, kurzer Sinn” git de Palästinenser haut wat hinnen zoustét an gehéiert, an de Krich as muer eriwer. Awer dat fällt weder engem israëleschen, an schon guernet engem US-amerikaneschen Gouvernement an, den sech haaptsächlech als gréißten Waffenproduzent an -lieferant weltwäit duechsetzen well. D’Yankeeen schécken zwé Fliegerdréier firun de Gaza, d’Franzousen én Spidolschéff. Duerzou brauch et kenges explicativen Kommentar. Dat hei sét iech én Pensionär dem sein fréieren Patron deselweschten war wéi den vum Här Kemmer.

    1. MJ

      Besser kann een Situation nëtt analyséiren an beschreiwen. Top Kommentar

  4. Frank Bertemes

    ‘t muss ee jo eemol méi oppassen, wann een d’US-Amerikaner kritiséiert, mä och hei gëllt déi eesäteg Vue op déi Entwécklung am Noen Osten, zu där dee selwer ernannte “Weltherrscher” alt erëm ganz vill bäigedroen huet. ‘t ass dach verdächteg, wéi “oninforméiert” dee wuel stäerkste Geheimdéngscht, de Mossad, gewiescht soll sinn, deen anscheinend guer näischt soll gewosst hunn? Experten soen allerdings, datt gewësse Geheimdéngschter déi israelësch Féierung duerchaus gewarnt hunn, déi awer déi Warnungen total ignoréiert hätt…wuel pour cause? Wann een innepolitësch esou vill Problemer huet, wéi Israel der jo bekanntlech hat, da gëtt een hei gewësse Verdächtegungen net lass, oder? Mä wéi reagéiert Israel? ‘t gëtt just déi zwou Staateléisung, an dat dierft bekannt sinn.

Verloossen eng Äntwert

Required fields are marked *