periodesch iwwerschloen sech d’Alerten um Handy vun den Zeitungsediteuren. Uganks November eng Abberzuel Pushen ronderëm d’Presidentewahlen an den USA, zäitgläich mam Terrorismus zu Wien; Wochen virdrun, Taifuner an Hurrrikaner mat Iwwerschwemmungen, Méint virdrun d’Deeg mat der Afenhëtzt, quasi d’ganzt Joer iwwer Noriichten iwwer d’Pandemie, hei e puer Infektioune méi, do eng Explosioun vun de Statistiken iwwer déi Doudeg. Domatter ginn vill Mënschen net eens a gesinn d’Bild vun dëser Welt pechschwaarz!
D’Zuel vun den natierleche Katastrophen hëlt zou. Ongefiltert heescht dat näischt aneschters, ewéi d’Confirmatioun, datt de Klima am gaangen ass, ze wandelen, ze änneren also. Wat evident ze sinn schéngt, muss awer mat Virsiicht interpretéiert ginn. Dee leschte Rapport vun der UNO ass an deem Sënn problematesch, well den Text ze vill tendenziell ass. Den L’EXPRESS vum 22. Oktober 2020 schreift:“Il ne s’agit pas de contester la bonne foi des rédacteurs du rapport ni de remettre en cause les travaux sérieux sur le réchauffement climatique, mais de revenir sur la présentation extrêmement tendancieuse qu’ils font de leurs résultats, qui induit le lecteur en erreur”.
An de Joer 2000 bis 2019 goufen et 7348 Katastrophen ronderëm d’Welt; déi 19 Joer virdrun waren et der nuren 4212, eng spektakulär Hausse also! Et wier allerdéngs vermessen, si ausschliisslech dem Klimachangement zouzeschreiwen. Den IPCC schreift selwer, datt den Impakt vum Klima op extreem Naturevenementer dacks eng onsécher Saach ass. Esou géing just e “schwaachen Degré” u Fiduz fir hefteg Iwwerschwemmunge gëllen, idem fir e schlechte Karschnatz vun der Feldfruucht; an och wat d’Dréchent ugeet, wär de Lien mam Klimachangement net onproblematesch. A wann, dann och nëmmen fir e puer Regiounen um Planéit.
“…donieft muss mat a Betruecht geholl ginn, datt d’Weltpopulatioun wiisst…!”
déi lescht 19 Joer waren liicht iwer 4 Milliarde Mënschen vun esou enger Naturkatastroph betraff, ronn 800 Millioune méi wéi tëscht 1980 an 1999. Dat huet engersäits dermadder ze dinn, well et op eisem Planéit stänneg méi Leit gëtt, anerersäits, well de Mënsch sech ëmmer méi dacks a geféierleche Géigenden néierléisst. Den IPCC kënnt mam Verglach, datt Katastrophen, déi mat Sécherheet näischt mam Klima ze dinn hunn, ewéi Vulkanausbréch an Äerdbiewen an deem nämmlechten Zäitraum och ëm 25 Prozent zougeholl hunn.
Déi nämmlecht Iwwerleeungen gëllen fir de wirtschaftleche Schued, deen dës Katastrophen hannerloossen: waren et 1,6 Milliarden Dollar virdrun, sinn et der elo ronn 3 Milliarden, also bal eng Verdueblung. Och hei gëllt d’Explikatioun: d’Zuel vun den Äerdbewunner klëmmt grad esou wéi de Wäert vum Eenzelnem sengem Besëtz. Aus enger hëlzener Häipchen gouf en Haischen aus Zillen.
A wann d’Zuel vun de betraffene Leit ëm 800 Milliounen an d’Luucht goung, da muss ee korrekterweis drop hiweisen, datt d’Zuel vun den Doudegen bei esou Katastrophen bannent 38 Joer just ëm 40.000 eropgoung, alles aneschters also ewéi proportional zu der Weltpopulatioun, déi an deem Zäitraum ëm 25 Prozent geklotert ass!
“…still ruht die See bei Météo France…”
Den l’EXPRESS weist a sengem Artikel och drop hin, datt grad esou wéineg aus dem Süden vu Frankräich iergendwellech Konklusiounen op de Klimawandel ze maache sinn. Datt et mol gehéiereg reenen, fuerchtbar schëdde kann – al Fraen seet et net méi, well politesch net korrekt!-, ass näischt Aussergewéinleches: On ne note pas de tendance marquée à l’augmentation du nombre d’épisodes de pluies diluviennes dans le sud-est de la France depuis qu’on peut les recenser de manière précise”.An dat ass de Fall zanter 1958!