Recent Posts

Post Categories

Och déi politesch Oppositioun huet hire Kräizwee ze goen 
D’Sozialisten sinn an där nämmlechter Situatioun ewéi 11 Joer virdrun déi Chrëschtlechsozial: raus aus der Regierung, raus aus dem Alldagstratt,...
Europäesch reality show 
Hutt Dir et och schonn héieren? Am Juni sinn Europawahlen, déi awer keen ze interesséiere schéngen. Grouss thematiséiert goufen se...
Ieselsdrot fir den Drotiesel 
Wat si mir e verwinntent Vollek. Den ëffentlechen Transport ass bei eis gratis. E schéine Subsid vun der ëffentlecher Hand,...
Invasioun vu Busser zu Weiler-um-Tiermchen 
Schonn 2013 -2015 hat et an där schmocker Gemeng Weiler-zum-Tiermchen Remmidemmi ginn wéinst Kaméidi. An der rue des Forges konnten...

Blog Post

Gesellschaft

18 Milliounen Euro fir eng Bäckeschdosen Vëloen? 

18 Milliounen Euro fir eng Bäckeschdosen Vëloen?
Image par Andrzej Rembowski de Pixabay

Aweider geet et mat der Vëlo-Mania an der Stad.

D’Stad Lëtzebuerg soll eng Bréck bäi kréien. Eischter eng Bréckchen, nëmme fir Foussgänger a fir Vëlo. Vum Cents iwwer d’Neiduerf op Weimeschhaff/Kierchbierg. D’Neiduerf ass souwisou zanter 20 Joer en éiwege Schantjen, sou datt et normal ass, datt de lokalen Interesseveräin sech zufrecks iergert.

De Roger Braun huet deem Ierger Loft gemaach an e Lieserbréif geschriwwen…:

 

Bei der Präsentatioun vun der Bréck déi iwwert de Neiduerf fuere soll, gëtt ewéi ëmmer an deser Stad net no dem wirtschaftlechen Aspekt gekuckt. Et gëtt keng Käschten-Notzen- Analys gemach. E Schäffen wëll dëst mat alle Mëttelen duerchsetzen fir dass hien bei dene nächste Wahlen gudd do steet. Wann et géif ëm him seng Sue goen, dann géif dese Mann dee jo Compatabel ass, ganz aanescht rechnen. Hei huet een d’Gefill, dass hien just säi perséinlechen Interessi bei deser Konstruktioun am A huet. Wann een da scho liest wéi hien geschriwwen huet “Verspriechen gehaalen” gesäit een, dass et desem Mann net ëm des Bréck geet. Dei Leit déi vun esou enger Geldverschwendung betraff sinn , sinn him ganz egal.

 

Des Bréck iwwert de wonnerschéine Dal vum Neiduerf waert dëse ganze Quartier zerstéieren. Déieren gi verdriwen, Natur gëtt futti gemach, Leit gi belaestegt, etc.. Des Bréck ass vun allem wäit eweg. Si läit matzen am Niemandsland. Froe mech wat fir e Konzept hannert esou enger Planung steet.

Hei ginn vun där Clique aus dem Gemengerot nëmmen Suen (eis Suen) zu der Fenster eraus gehäit just fir sech selwer ze profiléieren, oder sech selwer en Denkmal ze setzen et geet guer net méi ëm de Wëlle vun de Leit. Well soss waeren Awunner vill méi agebonne ginn, an et wär hinnen och nogelauschtert ginn, a net einfach virun e Fait acompli gesat ginn.

Wat elo de Präis betrëfft, dee sécher och net stëmmen wärt (18 Millounen Euro), gëtt sécher wäit iwwerschratt, wéi bei esou ville Schantercher. De Steierzueler bezillt et jo a wann et dann net duer sollt goen da mache mir einfach eng Stéiererhéigung. Komesch dass virun Joren e Komunalpolitiker sech géint esou eng Breck ausgeschwat huet well de Präis ze héich war an haut soll alles gudd sinn. Wou ass dat néidegt Gläichgewiicht an deser Stad oder gëtt nëmmen verschiddene Gruppe vu Leit nogelauschtert, an dei aner bleiwen am Reen stoen? Ah jo dei krute jo eppes versprach!

 

Mir durchlaafen momentan eng schwiereg Zäit an et ass net de Moment  fir deier Spillereien ze bauen mat dubiosen Verspriechen. Mä se fueren riicht weider a geheien Suen weider zu der Fënster eraus. Wéi steet an dem leschten Gemengebericht : “ nëmmen dat Bescht vum Beschten”. Des Leit sollen D’Interessi vun de Leit aus deser Stad vertrieden, dofir sinn se jo gewielt ginn, awer wat machen se? Op Käschte vun anere Leit ginn hier perseinlech Interessi duerchgeboxt.

Roger Braun

 

An hei nach de Communiqué vum Neiduerfer Interesseveräin:

Neiduerf, den 7. Mäerz 2021

Pressecommuniqué

AM NUMM VUM VëLO!

 

De Neiduerfer Interesseveräin zéit seng Conclusiounen aus der Reunioun vum 4. Mäerz, an där déi concernéiert Commissiounen aus der Stad an d’Vertrieder vun de Quartiere Neiduerf, Cents a Weimeschhaff, um Knuedler, en Avant-Projet Sommaire vun der Velos- a Foussgänger Bréck presentéiert kruten.

Gewise gouf eng Hängebréck, Käschtepunkt: minimal 18 Milliounen Euro, eng nei Variant, déi d’Invitéen als méi schéin a besser ugepasst beschriwwe kruten, mat kaum negativen Impakt op d’Natur. A ganz wichteg: de Projet géif deenen dräi Quartieren an hiren Awunner nëmme Virdeeler bréngen.  FALSCH!, soe mir, mee dat ass näischt neies an dovunner wollt d’Buergermeeschtesch och absolut näischt méi héieren!

Duerfir hei EIS Äntwerten:

Eng Biergerbedeelegung déi KENG ass: wat d’Lydie Polfer en Donneschdeg als déi grouss Neiegkeet vum Dag annoncéiert huet, nämlech d’Abannen vun den Interesseveräiner an d’Entwécklung vun engem Projet, war an ass näischt anescht ewéi Fake! “Mir hu gemengt et wier awer och wichteg, déi dobäi ze hunn, well soss hätte mer nach eng nei Réunioun mat deene gemat…eng pragmatesch gutt Léisung…”, an den Ae vun der Buergermeeschtesch.

“Verspriechen agehal”: De liberale Mobilitéitsschäffen post dës Ausso op Facebook. Wiem huet de Patrick Goldschmidt wéini wat versprach? Villäicht der Vëlosinitiative an de Membere vum Mouvement Ecologique? Deene potentielle Gréng-Wieler, déi kéinte Blo ukräizen?

Eng DP där de Commerce egal ass: d’Remarque dass um Emplacement vun der Vëlos Bréck näischt méi geännert gëtt weist nach eng Kéier d’Bornéiertheet vum Schäfferot! Dass déi puer couragéiert Geschäftsleit vun der Bréck op dëser Plaz GUER NÄISCHT hunn, ass de Stater Liberalen egal!

Eng Bréck fir de Vëlo, a nëmmen de Vëlo: De Mobilitéitsschäffen ka mat sengem “agehalene Versprieche” wuel just un déi puer Cyclisten denken, déi iwwer dës Bréck wäerte fueren. Well als Foussgänger huet een – ausser et ass een e Résident dee vun där enger op déi aner Säit schaffe geet – ABSOLUT NÄISCHT vun der Bréck op dëser Plaz – an och vum Lift net! Well do ënne bei eis am Neiduerf ass weder eng Schoul, nach e Restaurant oder soss e Commerce.

Eng Defiguration vun dem Neiduerf. De Quartier Neiduerf an der Stasd ass een wou nach vill Natur Riets a Lenks vun dem Dall ass. E scheine Besch wou mir nach eng gewesse Liewensqualiteit hunn. Elo wellen si dese Rescht Besch och futti machen an eis mat engem riesege Bauwierk beglecken. Also Natur an Zefriddenheet vun de Leit spillt an hierem Denken keng grouss Roll.

Als Neiduerfer soe mir nach eng Kéier kloer NEEN zum Projet, wéi en elo virläit. En ass mat 18 Mio ze deier, well en d’Interessie just eleng vum VELO vertrëtt. Um Enn wäert dës Bréck een un eng Zäit erënneren, wou d’gewielte Vertrieder an der Stad eleng fir sech selwer geschafft hunn a net fir d’Bierger.

 

Syndicat d’Interets Locaux du Neudorf

Related posts

Verloossen eng Äntwert

Required fields are marked *