Recent Posts

Post Categories

E puer Lektiounen aus der Pandemie 
5 Joer sinn et hier, datt d’Welt sech mat engem Lockdown agespaart huet. Näischt goung méi am ëffentleche Liewen: a ville...
Politesch Meteo vun der DP 
Bei der DP gi Still geréckelt an domadder Weiche fir d’Zukunft gestallt.Tatort: dëse Sonndeg um Kongress. D’Carole Hartmann gëtt nei...
Eng Majoritéit ass (k)eng Majoritéit! 
Alles wat iwwer 50 Prozent läit, ass an der Politik eng Majoritéit. Et kann awer och de Spunnes mat der...
Frank Bertemes: Die CSV und die irenische Formel 
“In dem Begriff soziale Marktwirtschaft liegt die Betonung auf dem Wort sozial.” Julius Raab Julius Friedrich Raab (* 29. November 1891 in St. Pölten, Niederösterreich; † 8....

Blog Post

Aussepolitik

Déi schéin nei Welt koum e bësselche séier 

Déi schéin nei Welt koum e bësselche séier
Image par Yukiko Sakata de Pixabay

Et gi Noriichten, déi muss een e puer Woche sacke loossen, mautschen, verdauen, rëmknaen an nach eemol verdauen, ier een dee ganzen Ëmfang dovunner ufänkt, ze verstoen. Eis schéin al Welt ass um leschten Dag vum Mount Februar am Joer 2025 zu Graf gedroe ginn. D’Begriefnes wor alles aneschters ewéi an der Intimitéit: déi ganz Welt wor invitéiert a konnt op der Televisioun der Zeremonie nokucken. De Läichendéngscht gouf gehalen vum US-President Donald Trump. Et hätt een sech et kënnen denken!

  • Den 12. Februar koum déi éischt Iwwerraschung. Den Trump telefonéiert wärend 90 Minutte mam russesche President an zwar ouni sech virdrun mat den europäeschen Alliéierten ofgeschwat ze hunn. Domadder wësse mir, wat hien vun eis hält
  • De 14. Februar kritt Europa vum amerikanesche Vizepresident Vance gehéiereg d’Lewitte gelies. Den ale Kontinent misst méi maache fir seng Verdeedegung
  • Den 18. Februar eenegen sech d’Ausseministeren aus Russland an aus den USA, datt déi zwee Länner sech solle méi no kommen.
  • Eng Woch drop stëmmen d’USA a Russland am Weltsécherheetsrot vun der UNO eng Resolutioun, an där vergiess gi war, Russland als den Aggresseur ze bezeechnen; par contre gouf net de ganzen Territoire vun der Ukrain unerkannt
  • Enn Februar gouf den ukrainesche President Selensky vum amerikanesche President Trump an d’Wäisst Haus invitéiert, eendeiteg eng Fal: de Mann gouf der Welt als irresponsabele Bimbo presentéiert.

    actualité 24 heures

Dat alles zesumme gekuckt, kann op Verrot schléisse loossen, Verrot vun den USA un hiren NATO-Alliéierten. Dee Verrot koum allerdéngs net ganz iwwerraschend. Schonn den amerikanesche President Obama hat et ugedeit, -wann och vill méi diplomatesch an net wéi den Trump mat Blëtz an Donner. Am Joer 2016 sot den Obama zum Beispill zu Hannover: “Ich muss ehrlich sagen, dass Europa manchmal etwas selbstgefällig war hinsichtlich der eigenen Verteidigung.”  (Deutschlandfunk). Déi däitsch Medien waren deemools voll domadder, awer just fir 24 Stonnen Duerno war et als Thema vergiess.

Datt d’Amerikaner sech verblöt virkommen, quasi als eenzegt NATO-Memberland esou vill Suen an de Verdeedegungsbudget gebottert ze hunn, ass nozevollzéien. No der diplomatescher Kéier vum Obama koum den Trump mam Briecheisen. Europa huet sech déi lescht 3 Joerzéngten – nom Fall vun der Berliner Mauer- absolutt net genéiert, vun den Dividenden vum Fridde souzesoen netto ze liewen. Elo op eemol hunn d’Politiker d’Gummi’s-Box voll. Europa steet eleng do a kritt mat, datt déi international Relatioune äusserst komplizéiert goufen: do ass mol fir d’éischt de Krich um ale Kontinent, do ass déi russesch Gefor, ∂o sinn d’Chineesen déi och ëmmer méi mat der Scheierpaart wénken, do ass Amerika, dat eis fale gelooss huet.

Photo de Keith Double: https://www.pexels.com/fr-fr/photo/photo-de-jets-avec-sentier-de-fumee-2685346/

Neierdéngs gëtt iwwer Saache geschwat, déi een sech virun 2 Méint nach net hätt kënne virstellen. Zum Beispill d’Aféiere vum Militärdéngscht. Nach ass et net esou wäit, ma eleng sech mat der Eventualitéit vun esou engem Gedanken mussen unzefrënnen, ass nees esou eng berüchtegt Zeitenwende, oder Doppelwumms. Vill europäesch Länner di sech schwéier, de Verdeedegungsbudget substantiell eropzesetzen. Italien, de Portugal, Griechenland hu grad d’Auswierkunge vun der Finanzkris iwwerwonnen a sinn elo net bereet, nei Scholden op sech ze huelen.

De lëtzebuerger Staatsminister Luc Frieden bretzt sech domadder, datt mir am Joer 2030 kéinten bei den 2 Prozent ukomm si vum Staatsbudget. Schonn? Ëmmerhin 5 Joer! Et stellt sech evidenterweis d’Fro: woher nehmen, wenn nicht stehlen? Et muss op anere Plazen am nationale Budget gespuert ginn, fir déi Suen zesummegekraazt ze kréien. An anere Wieder: fir de Sozialstaat kéint et méi enk ginn….

 

 

 

 

Related posts

2 Comments

  1. Frank Bertemes

    Ganz genee – vun iergendwou muss dat Geld fir déi erzwongen Obrüstung jo hier kommen – jiddefalls net vun deene “breede Schëlleren”, vun deenen et oeigentlech offensichtlech wär, datt déi deen Irrsinn misste stemmen…
    Dozou een nächsten Text…

  2. Jean

    Wann Europa endlech giff bekaeppen,dass d ukrain net dozou geheiert an definitiv neescht an der EU ze sichen huet, wir de gros vum problem scho geleist.

Verloossen eng Äntwert

Required fields are marked *