Recent Posts

Post Categories

Pandemie-Politik: Eng Enquête-Kommissioun zu Lëtzebuerg? 
No all där Opreegung ëm déi vill schlëmm a manner schlëmm Konsequenzen ëm deen ominéisen Topic „Pandemie “ an och...
Zirkus an der Politik ronderëm den Atom 
Gebongt. D’Aussoen vum Premier Luc Frieden a vum Ëmweltminister Serge Wilmes iwwer déi lëtzebuerger Atomstrategie koumen zum falschen Ament an...
Frank Bertemes: Rettet das Saatgut! 
„Die Rettung der Menschheit besteht gerade darin, dass alle alles angeht.“ —  Alexander Solschenizyn Wenige Dinge sind so kostbar und...
Atmosphäresch Virkrichszäit 
Mir liewe momentan e bësselchen an der Ambiance vun “1938”. Deemools wosst den informéierte Mënsch ganz genee, datt eppes Gréisseres...

Blog Post

Ëmwelt

NATURATA a Schwieregkeeten 

NATURATA a Schwieregkeeten
Marc Thoma

 

De Bio-Buttek vun Naturata zu Steesel mécht dëse Samschdeg zou! Eng traureg Geschicht, virun allem natierlech fir déi 13 Ugestellten, déi elo entweder gekënnegt kruten oder déi vun anere Filialen vun Naturata iwwerholl ginn. Et ass awer virun allem eng Geschicht, déi d’Hypokrisie vun eis alleguerten plakeg ausdeet.

Marc Thoma

Nach keng Woch ass et hir, datt mir eis e gutt a virun allem gesonnt neit Joer gewënscht hunn. D’Gesondheet ass tatsächlech dat Wichtegst an eisem Liewen, si ass den A an den O vun eisem Alldag. Glécklech deejéinegen, dee sech ouni gréisseren Utsch a Wéi kann duerch d’Liewe beweegen, fir déi Krank – séilesch oder physesch- ass dat Liewen dacks eng Plo. Prost also op d’Gesondheet! An et gehéiert zum gudden Toun, drop opmierksam ze maachen, datt een bereet ass, och eppes fir déi Gesondheet ze maachen. Zum Beispill duerch Bio-Produkter.

Dat schéngt awer esou net ze stëmmen, dat ass éischter gesellschaftleche Bluff! Well wéi ass et sech sos ze erklären, datt déi Filial zu Steesel schonn 10 Méint no der Ouverture muss de Schlëssel ënner den Teppech leeën? Vill Gedanken gi mir duerch de Kapp. Wann ech laanscht de Parking fueren vun enger Epicerie déi bekannt ass, besonnesch präisgënschteg ze sinn, da gesinn ech reegelméisseg där ganz décker BlechcarNaturata,Bio-Bauer,Gesonndheetrosserieën do stoen. Also eng Clientèle, déi sech finanziell gutt steet, déi sech duerchaus eng e bësselche méi deier Muetenzalot kéint leeschten. Fir d’Gesondheet ass engem schliisslech jo näischt ze deier!

Marc Thoma

Quetschen och! Grad um Iessen gëtt gespuert op Däiwel komm eraus, schliisslech muss ee jo deen décke Woon ofbezuelen an et wëll een dëst Joer net zweemol, ma dräimol an d’Vakanz, Klima hinn, Klima hier. Dat nennt een dann fräi Maartwirtschaft, wou och näischt dergéint ze soen ass. Ma e bësselchen perséinlech Éierlechkeet wier dach ubruecht, oder?

Fair a kooperativ mat de Bio-Baueren”, dat war d’Devise 1989 ënnert där d’BIOG (Bio-Baueren-Genossenschaft Lëtzebuerg) gegrënnt gi war. Ouni chemesch Pestiziden, ouni genetesch Technologie, ouni Wuesstëmshormoner, ouni Massenzuucht. Am Laf vun der Zäit hu méi ewéi 12 Naturata-Geschäfter hir Dieren opgemaach a konnten op eng trei Clientèle zeréckgräifen. Ma grad déi schéngt an der Lescht dach ëmmer méi kleng ginn ze sinn.

Virun allem awer gëtt elo de Bio-Secteur zu Lëtzebuerg – souwisou net masseg vum Landwirtschaftsministère ënnerstëtzt- gehéiereg duerchgerëselt. E Beispill, dat alles ausseet, ass déi vill gelueften Bio-Mëllech. Si kënnt aus dem Auder vun enger glécklecher Kou déi méi Ausgang huet, déi selwer Bio-Fudder ze frupse kritt, manner Antibioticken. Mä, as de Bio-Bauer och glécklech? Wat dat Finanziellt betrëfft, wuel éischter net!

Et geet een dervunner aus, datt bei där liicht méi deierer Bio-Mëllech och méi fir de Bauer erausspréngt. Schliisslech leescht hien eppes fir Fauna a Flora. Do staunt een awer net schlecht. Grad fir hien spréngt manner eraus ewéi fir den traditionelle Landwiert. Et muss een also schonn eng grouss Portioun Courage hunn fir sech als Bauer op Bio ëmzestellen. Wann een allerdéngs vox populi nolauschtert an och der groussherzoglecher Press, da mengt een, Bio wär d’Reegel!

Fakt ass, datt et am Grand-Duché eng Abberzuel vu Supermarché gëtt an datt fir d’Geschäftsleit d’Stéckelcher vum Kuch am Laf vun de leschten 20 Joer méi kleng goufen. Fakt ass och, datt vill Lëtzebuerger an de Cactus ginn, dee sech jo ewell als Stéck vu Lëtzebuerg bezeechent. De Cactus gëtt gären d’Epicerie vun de Staatsbeamten genannt. Dann den Auchan, éischter fir d’Francophonnen, de Match, Aldi, Lidl, Delhaize a wéi se all nach heeschen. An där grousser Ketten dann och Naturata.

Hir neiste Filial zu Steesel/Walfer war zugläich déi Flottsten. Datt si elo muss zoumaachen, ass wuel dorobber zeréckzeféieren, datt an den direkten Alentouren gläich e puer Supermarché hier d’Liewe schwéier gemaach hunn

Marc Thoma

An de Gruop Cactus ass natierlech och eng Konkurrenz. Op Nofro schreiwt mir hiren Administrateur-Directeur Laurent Schonkert: ” Den BIO beim cactus schléit séch trotz dem schwiregem émfeld nach émmer ganz gudd a mecht ronn 8 % vum Geamtëmsatz « alimentation » aus.

Dat as é ganz appréciablen chiffer,a mir waerten dëst segment och an der zukunft weider ausbauen.

De Malaise an der Bio-Zeen ass grouss. Well nach aner Bio-Geschäfter stiechen a schlechten Dicher a riskéieren bis d’Enn vum Joer eng Faillite, oder, wéi d’Fransousen dat neierdngs nennen: eng défaillance. Ee Geschäft dovunner huet schonn eng Spenden-Aktioun lancéiert fir op déi Manéier kënnen ze iwwerliewen.

Anerer, wéi d’Naturata zu Mënsbech huet schonn am leschten Hierscht hire Restaurant aus Käschtegrënn mussen zoumaachen. Do goufen exklusiv gesonnt a biologesch Menüen ugebueden. D’Gesondhet ass eis jo -schéngt ës- esou wichteg. En Trauerspill am räiche Lëtzebuerg, wou déi deierst, déi déckst an déi jéngst Blechkutschen a ganz Europa rullen.

Mat Schold dorunner ass wuel och de Landwirtschaftsministère, dee just vu Bio schwätzt, fir sech domadder kënnen ze bretzen, awer an der Praxis d’Bio-Baueren am Stach léisst. Also iergendwéi och: Aarmt Lëtzebuerg!

Related posts

6 Comments

  1. Mario Dichter

    Bei der BIOG get Reklam domat gemaach, dass een ouni soug. Genmanipulatioun schafft. Daat ass eng gudd Saach an ass och z’ënnerstëtzen. Komisch awer, dass een och vun der BIOG oder engem Naturata näischt héieren huet an nach ëmmer näischt héiert, wann et drëms goung a geet, dem Foussvollek eng Genmanipulatioun an den Aarm ze sprëtzen, och mRNA-Impfung genannt.
    Genmanipulatioun bei de Béischten pfui, bei de Mënschen hui? Ass daat net och eng Zort Hypokrisie?
    Ech hun dem Naturata a mengem Liewen scho vill Suën gedroën, aus Iwerzeegung, a wollt am Oktober d’lescht Joër, souzesoën dem “Eng Hand wäscht déi aaner”-Prinzip follegend, Flyeren an enger vun hiren Filialen ausleen. Anscheinend stoung om Flyer awer net daat Richtigt drop, well se op Uerder “vun uewen” hu missen eweggehol gin.
    D’Thema vum Flyer war “Warum ist in der Ukraine ein Krieg ausgebrochen?”, e Virtrag vum Dr. Daniele Ganser, deen ech mat organiséiert haat. Als Begrënnung vun der Flyer-Zensur hun ech ze héieren kritt, de Naturata wier do neutral.
    An de soziale Medien awer huet de Naturata séch kloër Richtung Selenskyj a Co positionéiert an hiren Chef ass séch am Editorial vum aktuellen “Oikopolis” och net ze schued, Russland onreflektéiert a beschtem NATO-Sprech als “Aggressor” ze bezeechnen, waat anscheinend einfach mol esou, ouni Grond, an d’Ukrain amarschéiert ass.
    Villäicht wier et awer besser gewiescht, séch mat der Thematik vum Flyer auserneen ze setzen an op de Virtrag ze kommen, amplaatz e, poltisch korrekt, an d’Poubelle ze klaken.
    Hypokrisie kann een also net nëmmen de Clienten mat den décken Autoën (waat e perséinléche Choix ass) ënnerstellen, ma muss een leider och bei de Verantwortléchen vum Naturata selwer fetsstellen.
    De Cactus haat d’Flyeren iwregens ouni Problem ausgeluecht…

  2. Jean

    Haer Dichter.
    Bei naturata hun ech bis elo nach keen cent gedroen a waert dat och an zukunft net machen.
    Dei ganz greng mouvance dei am ufank mat leit wei muck huss oder jupp weber e gewessen grad u sympathie konnt ausleisen ass seit hirer ennerstetzung fir d nato bombardementer op serbien bei mir ennen durch.
    Hire blannen support fir dee fantanteschen covid vaccin a lo den zelenski regime confirmeieren den androck.
    Da nach leiwer cactus…obwuel ech do och net stammclient sin.
    Mais bon…et geet jo net drem fir hei pub fir e commerce ze machen.

  3. Mario Dichter

    Här Jean,
    naturbeloosen, oder zumindest esou vill wéi méigléch naturbeloossen Iesswueren hun a méngen Aën absolut näischt mat “gréngen” Fantastereien a scho guer net mat Bombardementer op Serbien ze din. Daat sin zwee Puer Schong a sin strikt ze trennen.

  4. Frank Bertemes

    Déi zwee Hären maachen op alle Fall dee richtege Lien – Corona an d’Ukraine – alles mécht Sënn!
    Och mir si säit laange Joren Client vun den Naturata-Buttécker a kafen och generell vill Bio-Produkter, wou grad den “Demeter” – Label qualitativ ervirstécht. Datt awer just Leit, déi no der Steiner – Theorie vun der Anthroposophie, déi eeben ausdrécklech an de Beräicher vun der bio-dynamëscher Landwirtschaft an och an der Medizin aktiv sinn an no deene Prinzipie schaffen (mat iwwregens och der entspriechend orientéierter Bildung an de Waldorf-Schoulen) déi Covid-Impfungen net vun Ufank un drastësch a Fro gestallt hunn ass – Här Dichter mat Respekt fir Är Interventioun – een absoluten No-Go!Grad esou wéi déi aaremséileg Astellung vun deene Gréngen an hirer “alternativer” Press (woxx) , déi ouni Kritik an déi selwécht Richtung strikt no gläichgeschaltetem, offiziellem Narrativ gaange sinn, eigentlech ee Skandal ass! An eis NATO-Höregkeet, wéi deen Ukraine-Konflikt via eis Regierung dat och beschtens illustréiert, ass grad esou penibel! Och wann dee Putin-Regime sécherlech net z’ënnerstëtzen ass, sou ass et ganz einfach inacceptabel, datt d’USA an d’Waffe-Lobby via déi blann Obéissance vun den NATO-Memberstaten zu deem kommen , wat se wëllen – an dat op eis Käschten- dat alles ass ganz einfach ee Skandal!Et dierf een eppes net vergiessen: alles leeft am Sënn vum “Great Reset”- deen déi Häre Schwab a Malleret ouni Rücksicht an hirem Buch “COVID-19: Der große Umbruch” am Joer 2020 als Publicatioun vum Weltwirtschaftsforum erausbruecht hunn, ukënnegen-an dat ass Programm, natierlech ënner dem Diktat vun den USA als déi dominant Weltmuecht, déi eeben och Russland wëll ënnerwerfen- dat ass dem Biden säin Zil! Muss ee sech wonneren, datt Russland sech dogéint wiert-och wann dat natierlech fir eis all mat rëm Krich an Europa – deen awer ee Stellvertriederkrich ass – net grad passt? A mir am Endeffekt all färrem drënner leiden! Jo, dem Här Kaiser säin Artikel hei féiert zu ganz vill weideren Iwwerleeungen….
    Die Macht des Menschen liegt in seinem Weitblick – sou mol am Buch, dat grad ernimmt gouf-‘t freet sech just, a weem sengem Sënn – och wann dat eigentlech kloer ass….

  5. Metti Wolter

    Tja, den Letzeboier well eben den Noper mat engem decken Auto beandrocken, och wann hien sech den am Fong net leeschten kann. Et ass eben wichteg ze weisen dat een eppes huet an kann. Dofir muss dann eben den Rescht vum Joer bëllegt, mat Chimie verseuchten an ënnert erbäermlechen Konditiounen souwuel fir Mënsch an Déier hiergestallten Fudder konsuméiert ginn. 

    Wat déi traureg Tatsaach awer elo am Covid 19 respektiv mam mam Ukraine Krich ze dinn huet ass mir een Rätsel. Warscheinlech ginn et Leit, déi zu all Artikel iergendeen Zesummenhang mat deenen zwee Themaen fannen.

    Här Kaiser, schreift mol een Artikel iwwert iergend eng Schmier déi mat der gebotterter Sait op den Buedem gefall ass. Hei ginn et bestëmmt Leit, déi een Lien mam Covid 19 respektiv Ukraine Krich an der Botterschmier erausfannen kennen.

  6. Michel Brebsom

    Nirwend mengem klengen “bio” Gäertchen, an deem ech virun allem am Summer e bëssi Geméiss ubauen, kaafen ech, wa méiglech a prioritär, Bio-Produkter, an dat am léifsten am Naturata.

    Ech hunn och e Naturata op mengem Arbechtswee, den Naturata op der Schanz, wat jo ganz praktesch wär, wann en e bëssi méi spéit op wär. De Naturata mecht elo Mueres méi fréi op, awer fir mech wär et besser, sie géifen Owes méi laang op hunn. Ech schaffen bis 6, a wann ech bis op der Schanz sinn, dann ass et kuerz virun 7, also kuerz ir se zou maachen. Da fueren ech weider op Iechternach (läit och op mengem Heemwee), wou et eng ettlech Supermarchéë gët, a kaafen do meng Bio-Produkter déi ech am dréngenste brauch. Vun Zäit zu Zäit fueren ech dann Samsdes extra an den Naturata, och fir dës méi kleng Supermarché-Chaîne z’ënnerstëtzen, obwuel ech dofir baal 20km fuere muss, an dat net wierklech ökologesch ass.

    A wann ech dann mol eng Kéier gudd Bio-Fleesch kaafe wëll, da muss ech op Mënsbech an de Naturata, well deen op der Schanz keng Metzlerei hued. Well ech kee Fleeschmued sinn, kënt dat awer seele fir.

    Et ass also fir mech net sou einfach. Ech géif gären méi oft an en Naturata, oder ähnlech Bio-Buttiker, akaafe goen, awer ech kréien vill vun deene Bio-Produkter och a Supermarchéën ze kaafen, déi méi no sinn a méi laang op hunn.

Verloossen eng Äntwert

Required fields are marked *