Recent Posts

Post Categories

Pandemie-Politik: Eng Enquête-Kommissioun zu Lëtzebuerg? 
No all där Opreegung ëm déi vill schlëmm a manner schlëmm Konsequenzen ëm deen ominéisen Topic „Pandemie “ an och...
Zirkus an der Politik ronderëm den Atom 
Gebongt. D’Aussoen vum Premier Luc Frieden a vum Ëmweltminister Serge Wilmes iwwer déi lëtzebuerger Atomstrategie koumen zum falschen Ament an...
Frank Bertemes: Rettet das Saatgut! 
„Die Rettung der Menschheit besteht gerade darin, dass alle alles angeht.“ —  Alexander Solschenizyn Wenige Dinge sind so kostbar und...
Atmosphäresch Virkrichszäit 
Mir liewe momentan e bësselchen an der Ambiance vun “1938”. Deemools wosst den informéierte Mënsch ganz genee, datt eppes Gréisseres...

Blog Post

Divers

D’Märche vun der versprachener Vëlosbréck 

D’Märche vun der versprachener Vëlosbréck

                                          

Elo ass déi 6m breet Bréck am Dezember mat 24 vu 27 Conseilleren gestemmt gi, déi iwwert de Neiduerf geet.

 

Den Uhu, Vull vum Joer, den do wunnt seet der Madamm aus der Gemeng an dem Schäffen den Versprieche gëtt villmools Merci. Obwuel dëst Deier Europawäit geschützt ass gëtt näischt an déi Richtung ënnerholl, dass dëst Déierchen a Rou an engem intakten Liewensraum ka liewen. Vun dem Ëmweltministere gëtt mol näischt ennerhol mat dem Argument dëst hätt e minimalen Impakt op Natur.

 

Komesch de Preis ass schonn bannent enger Kuerzer Zäit em bal 3 Milliounen an Luut gaangen. Elo ka jiddereen sech ausmolen wat dëst Ungetüm wäert kaschten. Et muss een sech virun d’Aen halen dass dëst Steiersue sinn an dass een mat dëse Suen als Bon Pere de Famille soll verfueren, a net se zu der Fënster eraus geheien, just fir e Bling Bling Projet.

 

Se bauen en Waassertuerm wou se sech selwer, erëm eng kéier, op Schëller klappen, dass do Brutplatze entstinn fir de Wanderfalken. Hei gëtt eppes gemaach fir den Ëmweltschutz awer just nëmmen well dëst eng Natura 2000 Zone ass. Dëst ass erëm esou e Bauwierk wou Käschten alles sprengen.

 

Fir elo op des Bréck erëm zeréck ze kommen, do wäert sech eng Vëlo-Entreprise freeën, dass si elo schéin Touren kann organiséieren, an dëst op Käschten vun de Leit aus dem Neiduerf. Den Mobilitéitsschäffen steet net fir Idee vun der Bréck mä hien huet e Verspriechen enger Veloslobby ginn. Et geet him net em Natur oder Fauna a guer net em Deieren, just em dat Verspriechen wat hien gin huet.

 

Wou bleift den Austausch mat de Bierger oder ass et just nëmmen en eesäitegen Austausch. Dat ass et éischter, wei bei aneren Projeten wou Leit einfach virun der Dier stoen gelooss ginn. Hei gëtt just nëmmen op d’Administratiounen gelauschtert. Et gëtt net méi de Leit nogelauschtert. Ass elo eng Meenung vun enger Administratioun oder engem Veräin oder enger Entreprise méi wichteg wei Meenung vun de Leit aus a ronderëm de Quartier. Esouguer eng Petitioun déi gemaach ginn ass doriwwer setzt déi Madamm sech einfach ewech. Dat selwecht wa Leit bei der Gemeng eppes nofroen. Den Mobilitéitsschäffe seet en hätt eng Impakt Etude zu der Bréck gesinn mä net gelies. Firwat kreien Leit des Dokumenter net? Gett just de Leit Sand an Aen gestreet.

 

Hei gëtt en Dall an zwee gespléckt an de Bësch Riets a Lenks vun dem Neiduerf gëtt bewosst futti gemaach. Alternativen zu dësem Prestigeobjet sinn ni a betruecht gezu ginn. Dat waren Ideen déi vun de Steierzueler komm sinn. Des Ideen sinn jo net wichteg an déi sinn eis ganz egal mir maachen wei mir wëllen.

 

Elo sinn geschwënn erëm Walen da ginn erëm déi berüümte Propaganda Wieder benotzt. TRANSPARENZ a MATBESTËMMUNG. Dest sinn, wei mir alleguer wëssen nëmmen eidel Wieder. Des Wieder ginn eis ëmmer an ëmmer Gebetsmuehlenarteg virun Walen erzielt, mat der Hoffnung dass d’Leit hinnen dat gleewen. Et ass einfach gesot e schéint Märchen.

 

 

Syndicat aus dem Neiduerf

 

 

Related posts

1 Comment

  1. Phil

    Dier musst kennen ënnerscheeden zwëschen engem “soignéierten Stader Language” virun de Wahlen, an dem sabbelegen Präppelisgespréich duerno. Mam Rescht vun ärem Commentaire sinn ech komplett d’Accord!

Verloossen eng Äntwert

Required fields are marked *