Recent Posts

Post Categories

Pandemie-Politik: Eng Enquête-Kommissioun zu Lëtzebuerg? 
No all där Opreegung ëm déi vill schlëmm a manner schlëmm Konsequenzen ëm deen ominéisen Topic „Pandemie “ an och...
Zirkus an der Politik ronderëm den Atom 
Gebongt. D’Aussoen vum Premier Luc Frieden a vum Ëmweltminister Serge Wilmes iwwer déi lëtzebuerger Atomstrategie koumen zum falschen Ament an...
Frank Bertemes: Rettet das Saatgut! 
„Die Rettung der Menschheit besteht gerade darin, dass alle alles angeht.“ —  Alexander Solschenizyn Wenige Dinge sind so kostbar und...
Atmosphäresch Virkrichszäit 
Mir liewe momentan e bësselchen an der Ambiance vun “1938”. Deemools wosst den informéierte Mënsch ganz genee, datt eppes Gréisseres...

Blog Post

Gesellschaft

Decidéiert! D’Heeschen gëtt an der Stad Lëtzebuerg gréisstendeels verbueden 

Decidéiert! D’Heeschen gëtt an der Stad Lëtzebuerg gréisstendeels verbueden

D’Heescherten an der Haaptstad hunn an de leschten 20 Joer kräfteg an der Zuel zougeholl. Konkurrenz belieft d’Geschäft kéint een zynesch soen, an effektiv ginn et reegelméisseg Streidereien ënner hinnen, fir eng gutt Plaz ze ergadderen; ma et ass an der Haaptsaach d’Heesche vun organiséierte Banden dat dozou gefouert huet, datt een hinnen op Schratt an Tratt begéint. D’Police huet scho viru 5 Joer op déi Zort Mënschenhandel opmierksam gemaach.

gkonline

Derbäi kënnt, datt ëmmer méi Flüchtlingen “hiert Gléck” op der Strooss probéieren. An dat hält ëmmer méi Leit dovunner of, iwwerhaapt an d’Stad ze fueren, an also leiden d’Geschäftsleit ënner där ablacklecher Situatioun. Dat Ganzt jäizt no enger politescher Reaktioun!

Blo a virun allem Schwaarz um Knuedler hate fir déi lescht Wahlcampagnen den Thema Sécherheet op hir Prioritéitelëscht gesat. Scho virun de Wahlen haten si probéiert, d’Heeschen an der Stad sträppweis ze verbidden. Si haten dobäi näischt aneschters gemaach ewéi de Modell vun Dikrech an Ettelbréck einfach ze kopéieren, ma déi rout Inneministesch Taina Bofferding hat en Hoer an der Zopp fonnt: d’Heeschen blouf an de Stied erlaabt.

Bild von Brigitte Werner auf Pixabay

Zanter engem Mount ass d’CSV an der Regierung a si wëll an der Stad an op der Gare ganz schëtzeg Neel mat Käpp maachen- iwwregens zesumme mat der DP-Buergermeeschtesch Lydie Polfer déi op deem Sujet den nämmlechten Tango danzt. Dëse Méindeg gouf den neien Inneminister Leon Gloden (CSV) säin Accord fir de Projet an der Stad Lëtzebuerg. D’Heeschen soll am Do op villen, ma net op alle Plaze verbuede ginn. Am Fréijoer stoung an deem geplangte Reglement fir d’Police e.a. dat heiten:

Article 42.  Dans l’intérêt de la sécurité et de la salubrité publiques, toute autre forme de mendicité est également interdite du lundi au dimanche inclus, de 7.00 heures à 22.00 heures, ceci sur toutes les aires de jeux et dans les parkings publics, ainsi que dans les rues, places et parcs publics suivants de la Ville de Luxembourg:

Quartier Ville Haute:

 

L’intégralité de la zone se trouvant à l’intérieur du périmètre délimité par les rues suivantes: boulevard Royal – Côte d’Eich –  rue du Palais de Justice – rue Wiltheim – rue Large – rue du Saint Esprit – Plateau du Saint Esprit – boulevard F.D. Roosevelt – boulevard Royal.

 

  • Quartier Gare:

 

avenue de la Liberté

avenue de la Gare

boulevard de la Pétrusse

Pont Adolphe

rue de Strasbourg

 

  • Places publiques:

 

Champ du Glacis

Place de la Constitution

Place de l’Europe

Place de la Gare

Place Léon XIII

Place de Paris

Place du Parc

Place de Strasbourg

Place Wallis

 

  • Parcs publics

 

Parc de Cessange

Parc Edith Klein

Parc municipal d’Edouard André

Parc de Gasperich

Parc Kaltreis

Parc Laval

Parc Mansfeld

Parc de Merl

Parc Central

Parc Tony Neuman

Skatepark Dommeldange

Skatepark Gasperich

Skatepark Péitruss

Article 43. Il est interdit d’interpeller, d’accoster ou suivre, ainsi que d’entraver la libre circulation sur la voie publique des passants, automobilistes ou autres conducteurs, de sonner aux portes pour importuner les habitants et d’entraver les entrées d’immeubles et d’édifices publics ou privés, les entrées de commerces et les passages. 

Do kënnt also e ganze Batz Aarbecht op d’Police duer. Un hinne wär et dann, fir d’Strummerten Dag fir Dag dovunner ze iwwerzeegen, Stroossen a Gaassen an der Stad an op der Gare fräiwëlleg ze verloossen; a sinn si awer net wëlleg, da missten si matgeholl ginn, wuel déi eng oder aner Kéier net ganz ouni Gejäiz a sos Remmidemmi. Net onbedéngt déi schéinsten Zeene wäerten sech do ofspillen, an et muss warscheinlech och net laang gewaart ginn bis et déi éischt Protester gëtt aus der Zivilpopulatioun.

Bild von Alexander Fox | PlaNet Fox auf Pixabay

An esou héiert een aus den CSV-Reien, datt ee wëll virsiichteg virgoen, mat Fangerspëtzegefill. Wann d’Reglement bis a Kraaft ass, sollt d’Police mol mat Opklärungsaarbecht ufänken, mat de Strummerten an d’Gespréich kommen an hinne bäibréngen, datt et verbueden ass, an der Stad ze heeschen. Iergendwellech Strofen sinn iwwregens net vun der Gemeng virgesinn.

Fir deen net grad klenge Schantjen ginn 2 Policebeamten net duer. Do brauch een der schonn eng Partie méi. Déi politesch Stäip huet de Knuedler nees eng Kéier an der Persoun vum Leon Gloden, dann net als Inneminister, ma als neie Policeminister. Wéinstens déi politesch Zesummenaarbecht ass garantéiert. Egal wéi de Projet ausgeet, hie verdäitlecht elo schonn, wéi wichteg et ass, datt grouss Gemengen nees eng lokal Police kréien déi ënner hirem Kommando steet.

A sollt et mam Heescheverbuet an der Haapstad klappen ass dovunner auszegoen, datt d’Strummerten an aner Gemengen auswäichen, respektiv op de Parking vu Centres commerciaux op der grénger Wis

Related posts

2 Comments

  1. Jean

    Do huet de minister Gloden jo eng praezis aarbecht ofgeliwert.
    Ech haeet just nach dorun geduecht als ajoute un der zone d interdiction de la mendicite den ecran video vun eiser Chamber beizefuegen…notamment bei optretter vun auslaennesche presidenten…mai dee befennt sech jo am quartier ville haute a misst domat ofgedeckt sin.

  2. Phil

    Ënnert dem emgedréinten Aspekt vun “mit Speck fängt man Mäuse” wär de Problem séier geléisst wann d’Leit géifen ophalen eppes ze ginn. Bref, vill déi sech iwwert dat ausufernd “Geschäftsmodell” vun der Bettlerei opreegen, hätte besser de Portemonnaie an der Täsch ze loossen.

Verloossen eng Äntwert

Required fields are marked *