Virun enger Woch – no der rezenter SONNDESFRO- hat ech de Parteipresident frontal ugegraff: de Frank Engel sollt/misst demissionnéiren. Ech hunn duerno mat him dësen Interview ënnendrënner gefouert. De Frank Engel schwätzt iwwert den Zoustand vu senger Partei, déi sech misst weider entwéckelen.
zanter dem November zejoert huet d’Stëmmung an de Sondagen sech net grad fir d’CSV gedréit. Et handelt sech zwar nëmmen ëm 4,4 Prozent an eng Meenungsëmfro ass bekanntlech just eng Momentopnam, ma den Trend ass eendeiteg no ënnen. Richteg schéin geriet kritt een dat net, oder?
Ech wëll näischt schéirieden, et kann een et och net, mee et kann een d’Saachen objektiv betruechten. An zwar objektiv an allen Dimensiounen.
Mir sinn an der Oppositioun, an zënter Mäerz ass d’Land net méi an demokratescher an institutioneller Normalitéit. Déi sanitär Kris, déi mer duerchliewen, favoriséiert natierlech den Optrëtt an d’Perceptioun vun deenen, déi effektiv Decisioune kënnen huelen, an se och ouni Paus kommunizéieren. Et gesäit een am leschte Sondage jo och nees eng Kéier, datt just DP an LSAP wannen, wärend déi Gréng dat net maachen, well se net direkt mat der Krisegestioun associéiert ginn.
Ech kennen a ganz Europa keng demokratesch Oppositiounspartei, déi ënner dëse Konditiounen hiert Profil ka schäerfen a sech elektoral besser positionéieren. Wierklech keng. Duerfir muss een de Sondage-Verloscht vun eenzele Prozentpunkten einfach an deem Kontext gesinn.
Dat bedeit net, datt mir net mat Schold un eiser Situatioun wiren. Gefillten Oneenegkeet vun der Partei dréit zu enger schlechter Perceptioun vill bäi. An dat iwwersetzt jo och an engem gewësse Mooss wierklech Meenungsënnerscheeder bannent der CSV. Doriwwer eraus brénge mer et net fäerdeg, fir dobaussen däitlech ze maachen, datt mer eigentlech dee bessere Programm, déi besser Agenda hätten, datt mer kéinten déi besser Regierung féieren oder un hier deelhuelen. Mir sinn an der ëffentlecher Wahrnehmung einfach net méi relevant.
Einfach net méi relevant an der ëffentlecher Wahrnehmung? Héiert sech brutal un. Zugläich behaapt Dir, dee bessere Programm ze hunn. Ass de Wieler ze domm, fir dee Programm ze verstoen, oder wat leeft do schif?
D’Situatioun huet zënter den éischte Joer vun der Dräierkoalitioun fundamental geännert. Am Ufank dovunner waren d’Leit am Land eigentlech rosen iwwer déi Koalitioun an iwwer eise “Rausschmëss” aus der Regierungsverantwortung. Dat huet ee bei den Europawalen 2014 am Resultat gemierkt, beim Referendum d’Joer drop, a nach bis e Stéck no de Gemengewalen 2017, déi fir d’CSV e formidabelen Erfolleg waren. An duerno krute mer d’Wieler net dervun iwwerzeegt, datt mer déi besser Regierung wieren – wéi d’Chamberwalresultat 2018 däitlech gewisen huet. Et hat sech eng gewësse “nei Normalitéit” breet gemaach. Blo-Rout-Gréng huet regéiert, an d’Land ass net ënnergaangen. An « déi mam Juncker » vun de Walen 2004 a 2009 hate kee Juncker méi, an et ass awer weider gaangen zu Lëtzebuerg.
Wéi d’Regierung dunn hir Majoritéit contre tous sondages konnt halen, war kloer: vill Leit am Land fannen, et géif jo och mat deenen dräi Parteien eigentlech ganz gutt goen. An dat menge se nach ëmmer. Ëmmerhin : zënter 2013 ass de Budget vum Staat ëm 50 (!) Prozent an d’Luucht gaangen. Dovun hu vill Bierger a Stéit och ganz perséinlech a ganz konkret eppes gehat. An ech hunn d’Impressioun, datt och elo eng Majoritéit vun de Leit global zefridde sinn iwwer d’Manéier, wéi d’Corona-Kris gemanaged gëtt. Dat bedeit fir eis : eng oppositionell Meenung zum alles bestëmmende Sujet ass bei de Wieler net esou relevant, wéi mir et gär hätten.
Deemno : siwe Joer Dräierkoalitioun hunn derzou gefouert, datt déi Form vu Regierung vu ganz ville Leit am Land als eppes normales ëmfonnt gëtt. Ee jonken, deen 2023 mat 18 Joer fir d’éischt wiele geet, huet keen anere Staatsminister bewosst kannt, wéi de Xavier Bettel, an huet keng Erënnerung drunn, datt d’CSV emol déi natierlech Regierungspartei war. Dat musse mer eis also, wa mer et nees wëlle ginn, erschaffen. An dozou gehéiert ganz vill proposéieren, ganz vill ureegen, an, jo, hei an do och matmaachen. Well déi, déi sech nach drun erënneren, datt mer emol regéiert hunn, a net emol schlecht, hunn eng aner Erwaardung un eis wéi un eng kleng Oppositiounspartei, déi dat nach ni gemaach huet.
Zum Programm nach: et ass net esou, datt mir aleng d’Wourecht, d’Intelligenz an d’Pertinenz gepacht hätten. Dat war et nach ni, an ëmmerhin hu mer och ni aleng regéiert, mee ëmmer mat engem Koalitiounspartner, wat vill Leit och schéngen ze vergiessen, wa se eis aleng haut nach all d’Mëssstänn op der Welt virwerfen. DP oder LSAP waren ëmmer derbäi an hu mat eis zesumme Politik gemaach. Mee et muss den Usproch vun enger grousser Oppositiounspartei sinn, de Wieler d’Impressioun ze vermëttelen, datt d’Regierung bei där Partei an de besseren Hänn wir. An dat vermëttele mer de Moment net.
Dir schwätzt vun wierkleche Meenungsënnerscheeder bannent der CSV. Do wäscht de Parteipresident awer net seng Hänn an Onschold…
Ech iwwerhuele Verantwortung fir dat, wat ech ze veräntwerten hunn. An ech wäert net behaapten, ech wir vëlleg onschëlleg un engem Bild, wat keent vun immenser Eenegkeet ass. Wat mech selwer ubelaangt, hunn ech Besserung gelueft. Mee déi wesentlech Fro, déi muss tranchéiert ginn, esou oder esou, ass: wëlle mer eis weiderentwéckelen, also och e Stéck wäit veränneren, oder wëlle mer dat net? Well d’Gesellschaft an d’Elektorat veränneren sech.
Et ass net emol eng Fro vu riets oder lénks, vu « wirtschaftsliberal » oder sozial. Déi Froe si vun eisem Grondsazprogramm gekläert, an zwar esou, datt Wirtschaft net sech selwer, mee de Mënschen ze déngen huet. Mir sinn emol a Wale gaange mam Slogan “De Mënsch am Mëttelpunkt”, an och mat “Fir datt Leit entscheeden, net Intressen”. An haut brauche mer e groussen Entworf fir d’Zukunft. Do gehéiere Gerechtegkeet an der Gesellschaft, Suerg fir déi Aarm a Schwaach a gläich Opstiigschance genee esou derzou, wéi wirtschaftlech Entwécklung, Innovatioun, industriell Capacitéiten an d’Zukunft vun der Finanzplaz an der Lëtzebuerger Fongenindustrie. Deen Entworf musse mer an Ugrëff huelen.
Haut stelle mer fest, datt eis Aarbechtsgruppen iwwer 200 intresséiert an engagéiert Parteimemberen ugezunn hunn, fir dorun ze schaffen. Ech hunn d’Impressioun, datt all dës Leit wëllen, datt hir Partei sech weiderentwéckelt. Mir hätte mat deem Prozess kënnen éischter ufänken, mee et ass net ze spéit. Bis zum Kongress am Fréijoer wäerte mer gesinn, wéi eng Ausriichtung eis Membere sech wënschen. D’Diskussioune si spannend an erfrëschend.
An do zitt d’Fraktioun mat?
Dat ass eng Aufgab vun der Partei, well si an hir Gremie stellen d’Lëschten op fir d’Walen. An op deene Lëschte wäerten déi nächste Kéier zwee Drëttel oder méi Kandidate net Member vun der aktueller Fraktioun sinn, well mer jo bekanntlech 60 Kandidate brauchen. Dat bedeit, datt eis Partei sech eng Uluecht fir déi Wale muss ginn, an dozou gehéiert den inhaltlechen a personellen Opbau iwwer de Rescht vun der Legislatur.
Dozou gehéiert och eng éierlech Situatiounsbestëmmung, déi d’Partei muss fir sech a mat sech selwer maachen. D’Eischtwieler vun 2023 hu bewosst keen anere Staatsminister kannt an erlieft wéi de Xavier Bettel. Do kann d’CSV net méi ukommen a soen: mir wëlle nees derbäi sinn, well mer dat jo awer fréier awer ëmmer gutt gemaach hunn – dat wëllen 20, 30, 40järeger net héieren, a vill Eelerer och net. Ech hoffen op den aktive Bäitrag vu méiglechst ville Fraktiounsmemberen an dësem Positionéirungsprozess.
Dir hutt natierlech en anert “Partei-Wësssen” wéi ech als Observateur, mä wann Dir vun allgemengem Luef fir CSV-Volleksvertrieder schwätzt, mengt Dir si domadder wierklech alleguerten? De parlamentaresche Fläiss huet bei deenen engen eng bedeitend aner Definitioun wéi bei deenen aneren! An iwwerhaapt, wier et net un der Zäit, mol méi Jonker bäizeloossen?
Ech fannen, datt eis Fraktioun insgesamt gutt Aarbecht leescht – datt dat bei 21 Leit net 100-prozenteg gläich verdeelt ass, ass vëlleg normal. A natierlech ginn et Leit, déi méi Visibilitéit hu wéi anerer, well se Funktiounen hunn, wéi d’Fraktiounspresidentin, oder well se méi “sichtbar” Dossiere betreien. Mee all eis Deputéiert, ouni Ausnam, setzen sech an a maachen dat, wat no de Walen 2018 fir eis iwreg blouf: Oppositiounsaarbecht.
A wann een an der Oppositioun ass, oder an déi selwecht relegéiert gëtt, wéi mir 2013, da rëtscht kee no, am Géigendeel: da kommen der aus der Regierung zréck an d’Parlament, an déi, och déi Jonk, déi ënner méi gënschtegen Ëmstänn fir Ministeren hätte kënne norëtschen, komme net bäi. Dat war an de Fraktioune vun deene Parteien, déi elo regéieren, zu aneren Zäite genee d’selwecht. Schlussendlech gëtt et am Lëtzebuerger Walsystem keng Excuse: et sëtzen déi an der Chamber, déi d’Leit direkt gewielt hunn. Ech héieren och dacks, do missten elo awer emol Jonker bäigelooss ginn. Déi aner sinn awer nun emol gewielt ginn. An der logescher Konsequenz heescht dat just: wann ee gär aner Vertrieder an der Chamber hätt, kann een déi nächste Kéier jo anerer wielen. De Choix wäert ëmmer do sinn.
Dir gitt nawell gären – an entschëllegt de Sexismus- “Al-Häre-Partei” genannt. D’Wahrnehmung vun Aerer Partei ënnert deene méi Jonken ass och net grad relevant. An iwwerhaapt: wou wëllt Dir als President mat der Partei histeieren? Eleng an de politeschen Zentrum, dee gutt besat ass mat DP, LSAP, déi Gréng oder éischter e bësselchen no lénks, respektiv no riets?
Dat mat den alen Häre war jo nach ni wouer, am Fong geholl. Mee natierlech hu sech och do Saache mat der Zäit an ënnert den Ëmstänn verännert. D’CSV hat ëmmer eng vergläichsweis jonk Regierungsequipe – wéi se nach regéiert huet, natierlech – an eng eppes eeler Fraktioun. De Jean-Claude Juncker gouf mat 40 Joer Staatsminister, de Jacques Santer mat 47, de Pierre Werner mat 44 – dat waren deemools alles keng al Hären. An déi zimlech jonk Regierungsequipe huet natierlech d’Erscheinungsbild vun der Partei gepräägt. Elo hu mer keng Ministeren méi, an eis Fraktioun ass a groussen Deeler nach déi selwecht, déi 2013 beim Gank an d’Oppositioun gewielt war. D’Regierungsparteie konnte groussflächeg norëtschen, erneieren, ersetzen – mir net. Woubäi just hanner deenen haut Gewielte queesch duerch d’Bezierker jonk Leit sinn, déi am Fall vun enger Regierungsbedeelegung an d’Chamber komm wieren – dat géif haut zimmlech anescht ausgesinn.
Déi Jonk sinn evidenterweis haut net eis Haaptwielergrupp. Duerfir mengen ech, datt mer an eiser Politikgeschreiweung deene Jonken hir Uleies verstäerkt mussen ophuelen. Beim Logement maache mer dat, wéi ech fannen, op konsequent Manéier. Bei Klimapolitik a Nohaltegkeet ass nach Sputt no uewen…och wa mer 2018 de Wuesstem ouni Mooss an ouni Grenzen thematiséiert hunn. Eigentlech “DEN” Nohaltegkeetsthema iwwerhaapt – mee e passt net esou richteg an e Liewensgefill vun enger Gesellschaft mat vill Wuelstand, déi dee natierlech virun allem emol wëllt halen. Da kléngt Wuesstem ëmmer gutt.
Ech wier frou, wa mer als Partei kéinten derzou kommen, datt mer innovativ Politik proposéieren. Ech uerdnen déi net am riets-lénks-Spektrum an, dat déngt och näischt méi, well déi Kategorien do zimlech depasséiert sinn. Sozial Gerechtegkeet, déi aus sozialer Suerg an Handlung besteet grad ewéi aus dem groussen Thema vun der gerechter Gesellschaft, ass kee rietst a kee lénkst Thema, mee e noutwennegt. D’Iwwerwanne vun all deenen iwwerflëssege Blockagen an der Verwaltung, eng wierklech administrativ Vereinfachung, ass eng objektiv Noutwennegkeet, mat där d’Regierung einfach näischt ufänke kann. E kohärenten an effikassen a leeschtungsfäege Bildungssystem mat enger staarker ëffentlecher Schoul muss nees op d’Agenda, well de liberale Minister de Géigendeel praktizéiert a mir dat fir falsch halen. Eis Aarbechtsgruppe schaffen u villen innovativen Iddien, an déi wäerte mer och geschwënn an de Parteigremie behandelen. Et soll esou ginn, wéi ech et no menger Waal formuléiert hunn : erkennbar anescht.
Dir sidd Parteipresident ouni politescht Mandat. Nervt dat net onmoosseg?
Onmoosseg ass vläicht ganz liicht iwerdriwwen, mee et ass mat Momenter lästeg.
Ech hätt jo kënnen 2019 als Spëtzekandidat fir d’Europäescht Parlament kandidéieren. Dat hunn ech aus zwee Grënn net gemaach. Eischtens war ech iwwerzeegt, datt d’Präsidentenamt bei eis mech esou an Usproch géif huelen, datt ech net zugläich méi Verantwortung am Europäesche Parlament kéint iwwerhuelen – wat do awer op mech zoukomm wier. Einfach esou Ofstëmmungsdeputéierten ze sinn a soss net vill do, war menges ni. Zweetens wollt ech Erneierung gläich no mengem Amtsuntrëtt op d’Agenda setzen, mat enger Lëscht, déi ganz anescht war, wéi se et fréier gewiescht wier. Dat huet net jidderengem gefall, mee et war menger Usiicht no nawell richteg, anere Leit, och jonke Leit, do Chancen op e Mandat ze ginn. A mat zwee Spëtzekandidaten unzetrieden, déi och esou ganz gutt perséinlech Resultater erreecht hunn, an déi wuel net allen Zwee zu Stroossbuerg séizen, wann ech kandidéiert hätt.
Parteichef ouni Mandat muss awer kee Feeler sinn. D’Partei ass nei opzestellen, Iddië mussen entwéckelt an diskutéiert ginn, a wann een dat mécht, gesäit een och, datt d’Memberen eigentlech Loscht op Verännerung hunn. Si gesinn, datt mer net 2023 nach eng Kéier kënnen d’selwecht un- an optrieden, wéi bis 2018. D’Eischtwieler vun 2023 sinn tëschent 2000 an 2005 gebuer. Déi hu keng Erënnerung un en anere Staatsminister wéi de Xavier Bettel, fir déi si Regierungsparteie blo, roud a gréng, net schwaarz oder orange. Wann ee net rondrëm d’Auer mat parlamentareschen Dossieeë befaasst ass, kann een sech mat deem grousse Ganze befaassen : wat si mir elo als Partei, wat wëlle mer ginn ? D’CSV zu enger glaafwierdeger Fabrik vun Iddië fir d’Zukunft ze maachen, ass eng Aufgab, fir déi ee net onbedéngt e Chambermandat brauch. Och wann ech eng Parti vun deenen Iddien grad esou gär heiansdo op der Chambertribün géif deklinéieren.