Recent Posts

Post Categories

Pandemie-Politik: Eng Enquête-Kommissioun zu Lëtzebuerg? 
No all där Opreegung ëm déi vill schlëmm a manner schlëmm Konsequenzen ëm deen ominéisen Topic „Pandemie “ an och...
Zirkus an der Politik ronderëm den Atom 
Gebongt. D’Aussoen vum Premier Luc Frieden a vum Ëmweltminister Serge Wilmes iwwer déi lëtzebuerger Atomstrategie koumen zum falschen Ament an...
Frank Bertemes: Rettet das Saatgut! 
„Die Rettung der Menschheit besteht gerade darin, dass alle alles angeht.“ —  Alexander Solschenizyn Wenige Dinge sind so kostbar und...
Atmosphäresch Virkrichszäit 
Mir liewe momentan e bësselchen an der Ambiance vun “1938”. Deemools wosst den informéierte Mënsch ganz genee, datt eppes Gréisseres...

Blog Post

Finanzen

No der Pandemie: wien huet esou vill Mécken? 

No der Pandemie: wien huet esou vill Mécken?
image credits: pexels

dëst Joer gëtt mat engem wirtschaftleche Wuesstem fir de Grand-Duché gerechent an der Gréisstenuerdnung vu 6 Prozent. Et leeft tatsächlech gutt. Den Aarbechtsmaart boomt, an de Geschäfter si vill Leit déi es sat sinn an déi de Virus op de Mound schécken. Déi wirtschaftlech Relance ass fir déi meescht eng Iwwerraschung. Trotzdeem stellt sech d’Fro: wien soll dat bezuelen?

2020 hat de Staat en Defizit vun 2,280 Milliarden Euro. Schonn dëst Joer geet dee Verloscht op 416 Milliounen erof. An der Zäit vum Virus-Krich goung d’Staatsschold ëm 3,2 Prozent an d’Luucht; dat anert Joer an déi Joer drop ëm 27 Prozent. Bettel a Gramegna wäerten sech net genéieren, op deem Punkt den internationale Verglach ze maachen, fir ze ënnersträichen, datt eist Land nach giedeleg ewechkoum. Et kann een allerdéngs och mat béide Féiss um Buedem bleiwen an drop hiweisen, datt eis Schold nach ni esou héig wor!

D’Land huet musse Scholde maachen, zeg Moossnamen ergräifen fir Betriber an Ugestellten ze hëllefen, d’Pandemiezäit ze iwwerbrécken. Et kascht, wat et kascht! Elo muss geschwënn zeréckbezuelt ginn, bar auf die Kralle! An et gëtt geschat, datt déi Hëllefen e Lach vu 5 Milliarden Euro an d’Staatskeess gebrannt hunn!

dem Staat bleiwen keng 1000 Méiglechkeeten, eigentlech just dräi bis véier.

  • de Staat hëlt nei Kreditter op. Dat bedeit, datt d’Saach op déi laang Bänk gesat gëtt.
  • d’Regierung decidéiert kräfteg Spuermoossnamen. Dee Courage wäert si kaum hunn!
  • d’Regierung tabléiert op e weiderhin gudde wirtschaftleche Wuesstem, fir op déi Manéier lues a lues d’Scholden ofzestotteren. Dat géing wuel dat eent oder anert Joer gutt goen, ma ass laangfristeg och keng Léisung.
  • Déi véiert Méiglechkeet bestéing aus engem Mix vun 1 an 3. Déi Joer wou d’Ekonomie brummt, kann Spilles rembourséiert ginn, déi aner Joer ginn kleng Kreditter opgeholl.

D’Gewerkschaften si radikal géint d’Spueren. Kann ee verstoen, well gespuert gëtt ëmmer an der Haaptsaach um Bockel vum Salariat. D’CGFP wëll awer elo schonn éischt Signaler an déi Richtung gesinn a weist drop hinn, datt de Budget fir d’Uni Lëtzebuerg déi nächst zwee Joer net méi soll eropgoen. Gejéimers op héijem Niveau!

Falsch ass et allemol net, wann d’Staatsbeamtegewerkschaft drop hiweist, datt d’Regierung wuel net derlaanscht kënnt, och iwwer d’Betribssteier nozedenken. D’Salariatskammer iergert sech schonn zanter Joer iwwer eng ongerecht Diskrepanz vis-à-vis vun de Privatpersounen.

Virun allem huet d’CGFP déi sougenannte Big Player am Viséier. Im Vorkrisenjahr lag der Gesamtgewinn der luxemburgischen Firmen bei 700 Milliarden. Das Steueraufkommen auf diesem beachtlichen Betrag machte weniger als 1% aus. Esou gesinn ginn et Mécken genuch. Freet sech nach, ob et och genuch politesche Courage gëtt, besonnesch op der Säit vun deene Bloen, déi sech hier Frënn bei déi Déck siche ginn….

 

Related posts

Verloossen eng Äntwert

Required fields are marked *