Recent Posts

Post Categories

Och déi politesch Oppositioun huet hire Kräizwee ze goen 
D’Sozialisten sinn an där nämmlechter Situatioun ewéi 11 Joer virdrun déi Chrëschtlechsozial: raus aus der Regierung, raus aus dem Alldagstratt,...
Europäesch reality show 
Hutt Dir et och schonn héieren? Am Juni sinn Europawahlen, déi awer keen ze interesséiere schéngen. Grouss thematiséiert goufen se...
Ieselsdrot fir den Drotiesel 
Wat si mir e verwinntent Vollek. Den ëffentlechen Transport ass bei eis gratis. E schéine Subsid vun der ëffentlecher Hand,...
Invasioun vu Busser zu Weiler-um-Tiermchen 
Schonn 2013 -2015 hat et an där schmocker Gemeng Weiler-zum-Tiermchen Remmidemmi ginn wéinst Kaméidi. An der rue des Forges konnten...

Blog Post

Politik

Corona-Virus: Et ass Krich a mir sinn all agezunn! 

Corona-Virus: Et ass Krich a mir sinn all agezunn!
Image par Defence-Imagery de Pixabay

et ass Krich! D’Wieder vum franséische Staatspresident Macron. Tschöfft! Ech duecht, ech géing zu där Generatioun gehéieren, déi de battle dress net bräicht unzedoen. Glécklecherweis hunn ech en Alter, dee mir erlaabt, net méi mussen an d’fiischt Front ze goen. Mir bleiwt de Schreiwdësch.

A Frankräich, dat also eng Krichserklärung gemaach huet, ginn Diskussioune gefouert iwwer eng Regierung vun der union nationale. Aha! En Term, dee jo bekanntlech och de lëtzebuerger Premier fale gelooss huet. An engem éischten Ulaf war et den Appel un déi ganz Politik, also Majoritéit an Oppositioun, zesummen ze halen, en Opruff zum Rassemblement, serrez les rangs!. An dësem Krich sinn awer zwou Schluechten ze féieren.

Déi éischt ass am gaangen gewonnen ze ginn: d’Schluecht géint de Corona-Virus. D’Regierung huet se eleng gefouert, ma et gouf keen onnéidegt Scharmützel vun der Oppositioun. Déi zweet Schluecht kënnt direkt hannendrop. Eng Wirtschaftskris, déi sech gewäsch huet! Déi däitsch Kanzlerin Angela Merkel, déi bewosst net an de Krich zitt, ma vun der gréisster Erausfuerderung schwätzt zanter 1945. An do ass dervunner auszegoen, datt déi politesch Weeër wäerten auseraanergoen. Mécht also eng Regierung vun der Nationaler Unioun Sënn?

Datt d’Bedrohung méi grouss ass, datt de politesche Rassemblement sech méi opdrängt. Fir Frankräich war dat de Fall 1914, e Mount nom Ufank vum 1. Weltkrich an eng zweete Kéier 1958 mam Algerie-Krich, et war allkéiers nëmme fir eng kuerz Zäit. Ma och an Zäiten vum Krich liewt d’Demokratie -glécklecherweis- weider, an esou kann een net vun der Oppositioun erwaarden, während de ville Joer vun der Schluecht géint d’Wirtschaftskris, just de Bak ze halen, am Sënn vu Solidaritéit fir d’Regierung, souzesoen als Generol, als Feldherr.

D’Regierung huet éischt Gesetzprojeten op den Instanzewee geschéckt, fir déi Schluecht iwwerhaapt ze finanzéieren. D’Oppositioun dréit dat brav matt. Nach! Mä, et sinn sech Meenungsdivergenzen ze erwaarden, déi am Laf vun der Schluecht wäerten méi grouss ginn. Deen een oder anere Minister huet scho mol eng Bautzegkeet fléie gelooss, an datt d’Wirtschaftskris méi wëll ëm sech schléit, datt d’Kritik un der Regierung méi zouhëlt.

En éischte Virgeschmaach gouf et e Samschdeg Moien an der Chamber (Zerkel), matt der Ried vum CSV-Vertrieder Laurent Mosar. Hien huet sech breet gemaach fir eng méi staark Ënnerstëtzung fir d’indépendants  https://www.facebook.com/csv.lu/videos/871458763358815/ an de Video vu senger Ried gouf op Facebook ronn 17.000 mol gekuckt, iwwer 8000 mol geliked. E grousse Succès also, och wann een dat net soll iwwerbewäerten. Et weist awer, wou de Wee higeet, well nach war déi Ried vum Här Mosar konstruktiv.

Déi zweet Schluecht ass mat där éischter ze vergläichen: et geet drëm, si an der Zäit ze strecken, fir sech engersäits besser géint de Virus wieren ze kënnen, anerersäits sech besser op d’Wirtschaftskris preparéieren ze kënnen. Et géif also tatsächlech kee Sënn erginn, wann d’Politik sech selwer géif zerfleeschen.

D’Geschicht huet eis allerdéngs geléiert, datt esou eng Regierung vun der Nationaler Unioun ni laang gehalen huet- weder a Frankräich, nach zu Lëtzebuerg. Dofir sinn déi politesch Géigesätz ze grouss. DP,LSAP an CSV géingen sech nach kënne verstännegen, déi Gréng och nach, ma sinn déi Lénk déi Richteg, fir de Kapitalismus ze retten? A wär de Bettel bereet, e Politiker vun der ADR matt a seng Equipe ze huelen? Déi Fro stellt sech jo och a Frankräich, matt enger Madame Le Pen!

Et ass wuel nach ze fréi, fir iwwert esou eng Méiglechkeet definitiv ze tranchéieren. Ma jenodeem wéi hefteg d’Kris zouschléit, wäert si awer enges Daags musse gestallt ginn…

Related posts

Verloossen eng Äntwert

Required fields are marked *