Recent Posts

Post Categories

Pandemie-Politik: Eng Enquête-Kommissioun zu Lëtzebuerg? 
No all där Opreegung ëm déi vill schlëmm a manner schlëmm Konsequenzen ëm deen ominéisen Topic „Pandemie “ an och...
Zirkus an der Politik ronderëm den Atom 
Gebongt. D’Aussoen vum Premier Luc Frieden a vum Ëmweltminister Serge Wilmes iwwer déi lëtzebuerger Atomstrategie koumen zum falschen Ament an...
Frank Bertemes: Rettet das Saatgut! 
„Die Rettung der Menschheit besteht gerade darin, dass alle alles angeht.“ —  Alexander Solschenizyn Wenige Dinge sind so kostbar und...
Atmosphäresch Virkrichszäit 
Mir liewe momentan e bësselchen an der Ambiance vun “1938”. Deemools wosst den informéierte Mënsch ganz genee, datt eppes Gréisseres...

Blog Post

Gesellschaft

De Lëtzebuerger hamstert 

De Lëtzebuerger hamstert
Photo de Sharon Snider: https://www.pexels.com/fr-fr/photo/mignon-rongeur-photographie-animaliere-hamster-4520484/

Et erënnert mech un den Ufank vun der Pandemie. Déi éischt Bierger hunn ugefaangen, eng blo Mask ze droen a sech mat Desinfektiounsgel anzedecken. Wéi ech deemools an enger Apdikt de Spunnes doriwwer gedriwwen hat, huet de Mann mir en décke Classeur gewisen: alles Commanden fir Masken an Desinfektiounsmëttel,…déi en rupture de stock waren. Näischt méi ze kréien! Ech sinn a mäi Bio-Buttek gaangen, ech war mir sécher, datt déi rout-gréng gesiften Enseignant an Educateuren net esou séier aus der Fassong ze kréie waren. Ma och do d’Äntwert vun der Verkeeferin: alles ewéi ewech geblosen. Esou änlech ass et haut. kee schwätzt doriwwer, ma jiddereen mécht et.

E banalen Tour duerch d’Geschäfter gouf mir d’Confirmatioun: de Lëtzebuerger preparéiert sech op de Putin-Wanter. Datt massiv Holz kaf gouf, ass gewosst; op ville Plazen ass keent méi ze kréien. Also gëtt ëmgesuedelt. An engem do-it-yourself stousse meng Aen op eng Verkafsfläch vu 6 Meter op 3 mat nëmme Modeller vun Heizkierper, fir et – wa mol kee Gas méi sollt do sinn- doheem dach nach schuckeleg waarm ze kréien. An Däitschland goufen der bis ewell schonn 700.000 Stéck verkaf. Domm, datt déi massiv Stroum friessen, zum Blackout wäerte bäidroen.

Am Supermarché hunn ech molltonéiert Läindicher erbléckst. Nach virun engem Joer hat meng Madamm där am nämmlechte Geschäft gesicht a krut als Äntwert: där hu mir keng. Mir kréien déi ni gefrot. Am Supermarché ass mir och e Mann bei der Keess opgefall mat 7 Liter Tomatenzooss; dat ass – wann näischt méi geet- fir Pizza am Holzuewen ze baken. Plus vill Konserven am Caddie.

Photo de SHVETS production: https://www.pexels.com/fr-fr/photo/personne-femme-etre-assis-sol-8416086/

En Tour duerch d’Groussgaass. Ech gi laanscht e Lingerie’s-Buttek, wou ech  alt mol meng Caleçon kafen. Fir d’Dammen gëtt et richteg déck Pyjama. Dëst Joer ass alles aneschters, seet mir d’Vendeuse. Virbereedung op en extra schlëmme Wanter, net wéinst dem Klimawiessel, ma wéinst dem Russ!

Beim Elektriker freet eng Fra no engem Transistor-Radio, dee mat Batterien geet. De Mann seet: hei ass mäi Leschten. An och eng Täscheluucht wannechgelift. Och déi ass déi Lescht!

Photo de Victoria Akvarel : https://www.pexels.com/fr-fr/photo/radio-a-transistor-boy-tuning-1619779/

De Lëtzebuerger kuckt nawell gären déi däitsch Tëlee. Op ARD an ZDF war rezent an der Aktualitéit, datt een an Däitschland sollt eng Reserve uleeën fir 10 Deeg. 20 Liter Mineralwaasser op de Kapp, vill Konservebéchsen: Zoppen, Uebst a Geméis, donieft e Radio mat Batterie fir sech um Lafenden ze halen, Käerzen, Täscheluuchten. An de Lëtzebuerger ass am gaangen, dat ëmzesetzen.

Villäicht net déi Dommst! Bei eis am Ländchen ass de blackout zwar weider keen Thema, ma seng Gefor ass probabel. Also gemitterlech e bësselchen hamstere goen, et muss jo net ëmmer esou ausgoen ewéi virun 2 Joer mat der Klappjuegd op den Toilettepobeier. Grouss Geschäfter sinn och am gaangen, de worst case ze preparéieren, d’Personal doropper ze schoulen. Wann et nämlech an engem Siess stackdäischter gëtt an enger grousser Galerie, dann entsteet gären Panik ënnert de Leit. Krasst Beispill: de Lift bleift hänken.

Och de Bankesecteur mécht sech seng Gedanken. Et lafe Gespréicher mat der Regierung, well -ofgesinn vum Misär, datt d’Clienten net zu hirem Geld kommen- d’Gefor besteet, datt de finanzielle Schued fir d’Finanzplaz kann enorm sinn, wann si fir e puer Deeg vun den internationale Systemer ofgepëtzt wier. Et ass elo de Moment wou d’Banken hir ‘backup-Systemer’ missten iwwerpréiwen.

A bei RTL missten minimal 20.000 Liter Diesel an der Reserve sinn, fir wéinstens 2-3 Deeg mat Generateuren kënnen z’iwwerbrécken. Am Fall vun engem Blackout wier déi Radiostatioun tatsächlech Regierungssender, an et wier mol net esou falsch…virausgesat, d’Journaliste fannen déi richteg Gespréichspartner. Wéi et viru ronn 12 Joer eng Kéier fatzeg geschneit hat an d’Land am Chaos ënnergoung, waren déi wichteg Hären an Dammen bal alleguerten ausgeflunn a souzen doheem virum Kolonnenuewen. Och hei gëlt et also, e Plang ‘B’ auszeschaffen.

 

 

Related posts

4 Comments

  1. Jean

    Wat d penurie u masken ubelangt…dei goufen jo sou massiv gratis vun der regierung verdeelt,dass ech e stock fir dei next 50 joer doheem hun ouni 1 cent bezuelt ze hun.
    Och soll een net vu putin wanter schwetzen,wann d amerikaner d nordstream pipeline sprengen an mat hirer ueblecher verlugenheet des aktioun dem geigner an d schung schieben.
    Hamsteren kennt fir mech net a fro.

  2. Frank Bertemes

    Sollte mir net nach séier Kelleren a Bunkere bauen, fir eis “Hamsterakeef” effizient ze bunkeren? Am Eescht- déi Panik do ass wuel kaum ugesot – duerfir ass de Stroum einfach ze “systèmerelevant” a fällt sécherlech net laang aus. Bedeitend méi eescht ze huelen ass d’Gefor fir eis Longen – net wéinst COVID, mä wéinst deem , Zitat vun engem beschtbekannte Schwäizer Meteorolog, “knaschtëschte Wanter” ever ! An dat wéinst där massiver Verbrennung vun Holz – dat derniewt nach ëmmer méi deier gëtt: Holzverbrennung produzéiert geféierleche Feinstëps, wat eng grouss Gefor fir eis Gesondheet duerstellt – an dat besonnësch am ländleche Raum!
    Nom Planck-Institut misst all Holz-Kamäin direkt verbuede ginn , sou eescht ass déi Holzverfeierung ze huelen! A wat mécht eis Regiirung? Propagéiert ongenéiert Holz-Pallets….o mei!

  3. Jerry Fusenig

    Ech fannen datt e Stoot eigentlech ëmmer eng gewëssen Reserve sollt hun. Mir hun eis sou abgestallt, datt eise Stoot zwou Wochen autonom iwert d’Ronnen könnt.

  4. Frank Bertemes

    An nach, ganz richteg bemierkt: ‘t ass dach wuel kloer, wee bei bal allem hannendru stécht: déi Macht, déi eng “Nei Weltuerdnung” mam “Great Reset” wëll aféieren – an an der Ukraine (een total korrupt Land, dat vun Oligarche no Gusto vun den USA manipuléiert) ee Stellvertriederkrich orchestréiert – an dat och géint dat Land, dat d’Weltmuecht USA well zanter dem Enn vum 2te Weltkrich kontrolléiert (an weiderhi mécht) an dat haut relativ komësch do steet, mat engem Kanzler, deen esou staark hésitéiert an deen esou vill kéint bewierken – wann een dann (zesumme mat der EU) mol sou eppes wéi “COURAGE” géif weisen a beweisen…
    Bilderberger, Dirigismus vu Rockefeller a Rothschild, Pharma- Geld- a Waffelobby- alles Conspiratioun – alles “nëmme” Verschwörungstheorie vu Phantasten a Chaoten – oder awer puer a batter Realitéit?
    Mir sollte mol erëm eise kritësche Geescht, eist Gehiir asetzen an da géife mir, fräi no engem ale Sproch, mol hannert d’Spillche gesinn….

Verloossen eng Äntwert

Required fields are marked *