Politiker drécke vill Patten a Klenschegold. Si féieren eng Abberzuel Gespréicher mat direkt concernéierte Kreeser, déi nawell gären a Gesetztexter kënnen afléissen. Besonnesch spannend gëtt et, wann ganz Beruffsgruppen Kontakt ophuelen mat engem Politiker, fir hien op déi eng oder aner Manéier ze beaflossen. Lobbyismus nennt sech dat. Do ass allerdéngs en Textprojet ënnerwee, deen extreem wäit geet, a wou een sech muss froen, ob d’Kaz sech net selwer an de Schwanz bäisst.
Mam Projet 7499 soll dat internt Chamberreglement ëmgeännert ginn.
Am Exposé des motifs heescht et: Lorsqu’ils élaborent de nouvelles législations, les mandataires politiques ne sont pas isolés du monde qui les entoure. La proposition de modification du règlement de la Chambre des Députés sous rubrique a pour objectif de promouvoir et d’accroître la transparence des activités de lobbying dans la prise de décision publique. L’activité de lobbying n’est pas à considérer comme une activité illégale, mais comme activité légitime faisant partie intégrante du fonctionnement démocratique des systèmes politiques. C’est pourquoi, la présente proposition est à considérer comme une solution win-win.
Liest sech gutt. Et ass fir an Zukunft ze vermeiden, datt Politiker op der Privat-Yacht vun engem décken Investisseur Vakanz maachen, sech mat deem sengem Helikopter an d’München-Arena fléie loossen an esou niewebäi iwwer e Gesetztext diskutéieren. De Politiker huet sech – gewollt oder net- kafe gelooss. Esou Saachen sollen an Zukunft net als Gemauschels hannert der Spënnchendir bleiwen, ma via e Regëster ëffentlech ginn. Tip-Top! Ma wou sinn d’Grenzen ze zéien?
Am Projet gëtt probéiert, dee Lobbyismus a Gruppen anzedeelen:
(2) Les organismes visés au paragraphe (1) sont les suivants: 1° Les cabinets de consultants spécialisés, cabinets d’avocats et consultants agissant en qualité d’indépendants; 2° Les groupements professionnels, associations syndicales et professionnelles; 3° Les organisations non gouvernementales; 4° Les groupes de réflexion, les organismes de recherche et les institutions universitaires; 5° Les organisations représentant des églises et des communautés religieuses; 6° Les organisations représentant des autorités locales et communales, et d’autres entités publiques ou mixtes. Och dat héiert sech korrekt un, ass awer juristesch aneschters ze interpretéieren.
Huele mir d’Beispill vum President vum Journalisteverband, deen mat engem oder méi Politiker iwwer dat neit Pressegesetz diskutéiert. Normal, datt dat Gespréich misst am Regëster ugefouert ginn. A wéi ass et dann wann ech als Journalist dem Staats- a Medieminister zoufälleg iwwer de Wee lafen an him mäi Leed kloen, well mäi Media am Projet schlecht ewechkënnt? Dat ass zwar kee Lobbyismus, awer dach de Versuch vun enger Beaflossung.
Ganz quokeleg gëtt et, wann ech perséinlech mat Politiker schwätzen, déi fréier mat mir bei RTL geschafft hunn. E frëndschaftlecht Gespréich an deem ech meng Meenung kann breet trëppelen, wäit dovunner, e Lobbyist ze sinn! Läit iwwregens net grad doranner d’Stäerkt vum Lëtzebuerger Modell, dat jiddereen sech kennt an et also deementspriechend einfach ass, mateneen a Kontakt ze kommen?
Mam Projet 7499 https://bit.ly/2UnqtO0 geet et drëm, d’Politik méi transparent ze gestalten, zugläich de Politiker ze schützen. Esou ass et geduecht, ma an der Realitéit ass et e (weidere) Maulkuerf. Datt den Text muss nogebessert ginn, schéngt an der zoustänneger Chamberkommissioun ukomm ze sinn: hie gëtt net wéi virgesinn virun der Vakanz am Plenum gestëmmt, ma ass mol bis an den Hierscht eran verluecht.