Recent Posts

Post Categories

Och déi politesch Oppositioun huet hire Kräizwee ze goen 
D’Sozialisten sinn an där nämmlechter Situatioun ewéi 11 Joer virdrun déi Chrëschtlechsozial: raus aus der Regierung, raus aus dem Alldagstratt,...
Europäesch reality show 
Hutt Dir et och schonn héieren? Am Juni sinn Europawahlen, déi awer keen ze interesséiere schéngen. Grouss thematiséiert goufen se...
Ieselsdrot fir den Drotiesel 
Wat si mir e verwinntent Vollek. Den ëffentlechen Transport ass bei eis gratis. E schéine Subsid vun der ëffentlecher Hand,...
Invasioun vu Busser zu Weiler-um-Tiermchen 
Schonn 2013 -2015 hat et an där schmocker Gemeng Weiler-zum-Tiermchen Remmidemmi ginn wéinst Kaméidi. An der rue des Forges konnten...

Blog Post

Divers

Méi nierwteneen ewéi mateneen an eiser Gesellschaft? 

Méi nierwteneen ewéi mateneen an eiser Gesellschaft?
Image parFree-Photos de Pixabay

zanter iwwer 2 Joer an der Pensioun, wor ech erféiert, wéi ech däer Deeg op mengem klenge Balcon stoung. Ech hat an engem Nu realiséiert, datt ech déi lescht 30 Joer eigentlech ni méi wéi ee Saaz mat mengen Nopere geschwaat hunn, a si och net méi mat mir. Et huet ee sech Moies begréisst, wann een an den Auto geklommen ass, an Owes, um retour, huet ee sech eng gutt Nuecht gewënscht. De Weekend war do, fir de Gaart an d’Rei ze maachen, ze grillen, a fir de Räscht war een am Wanterschloof. D’Begréissung war dann entweder: “Hallo! Guten Tag.”, oder et war ee kuerze “bonne nuit”. Vill Auslänner also. Ech si meng Noperschaft -100 op 40 Meter- duerchgaangen a koum op 9 verschidden Nationalitéiten: Briten, Fransousen, anektéierten Südtirouler, Italiener, Portugisen, Belsch, Brasilianer, Capverdianer an zwou Lëtzebuerger Familljen. Héich Multikulti also! Wou och näischt dergéint ze soen ass, well, vun all deene Leit krut ech iwwer Joren ëmmer e frëndlecht Laachen, eng léiw Begréissung. Ma wéi gesot, si huet sech op e puer Buschstaawen limitéiert.

et erféiert ee schonn, wann een am passive Liewen an engem Siéss feststellt, datt een eigentlech keng Noper huet, also keng Leit, fir e puer Wuert mateneen ze pooteren, op déi een sech an enger eeschter Situatioun kéint verloossen, well, et kennt ee sech jo net, bal net. “Grad esou gutt, wann net ze vill matenee geklaapt gëtt”, sot ech mir mäin aktievt Liéwe laang, “da gëtt et och keen Zodi”! Richteg! Dobei bleiwen ech och. An trotzdeem stellen ech mir Froen, iwwer dese kompletten Anonymat. Wann een dann “dës Auslänner” freet, virwaat si op Lëtzebuerg komm sin, kritt een exklusiv als Aentwert: l’occasion était trop bonne!, wirtschaftlech Uursaachen also. Le fric, c’est chic!

Auslänner a Lëtzebuerger also am nämmlechte Riedgen, matt der Mentalitéit vum schaffe,schaffe, Häusle baue oder vum métro,boulot,dodo.

Image parJayMantri de Pixabay

Et ass d’Ekonomie, déi eis op déi eng oder aner Manéier unenee bënnt. Gutt esou! Ma geet dat duer? Menger klenger Noperschaft, mat enger Dimensioun vun engem, Foussballsterrain, brécht doduerger net onbedéngt en Zack aus der Kroun, ma wéi ass et am Groussen, an der Gesellschaft vun engem ganze Land? Ginn do déi wirtschaftlech Interessi duer, a wa jo, wat geschitt, wann déi Economie mol engkéier sollt an d’Gätte goen? Et däerf een an där Diskussioun jo net vernooléissegen, datt d’Auslänner op Lëtzebuerg komm sinn, fir datt et mol an éischter ligne hinne selwer finanziell besser geet. Mir liewen méi niewteneen, ewéi mateneen, jiddereen fir sech a sengem Zelt, a senger klenger Welt, a senger Schutzzoon. Iergendwéi ginn ech de Verdacht net lass, wéi wann dat op laang Siicht net géing duergoen.

“A wann ech zeréckkommen vum Akaafen, setzen ech den Auto an d’garage, fir datt nëmme kee mech gesäit!”

 

 

 

 

 

Related posts

1 Comment

  1. Johnny Weis

    Richteg,
    Dat do ass mir schonn viru x Joeren opgefall, wéi eis Parteien de Multikulti fir Lëtzebuerg entdeckt hunn, wor et fir mech net mateneen mee niefteneen an dofir funktionéiert dat och wonnerbar ze Lëtzebuerg jiddereen léist deen aneren a Rou a sou kennt et zu kenge Spannungen oder Diskussiounen, well keen mat dem aneren schwätzt resp jiddereen fir sech bleift (natierlech ginn et Ausnamen). Dat erkennt z.B,. ganz gutt bei onsen portugiseschen Matbierger, déi sech wonnerbar a Luxemburgo opgestallt hunn, si hunn hier Zeitung, Radio, Supermarché , Club Senior, Scouten, hir Geschäfter wou se akafen ginn vu Metztler bis Supermarché.
    Ech hunn d’ Erfahrung mat jonke Portugisen gemeet, dass si obwuel schonn méi wéi 5 Joer am Land sinn ausser Portugisesch keng weider Sprooch wierklech kennen, e puer Wierder franséisch an dat wor et dann. Wann een dann freet firwat dat ass, soen si an hirer Famill an Entourage gëtt nëmmen portugisesch geschwat ginn, an der Schoul woren se verluer an hunn déi ofgebrach.
    Et wëll heimatter net soen dass et alles schlecht ass, mee et soll net mengen dass hei zu Lëtzebuerg alles roseg ass, och wann d’ Zesummeliewen mat onsen villen auslännesch Matbierger esou harmonesch leeft.

Verloossen eng Äntwert

Required fields are marked *