Recent Posts

Post Categories

Och déi politesch Oppositioun huet hire Kräizwee ze goen 
D’Sozialisten sinn an där nämmlechter Situatioun ewéi 11 Joer virdrun déi Chrëschtlechsozial: raus aus der Regierung, raus aus dem Alldagstratt,...
Europäesch reality show 
Hutt Dir et och schonn héieren? Am Juni sinn Europawahlen, déi awer keen ze interesséiere schéngen. Grouss thematiséiert goufen se...
Ieselsdrot fir den Drotiesel 
Wat si mir e verwinntent Vollek. Den ëffentlechen Transport ass bei eis gratis. E schéine Subsid vun der ëffentlecher Hand,...
Invasioun vu Busser zu Weiler-um-Tiermchen 
Schonn 2013 -2015 hat et an där schmocker Gemeng Weiler-zum-Tiermchen Remmidemmi ginn wéinst Kaméidi. An der rue des Forges konnten...

Blog Post

Gesellschaft

D’Neiduerfer Fierschterhaus, virdrun an duerno…. 

D’Neiduerfer Fierschterhaus, virdrun an duerno….
gkonline

Am Mäerz 2021 hat ech iwwer d’Ofrappen vum Neiduerfer Fierschterhaus geschriwwen, verbonnen mat der Angscht, datt an d’Plaz géing eng Fléikëscht gesat ginn, mat ganz klenge Wunnengen, déi ech Buppställercher genannt hat.http://bit.ly/3laGPXw D’Aarbechten si knapp zwee Joer duerno ze soen fäerdeg. Alles natierlech passiv gebaut. Déi huelen Zillen sinn zum Beispill aus enger Art Styropor. Si ginn versat iwwertenee getässelt, da kommen Eise-Staangen dran an duerno ginn si mat Bëtong opgefëllt. Guer net esou domm, op déi Manéier gëtt d’Wunneng vu baussen a vu bannen géint héich an niddereg Temperaturen geschützt.

Bosseg wäert et awer scho sinn, wann een un deene Maueren wëll en Nol aklappen. Esou vill Gips hänkt jo net drun, an also schléit een den Nol a Styropor, ma dorunner muss ee sech wuel gewinnen a Passiv-Zäiten. Hei d’Resultat vun deem neie Gebai:

gkonline

 

14 Appartementer sinn an d’Plaz komm vun deem eenzegen Haus. Wann een dovunner ausgeet, datt an all Appartement 2 Persoune liewen, kënnt een op 28 Awunner. Virdrun waren et der 4! E Multiplikatiounsfacteur vu 7! Zugläich e Symbol fir de 700.000-Awunner- Staat. Et feelen nach just 63.000 Persounen, dann ass deen erreecht. Well mir op héijem Fouss liewen, brauche mir permanenten héije Wuesstem. Déi sougenannte Baby-Boomers-Generatioun aus der Nokrichszäit ass am gaangen, hier Pensioun ze genéissen, déi ablécklech Aktiv mussen fir si opkommen. En éischten Deel vun de Reserven (26 Milliarden) muss esou lues ugeknabbert ginn!

gkonline

Natierlech ass et traureg, wann al Haiser vun der Bildfläch verschwannen. Schliisslech sinn si leschten Zeien aus enger anerer Welt. Net alles wat al ass, ass och automatesch schéin an derwäert, erhalen ze ginn. Mä zu Lëtzebuerg gëtt e bësselche vill gebaggert, an dat wat an d’Plaz geklotzt gëtt, ass dacks séier wéineg schéin,ouni architektonesch Phantasie, an ouni Gefiller an der Panz, fir net ze soen ass ellen ewéi d’Nuecht. Datt muss méi grouss, méi rationell gebaut ginn, liicht an, mä muss d’Ästhetik wierklech bei der Däiwel geschéckt ginn?! De Lëtzebuerger iergert sech doriwwer an esou ass eng weider Petitioun an der Chamberprozedur, fir alt wéinstens doriwwer ze schwätzen.http://bit.ly/3XybfB0

An der auslännescher Press gëtt vun Zäit zu Zäit de Spunnes mat eiser Architektur gemaach. Et géif net séier genuch gebaut ginn fir weider Bréifkëschtegesellschaften ze parken. Eis Haaptstad huet kee Charakter méi- ofgesinn vun deene puer honnert Metercarré Faubourgen. Vun Identitéit keng Spuer méi. Vill Bierger schéngen resignéiert ze hunn. Viru bal 50 Joer gouf sech nach an d’Broscht gehäit géint de geplangte Kueb um Kierchbierg – wann och mat staarker Hëllef aus dem Lëtzebuerger Wort, well deemools d’CSV eng éischte Kéier an d’Wüüst geschéckt gi war-, an haut si mir dacks nach ze kamoud fir eng Petitioun ze ënnerschreiwen.

“…Alles Fléikëschten?…”

Ech hat virun zwee Joer ironesch geschriwwen, mir sollten et eise Grousselteren nomaachen an den neien Haiser – besonnesch deenen déi extra gutt verschass sinn- en Numm ginn. Wann fréier en Haus Trapelisi oder Seidebox genannt gouf, sollt een sech haut Nimm ausdenken ewéi Fléikëscht, Betonsflapp, Bronx asw. Dobäi muss ech gestoen, datt dat neit Fierschterhaus mol guer net esou grujeleg ausgefall ass.E bësselche Gespills mat den Niveauen a mat de Fënsteren an Diren, ëm den Eck gebaut, mat enger gewëssener Eleganz. Et ass net richteg schéin, ma awer och net ellen, virun allem jäizt et net par Rapport zu den Haiser niewendrun a vis-à-vis, déi als Zone sensible aklasséiert goufen.

Dat Haus huet einfach mussen ausgebaut ginn. Keng 4 Persounen ma der 28 liewen warscheinlech an Zukunft op deem Terrain, schliisslech huet sech d’Zuel vun den Awunner bannent menger Generatioun quasi verduebelt. An datt méi Leit, datt méi Auto, datt méi Knascht, datt méi Waasser- a Stroumverbrauch,….an dat soll riicht esou weidergoen. De 700.000-Awunnerstaat wénkt eis entgéint, wa mir net séier d’Handbrems zéien läit déi nächst Echeance bei 1,4 Milliounen Awunner. Also nach méi Stroossen, nach méi Stau, nach méi Ausgaben. Dofir nennen ech dat Haus elo den….

“…700.000-der!…”

Bannent de leschte 60 Joer huet sech d’Zuel vun den Awunner am Grand-Duché gutt verduebelt, vun 314.000 op 645.000. (+105%)

Mat de Grenzgänger si mir zu 850.000!

Virun 60 Joer goungen 132.000 Mënschen schaffen. Haut sinn et der iwwer 500.000!

D’Stolindustrie gouf an där Zäit “crépusculaire” (Colette Flesch), ma an d’Plaz koum d’Finanzplaz. Mir liewen zanterhier gréisstendeels gutt, esou gutt, datt mir eis däermoossen drun gewinnt hunn, datt mir net méi  vum Wuelstand lasskommen. Wien wëll schonn op eppes verzichten, un dat hien sech gewinnt huet?! An esou musse mir a Kaf huelen, datt mir zwar eng gutt Pai hunn, ma näischt domadder kënnen ufänken. Eng eege Wunneng ass esou deier, datt si bei ëmmer méi Bierger Wonschdenken bleift. Oder den Dram erfëllt sech, ma d’Leit liewen fir de Rescht ewéi an Aarmut.

Eist Land ass op Wuesstem ugewisen. De Staat kritt op déi Manéier stänneg méi Geld eran….muss awer och méi Suen ausginn, fir zum Beispill d’Pensiounsdëppen opzefëllen, fir en Tram bauen ze loossen, d’Stroossen méi breet……an och fir d’Sozialwiesen. Ëmmer méi Leit ginn an d’Ofhängegkeet vum Sozialstaat gedriwwen, ëmmer méi sinn arem an engem ëmmer méi räiche Land. Iergendeppes ass do faul.

 

Related posts

1 Comment

  1. Fasbender

    Dësen Artikel ass ee gudde Résumé vunn der Realitéit. Wëllen mir un dëser Situatioun do eppes aenneren oder net?

Verloossen eng Äntwert

Required fields are marked *