Recent Posts

Post Categories

Pandemie-Politik: Eng Enquête-Kommissioun zu Lëtzebuerg? 
No all där Opreegung ëm déi vill schlëmm a manner schlëmm Konsequenzen ëm deen ominéisen Topic „Pandemie “ an och...
Zirkus an der Politik ronderëm den Atom 
Gebongt. D’Aussoen vum Premier Luc Frieden a vum Ëmweltminister Serge Wilmes iwwer déi lëtzebuerger Atomstrategie koumen zum falschen Ament an...
Frank Bertemes: Rettet das Saatgut! 
„Die Rettung der Menschheit besteht gerade darin, dass alle alles angeht.“ —  Alexander Solschenizyn Wenige Dinge sind so kostbar und...
Atmosphäresch Virkrichszäit 
Mir liewe momentan e bësselchen an der Ambiance vun “1938”. Deemools wosst den informéierte Mënsch ganz genee, datt eppes Gréisseres...

Blog Post

Finanzen

André Kemmer: Dem Staatsminister Xavier Bettel seng National Unioun? 

André Kemmer: Dem Staatsminister Xavier Bettel seng National Unioun?
Image par contato1034 de Pixabay

 

no der Befreiung vu Lëtzebuerg duerch d’Alliéiert wor eist Land an den Ruinen, an dat esouwuel physesch wei finanziell. Den Norden wor no der Ardennenoffensiv bal komplett zerstéiert, am Süden waren nëmmen dräi vun insgesamt 31 Héichiewen a Betrib. Eis Politiker vun deemools haten erkannt dat een nëmmen zesummen, am Aklang mat allen politeschen Parteien a Beweegungen géif goen, fir d’Land erëm aus der Krise ze bréngen.

All Partei, esou ideologesch opposéiert wéi se och waren vu Chrëschten bis Kommunisten, hun missen zesumme schaffen fir déi grouss Sujeten déi d’Land gebraucht huet, den Opbau vun Infrastruktur, d’Organisatioun vum ëffentlechen Transport, d’Sozialversécherung, d’Organisatioun vun der Siderurgie, also d’Finanzen, d’extraordinär Budgeten fir d’Joren 1945-1947 an dréchen Dicher ze bréngen, dass d’Land erëm konnt ugekierpt ginn an d’Leit erëm eng Zukunft fir sech an hier Kanner konnten gesinn. Dat wor d’Regierung vun der Nationaler Unioun déi 16 Méint zwar alles anescht wéi harmonesch wor, an awer trotzdeem déi grouss Schanterger vum Land zesummen ugaange war, am Sënn vun eisem Land.

Wann de Staatsminister vun haut an dëser Krise vun der Nationaler Unioun schwätzt, dann ass dat nëmme richteg an och nëmmen ze begréissen. Eist Land muss elo natierlech an éischter Linn an der Krise domat eens ginn, déi direkt Aktiounen verlaangen, mat dem Bremsen vun der Ausbreedung vum Corona Virus, mat der medezinescher Logistik, mat der Sécherheet vun de Biergerinnen a Bierger vun dësem Land. Ma geschwënn mussen sech eis Politiker mat de Konsequenzen vun der Krise sérieux auserneen setzen, déi enorm finanziell Disziplin vum Land waerten verlangen. Et ass scho kloer, datt eist Land an enger éischter Linn vum Abroch vun der Konjunktur vun der Weltwirtschaft wäert betraff ginn. Dat wäert deen fir Lëtzebuerg esou wichtegen Finanzsecteur an d’Knéien zwéngen, de Logistiksecteur wäert dorënner massiivst leiden, mol ofgesinn vum Export an vum Handel.

Eis Staatsrecetten wäerten asacken, 15, 20 villäicht esou guer ëm 25 Prozent. An eisem Budget sinn awer dräi Véierel Fixkäschten, wou mir net kennen dru fréckelen goen, wou eist Land keng Flexibilitéit huet, Sozialausgaben, Pensiounen, de Spidolssecteur, d’Fonctionairen, d’Funktioun vun eisen Schoulen, eiser Uni, eisen Gemengen, eisem Transport.

Zum Abroch vun der Weltwirtschaft kommen dann d’Abréch vum Handel, de Chômage, Abréch bei der Individual- a Kierperschaftssteier, TVA -Recetten dobäi. Ob mir wëllen oder net stinn mir virun der warscheinlech gréisster Wirtschaftskrise vun eisem Land zanter dem Enn vum zweeten Weltkrich! Do ass National Unioun ganz sécher gefrot. Ma hei läit och genee de Problem: Dem Staatsminister seng Wierder vun der Nationaler Unioun sinn eben elo emol nëmmen Wierder. Wär et dann net un der Zäit och hei Neel mat Käpp ze maachen an d’Oppositioun mat an d’Verantwortung ze huelen fir zumindest déi extraordinär Budgetssituatioun an enger staarker nationaler Solidaritéit zesummen unzegoen an zwar esou, dass hei sech jiddereen d’Accord ass, datt kee méi vun iergendenger Partei deem aneren  kann e Virworf maachen wann et net esou geet wei geplangt?!

Image par jorono de Pixabay

Et kann een also emol unhuelen dass eng Krise déi de Krisenzoustand ausléisst, déi technesch eisen Legislatiounsprozess fir eng Zéit aussetzt an doduerch eis Basispouvoiren vun eiser Konstitutioun op d’Kopp stellt, dass dann déi Wierder vum Staatsminister senger Nationaler Unioun och eescht gemengt gi sinn. Dann ass nëmmen ze hoffen, dass elo esou séier wei méiglech dës National Unioun och ëmgesat gëtt, an de Premier dem Grand Duc proposéiert esou eng Regierung ze forméieren, wichteg Regierungsposten un d’Oppositioun ze verdeelen, fir se hei an dëser Krise mat verantwortlech ze maachen an esoubal eis Budgeten fir déi nächst Joren kloer sinn, Neiwalen ze organiséieren! Alles anescht wier just eidelt Geschwätz!

-André KEMMER

Related posts

1 Comment

  1. Maxwell Wollyung

    Hi. I’m glad he found guykaiser.lu website, I really like it, the
    article is very useful and I shared it! In order to survive the hard times ahead we found
    2 very good books, you can download them here: https://bit.ly/2RlAHdb and here: https://bit.ly/3e3Bg59
    Great success with this site!

Verloossen eng Äntwert

Required fields are marked *