Coronavirus: Vive eng nei, al Welt!

0
274
Image par Miguel Á. Padriñán de Pixabay

et ass ee vun deene Momenter, wou sech vill Leit soen: “Esou konnt et jo net méi weider goen”, eng Ausso, verbonnen mam feste Glawen, op d’mannst mam Wonsch, datt no der Pandemie eng nei Welt entsteet. Nei a vill méi besser gutt! Besser ökologesch, méi gerecht, méi friddlech! Schéin wär et, ma ech gleewen net drunn.

D’Geschicht huet eis eppes aneschters geléiert. No all gréisser Katastroph huet d’Welt net opgehaalen mat Dréien. An awer goufen et kleng Ännerungen! Adaptatiounen! Beispill d’Pescht, déi vum 14. Joerhonnert unn 25 Prozent vun der Bevëlkerung an Europa ewechgebotzt hat. Ofgesinn vum immense Misär, gouf doduercher d’Aarbechtskraaft méi rare…an also méi deier; an England ass bannent 100 Joer de Loun ëm dat Duebelt geklommen; d’Bauere kruuten op Liéwenszäit d’Piercht vun de Stécker Land a goufen esou lues a lues Grond-Besëtzer! Soziale Fortschrëtt!

Am 18. Joerhonnert koumen d’Pouken, déi all Joer fir eng hallef Millioun Leit, besonnesch Kanner den Doud bedeit hunn, 1 Joerhonnert méi spéit war et d’Cholera, déi Zäit och déi asiatesch Kränkt genannt. Et huet e Strapp gedauert, bis d’Wëssenschaftler vun deemools verstanen hunn, datt déi Krankheet eppes mat der Hygien ze dinn hat: zu Paräis gouf den “tout-à-l’égout” gebaut, an et sinn der, déi behaapten, d’Cholera hätt och eppes mat der Hausmannisatioun vun der franséischer Haaptstad ze dinn; d’avenuen goufe méi breet ugeluecht, fir d’Ustiechungsgefor méi kleng ze halen. Eng Zort social distancing! Gesellschaftleche Fortschrëtt!

Image par Vesa Minkkinen de Pixabay

de Covid-19 wier d’Krankheet vun der Globaliséierung, heescht et haut dacks. Dat ass richteg. Fréier wier déi Krankheet a China bliwwen, hätt op d’mannst Joerzéngte gebraucht, fir sech auszebreeden. Haut mécht sech dat duerch d’Aviatioun bannent e puer Stonnen. Et ass dervunner auszegoen, datt niewt den Anti-Terror-Sécherheetsmoossnamen anerer wäerten op de Flughäfen derbäi kommen, déi op eis Gesondheet bezu sinn!

Weider huet eis de Covid-19 op eng brutal Manéier gewisen, datt eis modern Gesellschaft trotz dem groussen medezineschen Fortschrëtt grad op deem Plang ka séier ugegraff a verletzt ginn. Mat engem Virus, dee stänneg mutéiert -munnechmol mat eiser Hëllef!- leeft d’Wëssenschaft permanent hannendrunn. Dee rezente Virus huet och kloer gemaach, datt eise Gesondheetssysteem guer net esou gutt opgestallt ass: Waardezäiten vun e puer Méint a méi fir eng (iwwer)liewenswichteg Untersuchung waren a sinn keng Ausnam , ma éischter d’Regel. Déi Situatioun gouf duerch d’Pandemie nach méi däitlech!

Modern Zäiten bréngen modern Krankheete mat sech. D’Zuel vun de Krankheeten no enger Rees an engem exotesche Land heeft sech. Déi Krankheeten sinn dacks nach onerfuerscht, ginn net eescht geholl. De Patient kritt vum Dokter gesot:“Iesst mol nees eng gudd Pizza. Dat hëlleft!”

allgemeng ass sech also eng Opwertung vum Gesondheetssecteur ze erwarden, zu Lëtzebuerg wier eng zousätzlech Klinik net vu Muttwëll. Matt Sécherheet huet dës Pandemie nach aner Auswierkungen, och duerch déi (hefteg) wirtschaftlech Kris bedéngt. Not macht erfinderisch! Zum Beispill gouf quasi iwwer Nuecht de Stadkär vu Bréissel extreem Verkéiersberouecht. D’Kris ka weider eng gutt Geleegenheet sinn, just deene Betriber  vum Staat wirtschaftlech ënner d’Aerem ze gräifen, wann si  – wann et méiglech ass- sech méi ëmweltfrëndlech ausriichten!

Image par Ryan McGuire de Pixabay

D’Welt wäert also net nei erfonnt ginn, ma et kann un de Schrauwen gedréit ginn.De wirtschaftleche Liberalismus kritt héchstens kleng Bremsen ugeluecht.

Fréier goung de Mënsch am Fall vun enger grousser Katastroph dervunner aus, datt d’Götter sech iwwer de Mënsch geiergert hunn, well déi net brav waren. Haut kommen ekologesch Kollapsologen mat enger änlecher Iwwerleeung: et wier d’Revanche vun der Natur op de Mënsch, well deen esou brutal mat hir déit ëmsprangen. Dobäi ass e Virus déi natierlechste Saach vun der Welt an hien erënnert eis drun, datt och d’Natur et nach laang net ëmmer gutt matt eis mengt.

An dësem konkrete Fall läit d’Léisung net am Natierlechen, ma am Kënschtlechem: am Vaccin, …wann een dat da wëll!

KOMMENTAAR

Please enter your comment!
Please enter your name here