Recent Posts

Post Categories

Pandemie-Politik: Eng Enquête-Kommissioun zu Lëtzebuerg? 
No all där Opreegung ëm déi vill schlëmm a manner schlëmm Konsequenzen ëm deen ominéisen Topic „Pandemie “ an och...
Zirkus an der Politik ronderëm den Atom 
Gebongt. D’Aussoen vum Premier Luc Frieden a vum Ëmweltminister Serge Wilmes iwwer déi lëtzebuerger Atomstrategie koumen zum falschen Ament an...
Frank Bertemes: Rettet das Saatgut! 
„Die Rettung der Menschheit besteht gerade darin, dass alle alles angeht.“ —  Alexander Solschenizyn Wenige Dinge sind so kostbar und...
Atmosphäresch Virkrichszäit 
Mir liewe momentan e bësselchen an der Ambiance vun “1938”. Deemools wosst den informéierte Mënsch ganz genee, datt eppes Gréisseres...

Blog Post

Gesellschaft

Impfflicht: d’Responsabilitéit vum Staat wär involvéiert! 

Impfflicht: d’Responsabilitéit vum Staat wär involvéiert!
Photo de Nataliya Vaitkevich provenant de Pexels

 

de Chrëschtdagsfridden ass eriwwer. An der Politik geet et schonn nees héich hir. Et geet ëm Corona, an der Haaptsaach ëm déi eventuell Impfflicht. An der Regierung sinn si sech den Ament glat a guer net doriwwer eens. De Sujet wäert wuel op déi laang Bänk getässelt ginn, en attendant wat eis däitsch Noper ënnerhuelen. Nom Motto: et kann een ëmmer nach op den Zuch sprangen, wann deen sech schonn a Beweegung gesat huet.

An der Dräierkoalitioun ginn et dräi Positiounen. D’Genossen mat virop der Gesondheetsministesch Paulette Lenert sinn absolutt fir eng Impfflicht. Déi Gréng sinn extrem retizent an déi Blo hu sech nach net festgeluecht, si stellen sech an der Haptsaach Froen. Wuel och, a wéi fären eng gesetzlech Obligatioun  a Symbiose ka sinn mat liberale Virstellungen. Bei eiser AMPEL kommen se also net esou séier virun ewéi bei där Däitscher. Dat versprécht Stau!

“…Krichserklärung vun Omicron: esou vill an esou séier ewéi méiglech Infektiounen op e Koup!…”

Groussbritannien huet et schonn eemol mat der Variant Delta erlieft, den Export-Weltmeeschter Däitschland fäert, duerch Omicron an déi nämmlecht Situatioun ze geroden: d’Infektiounen erwëschen esou vill Leit beieneen, datt de Fonctionnement vum Staat a vum Approvisionnement net méi garantéiert ass. Den Hygienendëngscht fält aus, an de Kläranlagen kann net méi seriö geschafft ginn, Bensinn an Diesel kommen net méi mat Zäiten erbäi, an de Supermarché sinn d’Regaler eidel. Grad aus deenen Iwwerleeungen huet schliisslech och Lëtzebuerg decidéiert, d’Isolatiounsdauer fir Vaccinéierter ëm 4 Deeg ze verkierzen.

Do kann ee soen, et sollt een den Däiwel net un d’Mauer molen. Sollt déi Horror-Visioun awer antrieden, kritt d’Regierung Knëppeldéck den dolce far niente virgehäit! Amerika war gëschter en Thema an de Medien mat iwwer enger Millioun Infektiounen; vill méi dramatesch ass et a Frankräich, wou net grad 280.000 Persounen sech ugestach hunn. D’Ligne Maginot ass also nees eng Kéier iwwerdubbert ginn!

“…wat mécht Lëtzebuerg mat senge ville Frontalier?…”

Et ass ewéi esou dacks eng Fro juristescher Natur. De Fall gesat, Lëtzebuerg féiert d’Impfflicht an: kann d’Land d’Frontalier grad esou “zwéngen”, sech vaccinéieren ze loossen. A ganz allgemeng: léisst sech d’Impfflicht aarbechtsrechtlech duerchsetzen? Wëll heeschen, wéi spréngt een mat engem ferventen Impfgéigner ëm, deen bis zur bitteren Neige refuséiert, sech sprëtzen ze loossen? An et kënnt nach eng Kinder Überraschung fir d’Politik derbäi!

de 4. Juli am Joer 2000 gouf nämlech am Parlament en allgemengt Gesetz iwer d’Impfflicht gestëmmt. An doranner gouf d’Fro vun der Responsabilitéit vum Staat definéiert.

Art. 1er.

Lorsqu’une vaccination imposée par une disposition légale ou réglementaire ou recommandée par l’Etat cause la mort de la personne vaccinée ou entraîne dans son chef une incapacité physique permanente, l’Etat répond du dommage, sans préjudice des actions qui pourraient être exercées conformément au droit commun, et dans la mesure où le dommage n’est pas indemnisable en vertu du code des assurances sociales. Jusqu’à concurrence de l’indemnité qu’il a versée, l’Etat est, s’il y a lieu, subrogé dans les droits et actions de la victime contre les responsables du dommage.

De Link fir dat ganzt Gesetz fann Dir hei :https://bit.ly/3mZIzRr

Domadder ass dat also scho mol gekläert: sollt bei enger Corona-Impfflicht eng Persoun kierperlechen oder séilesche Schued dervunner droen oder esou guer un de Suitten vun der Vaccinatioun stierwen, muss de Staat dofir opkommen. Dat Gesetz vu virun 22 Joer schaaft also op deem Punkt fir Kloerheet, suergt awer grad esou fir Onrou an der Regierung! Obwuel, reng statistesch gekuckt ass kaum mat dausende Prozesser ze rechnen.

Ma schonn eleng d’Ukënnegung vun enger Corona-Impfflicht schéngt hir Friichten ze droen; besonnesch virun dene verschiddene Pop-uppen sinn mat Amenter d’Waardeschlaangen laang, an anscheinend net nëmmen fir sech boosteren ze loossen, ma fir déi éischt Vaccinatioun ze kréien. An esou verzicht d’Regierung op ee politesche Meenungsaustosch an der Chamber, zitt d’Diskussioun op d’mannst an d’Länkt a waart of an der Hoffnung, laanscht den Eeschtfall ze kommen.

Related posts

2 Comments

  1. Gilbert

    “Wir können nicht darauf warten, dass eine Impfpflicht überflüssig wird, weil wir eine sehr hohe Durchseuchung der Bevölkerung haben.”

    Dëst konnt ee beim ZDF liesen. Eigentlech misst elo jidderee verstanen hunn em wat et geet. Et geet guer net em ons Gesondheet, oder eng natierlech Immunitéit, déi bedeitend besser wier wéi eng kuerzzäiteg Protektioun duerch eng Pseudo-Impfung.
    Hei muss einfach eng gewëss Quantitéit vu Vaccin versprëtz ginn, Vaccin deen d’Madamm VdL masseg akaaft huet. Dowéinst kann ech mir ganz gutt virstellen, datt den Drock vun der EU Kommissioun op ons Politiker enorm muss sinn, alles natierlech nëmmen zu onsem Wuel.
    Ech wëll dozou den Louis Brandeis zitéieren:

    “Die Erfahrung hat uns gelehrt, dass wir am meisten auf den Schutz unserer Freiheit achten müssen, wenn die Regierung wohltätige Absichten verfolgt.”

    Ech géif och jidderengem emol recommandéiere folgenden Interview vum 23.12.2021 ze kucken, vläicht gëtt da bei ville Leit een “Denkprozess” aktivéiert.

    bam news videos Interview Geert Vanden Bossche

  2. Phil

    De Problem deen ech mam Gesetz vum 4. Juli 2000 gesin ass, dass ons Politvirdenker dat Gesetz relativ zimlech schnell emmoduléieren, esou wéi sie an der läschter Zäit Gesetzer an relatioun mam Covid wéi aus der Flënt geschoss hun. Do wärt dann dran stoen kommen, dass de Bierger sech enger Impfpflicht muss fügen, mä dass den Staat bei eventuellen Komplikatiounen an kierperlech Schied net brauch opzekommen, also sech selwer aus der Haftung entléisst. Do gett den Individuum dann an senger Péng eleng geloos. Zoufälleg ass the 4th of July den amerikaneschen Independance Day, wou kurioserweis 3 amerikanesch Präsidenten gestuerwen sin, an een gebuer. Dat nëmmen esou niewebäi als interessanten Fakt 😉

Verloossen eng Äntwert

Required fields are marked *