Dem Franz Fayot seng Molereien an Dreemereien: “Eisen Aarmut ass eise Räichtum”

4
1418
gouvernement.lu

 

Well mir net esou liicht vu Begrëff sinn, mécht de Wirtschaftsminister eis eng Zeechnung. Esou guer eng ganz Partie. Well och mat enger bande dessinée kann een schéin manipuléieren. De Franz Fayot léisst Informatiounskonferenzen organiséieren, ass souzesoen mam Pilgerstaf ënnerwee fir eis ze explizéieren, wéi de Grand-Duché am Joer 2050 auszegesinn huet. Dat ass Strategie, dat ass Taktik, dat ass vill Ideologie. Virun allem ass et een Horrorzenario nom aneren.

“…Wéi soll Lëtzebuerg a ronn 30 Joer ausgesinn?…”

Éischten Zenario: An der Schongnatioun liewen 1,1 Millioune Leit. Si mussen sech an deem klenge Land drécken a quëtschen: op de Stroossen geet guer näischt méi, esou guer am ëffentlechen Transport mussen d’Leit sech kutschéiere loossen wéi d’Sardinnen an de Béchsen. Déi sozial Sécherheet ass zwar nach garantéiert, ma manner wéi haut. Alles dréit sech ëm de Wuesstem. An dat soll bossegerweis mat sech bréngen, datt d’Regaler an de Supermarché eidel sinn, respektiv, datt alles enorm deier gouf. De Liter Mëllech fir 10 Euro. De Planéit hëtzt sech ëm iwwer 2 Grad op, d’Versécherungsgesellschaften keimen ënnert der Laascht, fir d’Ëmweltschied opzekommen. An dach, Lëtzebuerg behält säin Charakter vum Kompromëss tëscht perséinlechen an kollektiven Interessi.

Hei dem Minister säin Gemooltent:

gkonline

Ma éierlech! Wien wëll schonn an esou engem Land wunnen? Op deene meeschten Zeechnungen gesäit een och just verdaddert Gesiichter. Et kritt een ugedeit, datt eng Optioun op deen Zenario keng Léisung wär. Tjo, esou kann et engem goen, wann een op sozio-ekonomeschem Plang schlofwandelt, net mat Zäiten déi richteg politesch Decisiounen hëlt!

Drëtten Zenario, e bësselchen méi optimistesch: mir änneren net eist Behuelen, ma setzen voll op déi technologesch Innovatioun. Et wunnen 1,2 Millioune Leit am Ländchen, les marchés du logement et de l’emploi sont très précarisés. D’Wunnengen sinn iwwregens standardiséiert an numeriséiert, fir méi séier a manner deier kënnen ze bauen. Neen! Wéi grujeleg! Chineesesch Zoustänn! Dofir gesäit een op der Zeechnung Leit, déi d’Valise gepak hunn an d’Land verloossen. Si krazen sech um Kapp a sinn net frou. D’Schoul ass komplett digitaliséiert, d’Schüler sëtzen wéi Robocopen virun engem PC, net virun engem Mënsch. Nach eemol: Grujel!

gkonline

Wirtschaftlech geet et dem Land eenegermoosse gutt, d’Globaliséierung zitt weider hir Kreesser, d’Konkurrenz ass grouss, et ass schwiereg un déi néideg Ressourcen ze kommen an esou entwéckelen sech ëmmer méi populistesch Beweegungen. Grujel! Kreesch! Kreesch! De Planéit huet sech ëm iwwer 2 Grad erhëtzt, certains pays et même des individus très riches font cavalier seul avec des effets secondaires incertains et irréversibles ou néfastes pour d’autres pays et populations.

Deen drëtten Zenario ass also guer keng Optioun! Ma wou bleift deen Zweeten? De Franz Fayot kuckt fir eis weider an d’Glaskugel.

“…Eureka! Dat Bio-Regionaalt ass d’Léisung!…”

Et wunnen tatsächlech nëmmen 770.000 Leit am Grand-Duché, knapp 130.000 méi wéi haut. D’Politik misst also spéitstens elo d’Handbrems zéien fir datt d’Populatioun an och d’Wirtschaft gemelleg ophalen mat wuessen. D’Resultat ass einfach fantastesch: keen Auto méi op der Strooss, nach just Vëloen, am Park ass eng Schwemm, et geet ee spadséieren, et ass ee frou op der Aarbecht, nëmme glécklech Gesiichter op där Zeechnung. Et kënnt een sech vir ewéi an engem biblesche Film! Et stéiert sech och keen dobäi, datt d’Léin an d’Pensiounen stagnéieren.

gk online

Les niveaux des salaires, des pensions et la couverture sociale stagnent, après une profonde transformation du sytème. Wéi déi ausgesäit, gëtt net verroden, mä keng Angscht, et ass zu eisem Beschten! L’écart entre les plus riches et les plus pauvres s’estompe et le plus grand nombre vit bien et dans les limites de ses moyens. Stagnatioun ass also d’Léisung, grad dat, wat all Ekonomist fäert ewéi d’Feier! Ganz dovunner ofgesinn, datt op der Zeechnung d’Léin net nëmmen stagnéieren, ma no ënne ginn.

Mä, de Messias Fayot hätt gären, datt gewësse Spillreegelen respektéiert ginn. Esou gëtt de Bierger nees geléiert, säin eegene Gaart ze kultivéieren (réapprentissage artisanal), de Bierger soll an enger participativer Demokratie matwierken, an der Groussregioun awer och an der Europäescher Unioun déi bis 2050 net méi grouss, ma méi kleng ginn ass an déi Weltmeeschter gëtt an der ekologescher Transitioun.

Wuelverstanen, de Minister Fayot octroyéiert eis déi Visioun net, ma wénkt dach schéin mat der Scheierpaart. Den Zenario 2 ass schlisslech rout markéiert. A sengem Ministère schwätzen se vun engem Strategie-Pabeier, ech nennen et Pitti’s-Aufsatz. Géint Bio a géint Regional ass näischt ze soen, ech hu schonn a méi wéi engem Artikel dofir plädéiert, datt de Bio sollt zur Normalitéit ginn.

gouvernement.lu

A wien ass dann haut Landwirtschaftsminister? Ass dat net e gewëssenen Claude Haagen de Groussen, senges Zeechen Member vun der LASEP? Sinn déi Genossen net zanter 24 Joer onënnerbrach an der Regierung, also mat un den Hiewelen?

Mat Null-Wuesstem soll d’Land tatsächlech weiderkommen? Op enger Zeechnung steet schwaarz op wäiss: la population et l’économie arrêtent de croître! Potznennö! Mat wat kann een sech dann iwwerhaapt déi gesellschaftlech Ëmstellung leeschten? Firwat huet sech d’Finanzplaz op ultra-gréng ëmgestallt, wann domadder net besonnesch Geld soll verdéngt ginn? Ech mengen, do ass eppes gehéiereg falsch verstane ginn!

Et geet prioritär ëm eng Reform vun de Pensiounen. Eise System ass ze vill generéis, 5 Sechstel fir Jiddereen. Den Ament leien d’Reserven am fonds de compensation bei ronn 24 Milliarden Euro, net grad 5 mol méi ewéi de Gesamtbetrag vun alle Pensiounen déi zu dësem Ablack ausbezuelt ginn. Héiert sech verdammt gutt un, mécht eis allerdéngs zu Wirtschaftssklaven: fir dee System um Liewen ze halen, muss eise PIB Joer fir Joer ëm 4,5% klammen! Ëmmer méi Leit mussen op den Aarbechtsmaart a verbarrikadéieren eis Stroossen. Ëmmer méi Leit loossen sech zu Lëtzebuerg néier an hëtzen esou d’Präisser un um Wunnengsmaart.

Dee System gëllt et ze reforméieren, an zwar elo, fir datt déi Ännerungen a 40 Joer kënne voll a Kraaft trieden. Virun iwwer 20 Joer hunn Jean-Claude Juncker an Erna Hennicot Schoepges virum 700.000-Awunnerstaat gewarnt. D’Sozialisten haten deemools vu Populismus geschwat. Geschitt ass bis haut näischt, iwwregens vu kenger Partei, vu kenger Regierung, och net vu Gambia. Et ass tatsächlech eng stramm Erausfuerderung, ma ob déi duerch Null-Wuesstem soll kënne gestemmt ginn, liicht mir net an!

Iwwerhaapt wimmelt et nëmmen esou vun Ongereimtheeten an deem Pabeier déi wuel op de Motto zeréckzeféiere sinn: mir verzaapen egal wat fir zu deem ze kommen op dat mir eraus wëllen.

Wisou ginn zum Beispill am Zenario 1 d’Wueren méi deier an net och am Zenario 2 wou jo an der Haaptsaach Bio verkaf gëtt?

Wisou verschwënnt den écart tëscht räichen an arme Leit (s’estompent)? Déi eng hunn een Haus, déi aner hunn der 100…an et gëtt der wuel ëmmer nach ouni Wunneng! Op d’mannst de Räichtum limitéiert sech net op e Gehalt oder op eng Pensioun…

Wisou bréngt Null-Wuesstem et fäerdeg, datt manner Auto gefuer a méi Vëlo pedalléiert gëtt? Hunn d’Leit keng Sue méi fir de Spritt ze bezuelen? Oder ass et just Wonschdenken?

Wisou entwéckelt sech de Populismus just am Zenario 3?

Wisou gëtt d’Europäesch Unioun just am zweeten Zenario méi kleng an net och an deenen aneren? Dat huet jo bestëmmt näischt mat der Situatioun am klenge Lëtzebuerg ze dinn!

Wisou gëtt et an den Zenarien 1 an 3 net och Länner oder extrem räich Leit, déi a Saachen Klima-Bekämpfung cavalier seul maachen?

Wisou? Wisou? Schönfärberei! Kee Wonner, datt se an de Patronatsvertriedungen d’Hänn iwwer dem Kapp zesummeschloen! Huet de Wirtschaftsminister déi dote Strategie – wann et dann eng ass- mat senge Regierungskolleegen ofgeschwat? Eng DP wäert jo kaum mat dëser Rifkin-Interpretatioun averstane sinn an den Opruff un d’Ekonomie maachen, d’Geschäfter lues a lues erofzefueren! Wat seet de lénke Flillek vun der LSAP? Wat seet dozou de Parteikolleeg Dan Kersch? Wéi reagéiert den OGBL?

Oder ass dat Ganzt just als Steen an d’Waasser matzen an engem Wahljoer ze gesinn? Esou am Genre: Et gëtt vill ze dinn, komm mir loossen et sinn?!

 

4 COMMENTS

  1. Leeën mer eise Kapp a Rou, de “Premier” ass déi nächsten Deeg zesummen mat der Finanzministeschduerstellerin a mat eisem Wilhelm zu Davos, fir ganz sécher mat neien Instruktiounen nees heem ze kommen. Et schéngt op “besëtz näischt a sief zefridden” erauszelaafen…eng schéin nei Welt eben.

  2. Net nemmen pitti s aufsatz mae och pitti s BD.
    Ech hun den androck dass mat der awiesselung vum Franz Fayot fir den Etienne Schneider an dem ministere d sozialisten net de gleckleche choix gemeet hun.

  3. Dat do ass Kommunismus pur. Prefabrikéiert Léisungen à la DDR-Kindergarten.
    Ganz schlecht – manner schlecht – schlecht.
    Der Staat als grosser Vordenker und Macher, Eigeninitiative ist nicht erwünscht und soll tunlichst unterlassen werden! Fehlt nach dem Fayot seng Marbers Buste niewent dem Stadhaus, beim Reenert sengem Fiisschen.

  4. Hun de papp Fayot kannt als kompetente prof.
    De fissi schengt eichter e braddler ze sin den emmer iergendwou noreckelt wann en aneren zrecktrett…hoffentlech net och nach bal staatsminister.

LEAVE A REPLY

Please enter your comment!
Please enter your name here