Recent Posts

Post Categories

Dem Premier seng Ried war ok, deem aneren seng Ried war besser 
De Luc Frieden huet a senger Ried iwwer d’Lag vun der Natioun bäigeléiert. Hien huet net aus der Schoul geplappert...
Friedrich Merz a Luc Frieden, même combat? 
D’Parallellen tëscht deenen zwee Politiker sinn erstaunlech: deen een war 7 Joer laang President vun der BIL, deen aneren Chef...
Frank Bertemes: Der Schmetterlingseffekt 
Im übertragenen Sinn bedeutet der Begriff, dass scheinbar unbedeutende Handlungen, kleine Zufälle oder Entscheidungen in der Vergangenheit enorme und weitreichende...
Tripartite, Festival vun de gudden Affairen 
Als Rappel: D’Tripartite gouf an d’Liewe geruff an de 70-ger Joer, wéi de Stär vun der Arbed am gaange war,...

Blog Post

Gesellschaft

Déi Gréng schafen de Papp (nach) net of! 

Déi Gréng schafen de Papp (nach) net of!
Image par Gerd Altmann de Pixabay

d’Männerwelt zu Lëtzebuerg steet op der Kopp! Déi Gréng schafen den Term “Papp” of! Esou behaapt et op d’mannst den ADR-Deputéierten Fernand Kartheiser an enger Ried an der Chamber, déi hefteg kommentéiert gëtt. Déi gréng Ideologie  kritt der an de soziale Medien an d’Sabbel, an der Haaptsaach vu Männer, déi sech an hirer Roll als Papp beleidegt fillen. Dobäi ass et net grad esou. Am Gesetzprojet https://bit.ly/39RkE0y geet et ëm d’Adoptioun, respektiv ëm d’Recht vum adoptéierte Kand, enges Daags seng “richteg” Elteren kennen ze léieren, op d’mannst, gewuer ze ginn.

Richteg Elteren? Esou gëtt et am Sproochgebrauch benotzt. Juristesch ass mam Term näischt unzefänken. Huele mir d’Beispill vun enger heterosexueller Koppel wou de Mann net fruchtbar genuch ass, fir sech den Dram vun engem Puppelchen z’erfëllen. Do besteet dann ënner anerem d’Méiglechkeet, datt d’Fra sech kënschtlech besome léisst, de Somspender ass anonym. Joer méi spéit -meeschtens an der Pubertéit, fänkt dat adoptéiert Kand un, sech Froen ze stellen, iwwert säi richtege Papp, säi genetesche Papp.

Ech gesinn elo mol dervunner of, datt d’Gesetzgebung iwwer den Anonymat vum Somspender an den eenzele Länner verschidden ass: an deem engen ass den Anonymat garantéiert, an engem aneren kann hien ënner gewëssene Konditiounen opgehuewe ginn. Et stellt sech awer schonn hei d’Fro vun der Terminologie, ganz egal wéi gutt oder manner gutt d’Verhältnes tëscht Adoptiv-Kand an “Adoptiv”-Papp war an ass. Ma et kann och richteg komplizéiert ginn!

Huele mir de Fall vun enger homosexueller Koppel. Zwee Männer kommen laut dem Naturgesetz net laanscht eng Adoptioun. An deem Fall huet dat Kand eng (anonym) biologesch Mamm (Leihmutter) a méiglecherweis e genetesche Papp als Somspender aus där homosexueller Koppel. A wéi nenne mir deen zweete Mann aus där Adoptiv-Koppel? Zousätzlech kann et virkommen, datt déi “Leihmutter” schwanger gëtt duerch en anonymmen Somspender, deen in fine dee richtegen, also genetesche Papp ass. A wéi nenne mir déi zwee aner Männer, déi d’Kand adoptéiert hunn?! Dat Kand huet dann dräi Pappen: ee “richtegen”, zwee…. parents de naissance? Oder awer léiwer ëmgedréit? Komplizéiert ass et allemol!

Esou gesinn, mécht déi nei erfonnten Terminologie duerchaus Sënn. Et kann een der grénger Justizministesch net de Virworf maachen, aus ideologesche Grënn de Papp bei der Däiwel  wollen ze schécken. Datt d’Welt méi fräi gëtt, datt si och méi komplizéiert gëtt. Dat weist sech och an der Gesetzgebung. Ech hunn d’Problematik allemol esou verstanen an interpretéiert.

Op facebook ass d’Welt (leider) eng aner. Do kréien déi Gréng der verbal an d’Schnëss. Et muss een net mat grénger Politik averstane sinn, ma et muss een hir Politiker grad esou wéineg direkt um éischte Bam ophänken. Sträitkultur? Jo! An zwar mat Betounung op Sträit an op Kultur. Den Testosteron-geluedene Männer an de soziale Medien schwätzen ech an deem Sënn an d’Gewëssen: maacht eisem Geschlecht net onnéideg eng schlecht Reklamm!

A souwisou limitéiert sech d’Roll vum Papp net op e Spermatozoid!

Related posts

Verloossen eng Äntwert

Required fields are marked *