Recent Posts

Post Categories

Dem Premier seng Ried war ok, deem aneren seng Ried war besser 
De Luc Frieden huet a senger Ried iwwer d’Lag vun der Natioun bäigeléiert. Hien huet net aus der Schoul geplappert...
Friedrich Merz a Luc Frieden, même combat? 
D’Parallellen tëscht deenen zwee Politiker sinn erstaunlech: deen een war 7 Joer laang President vun der BIL, deen aneren Chef...
Frank Bertemes: Der Schmetterlingseffekt 
Im übertragenen Sinn bedeutet der Begriff, dass scheinbar unbedeutende Handlungen, kleine Zufälle oder Entscheidungen in der Vergangenheit enorme und weitreichende...
Tripartite, Festival vun de gudden Affairen 
Als Rappel: D’Tripartite gouf an d’Liewe geruff an de 70-ger Joer, wéi de Stär vun der Arbed am gaange war,...

Blog Post

Gesondheet

Coronavirus plus en Dëpgen Ravioli 

Coronavirus plus en Dëpgen Ravioli
Web

fir d’Medien ass et ëmmer deen nämmlechten Dilemma! Wat mécht een am Fall vun enger (Natur)Katastroph? Mécht een de volle Programm, da gëtt et gären als Medienspektakel deklasséiet, besonnesch dann, wann déi ugekënnecht Katastroph sech herno als Seefeblos erausstellt! Zum Beispill wann Stuerm virausgesot gëtt an d’Resultat ass just eng gutt Löftchen. Vu Schnéichaos hu mir dëst Joer bis ewell a glécklecherweis net brauchen ze schwätzen. D’Medien sinn do ëmmer an der Féckmillchen vu Panik an Informatiounspflicht. Och a grad wat den neie Coronavirus betrëfft.

Dat winzegt Monster kann nämlech fir vill Onrou suergen, op gesondheetlechem Plang, ma och um sozialen an um wirtschaftlechen. Virun zwee Méint war et nach e reng “chineesesche Problem”, spéitstens zanter gëschter, wou d’Zuel vun den Infektiounen an Italien drastesch zougeholl huet, ass et och eng europäesch Erausfuerderung. Ech wënsche mir do eng méi breed Diskussioun, och vun der Politik: net fir Panik ze maachen, ma fir ze weisen, datt e Plang “B” fäerdeg am Tirang läit!

et fänkt un um europäeschen Niveau. D’Gesondheetsminister gesouchen sech virun der Geckenzäit, ouni vill ze decidéieren.

Image par leo2014 de Pixabay

Et gouf een sech d’Wuert, sech am Noutfall géigesäiteg ze hëllefen an déi néideg Schutzmasken ze liwweren, wann néideg. Fir de Rescht wëll een d’Situatioun weider am A behalen. Esou ähnlech léisst sech och d’Astellung vun der lëtzebuerger Regierung, an dësem Fall de Gesondheetsministère resuméieren: et observéiert ee weider, wat sech éischter unhéiert ewéi: mir wëssen et och net! 

Datt déi lëtzebuerger Ambassade an Italien muss zouginn, datt et weder vun der Santé nach vum Ausseministère iergendwellech Direktiven gëtt, fir Lëtzebuerger aus dem europäeschen Ausland ze rapatriéieren, léisst déif blécken https://5minutes.rtl.lu/actu/luxembourg/a/1474307.html Datt keng Kontrollen op de Grenze gemaach ginn, ass zu dësem Ablack méi wéi ze verstoen, ma et wier gutt, wann dem Land géing verroode ginn, wéi de Plang fir den Noutfall sollt ausgesinn! Grad Lëtzebuerg ass mat senger “petitesse” äusserst verletzlech, matt Grenzen zu dräi Noper, a virun allem, mat all Dag iwwer 200.000 Frontalier.

wat ass virgesinn fir den Eeschtfall? Ginn et Kontrollen? Wéi gesinn déi aus? E puer Zëmmer am Centre Hospitalier si fir eventuell Quarantainen reservéiert, wat ass virgesinn, wann d’Zuel vun den Infektioune klëmmt? Sollt eng Uertschaft zu Lëtzebuerg fir e puer Deeg oder zwou Wochen zougemaach ginn, wéi gesäit deen Ament de ravitaillement aus? Mat wat fir wirtschaftlechen Aboussen ass ze rechnen? Wéi gesot, net fir Panik ze maachen, ma fir de Leit ze erklären, datt een tatsächlech e bësselche méi schafft, ewéi just ze observéieren.

Bon. En attendant ginn ech mol hamsteren. Ech kafen eng Béchs Ravioli a Pàckelcherszoppen; domatter hunn d’Amerikaner de leschte Weltkrich iwwerliewt!

Related posts

Verloossen eng Äntwert

Required fields are marked *