De Franz Fayot gëtt also den Owend neie Parteipresident. Vu sengem Virgänger, dem Claude Haagen, haat een net esou vill héieren. Ee wéi deen aneren waren se de 14. Oktober net direkt an d’Chamber gewiélt ginn: den Haagen koum am Norden op 7700 Stëmmen, de Fayot am Zentrum op 9300. De Franz Fayot huet den Owend de Virdeel, datt et kee Géigekandidat gëtt; hie gëtt also gewielt, bleiwt nach säi score ofzewaarden. An et stellen sech vill Froen.
Ass de Mann dee richtegen op där Plaz, an där Fonctioun? Ëmmerhinn ass hien net bekannt als den absolutt grousse Riedner, deen d’Leit ka matrappen, sech nei fir d’Saach ze begeeschteren. Ma onofhängech dofunner: geet e Wiessel un der Spëtzt vun der Partei duer, fir d’LSAP aus der Kris erauszehuelen? Well de Mann gëtt jo selwer an engem Interview mam Paperjam zou, datt seng Partei déi lescht Wahle verluér huet. Just zur Erënnerung: op nationalem Niveau loung de Prozentsaaz vun de Stëmmen zejoert bei 16,77 Prozent, dat absolutt schlechste Resultat zanter der Nokrichszäit, a wäit ewech vun de bal 40 Prozent am Joer 1948. mä bon, och eng CSV wäert ni méi un déi 42 Prozent am Joer 54 erukommen; am Laaf vun de Joer huet sech munneches gedoen, virun allem koumen nei Parteie bäi, an de Kuch muss sech aaneschters opgedeelt gin. Allerdéngs, d’Erausfuerderungen si besonnesch grouss fir d’Genossen, si sinn esou déif gesakkt, datt ee sech bal genéiert, vun enger Vollekspartei ze schwätzen.
Am Interview mam Paperjam seet de Franz Fayot, d’Partei misst nees méi iwwer Sujet schwätzen, déi de Leit um Häerz leien. Hie seet net, wat fir eng dat solle sinn, mä, gëtt jo mol zou, datt seng Partei déi lescht Joer laanscht der politescher Plaque loung.
Dat ass en Ufank. Awer, a wat fir eng Richtung wëll de Fayot d’Partei dirigéieren? Méi an de lénken Eck, an den Antikapitalismus? Wat fir ee Gewiicht soll dobäi d’Stëmm kréien vun de Jongsozialisten? An enger Partei ginn et ëmmer verschidde politesch Stréimungen! Ass de Fayot kapabel, sech duerchzesetzen, d’Komeroden/innen hannert sech gestallt ze kréien? Hie schwätzt elo mol optimistesch vun enger Equipenaarbecht . Zesummen war jo och ee vun de Slogan fir déi lescht Wahlcampagne, an et hällt een zeréck, datt se schéin an d’Box goung! Et schéngt mir, wéi wann d’Partei fir d’éischt mol misst méi no sech kucken, a sech dann zeréckmelt. D’Partei muss sech en neien image ginn, muss sech strukturell an inhaltlech nei opstellen.
Den Owend sinn d’Wahlen, och fir d’Vizepresidenten. Wann et aleng dobäi bleiwt, ass et en non-event! Do muss scho méi kommen (idem fir d’CSV). An et stellt sech d’Fro, wéi laang den Etienne Schneider wäert Minister bleiwen. Och de Paperjam schreiwt vun enger Rumeur, déi hieren Tour mécht duerch d’stater Kuélegässel bis op de Krautmaart, datt ee roude Minister net all ze laang géing an der Regierung bleiwen. En Numm gëtt am Artikel net genannt, ma déi Rümeur betrëfft den Etienne Schneider; an do ass de Franz Fayot am Gespréich, fir d’Successioun ze iwwerhuelen. Natiirlech sinn dat just Spekulatiounen a Rumeuren, ma sollt et zoutreffen, hätt d’Partei en neie Probleem.
Loosse mer net ze schwaarz gesinn: de Fayot gëtt den Owend gewiélt an ass fir déi nächst 2 Joer LSAP-President. Good luck!