Recent Posts

Post Categories

Pandemie-Politik: Eng Enquête-Kommissioun zu Lëtzebuerg? 
No all där Opreegung ëm déi vill schlëmm a manner schlëmm Konsequenzen ëm deen ominéisen Topic „Pandemie “ an och...
Zirkus an der Politik ronderëm den Atom 
Gebongt. D’Aussoen vum Premier Luc Frieden a vum Ëmweltminister Serge Wilmes iwwer déi lëtzebuerger Atomstrategie koumen zum falschen Ament an...
Frank Bertemes: Rettet das Saatgut! 
„Die Rettung der Menschheit besteht gerade darin, dass alle alles angeht.“ —  Alexander Solschenizyn Wenige Dinge sind so kostbar und...
Atmosphäresch Virkrichszäit 
Mir liewe momentan e bësselchen an der Ambiance vun “1938”. Deemools wosst den informéierte Mënsch ganz genee, datt eppes Gréisseres...

Blog Post

Innepolitik

Ass e Gaardenhaischen noutwenneg, fir eng Kris? 

Ass e Gaardenhaischen noutwenneg, fir eng Kris?
picture credits: gouvernement.lu

“Mir loossen d’Koalitioun net wéinst engem Gaardenhaischen platzen!”, mat deene Wieder hu gëschter d’DP-Parteipresidentin Corinne Cahen an den LSAP-Vizepremier Etienne Schneider de Spunnes gedriwwen mat der CSV. Déi Ausso koum zum nämmlechten Ablack, wou déi Schwaaarz eng Pressekonferenz gehalen hunn, fir op Irregularitéiten vum Ëmweltministère am Dossier eben vun deem Schapp hinzeweisen. Déi zwee Regierungsmemberen hunn aus der Schoul geplappert an däitlech ze verstoe ginn, datt d’CSV – par personne interposée- hinne quasi op de Knéiën nogerutscht wier, d’Regierung platzen ze loossen an eng nei Koalitioun ze maachen, dann awer mat der CSV. Domatter stinn déi Konservativ e bësselche blöd do. Si dementéieren zwar esou Gespréicher, ma an der Ëffentlechkeet bleiwt de Message hänken: Et geet hinnen net séier genuch, zeréck un d’Muecht ze kommen. Wat bis ewell allerdéngs gréisstendeels ënnergoung, ass d’Ukënnegung vum Vizepremier Etienne Schneider gëschter am Lëtzebuerger Land, dës Legislaturperiod net ganz wolle fäerdeg ze maachen! Freet sech nach just, wéi laang hien an der Regierung bleiwt?

Wann am Ausland e Minister esou eng Ukënnegung an de Medie mécht, ass hien normalerweis bannent Deeg fort. Gëllt dat och fir Lëtzebuerg? De Mann ass Vizepremier, Wirtschaftsminister zanter 6 Joer, plus neierdéngs Gesondheetsminister…an esou nierwebäi d’Galliounsfigur vun de Sozialisten. “10 Joer Ministeraktivitéiten ginn duer”, seet de Mann, an dat géing bedeiten, datt hien nach knapp dräi Joer géing an der Regierung bleiwen (2012 – 2022). Dovunner ass wuel kaum auszegoen, well e Minister, dee mattdeelt, datt d’Loscht op Politik net méi esou richteg bei him besteet, ass eng lame duck! Dat gëllt besonnesch fir seng Fonctioun als Vizepremier: säi poltescht Gewiicht an der Koalitioun hëlt of; et ass also fir zimmlech séier och mat Ramouers an der LSAP ze rechnen: wien iwwerhëlt déi net onwichteg Positiounen vum Etienne Schneider, an dorunner ugeknäpt, ween ass fir déi nächst Wahlen sozialistesche Spëtzekandidat?

fir d’Regierungsspëtzt bedeit d’Ukënnegung och eng Schwächung!. D’Dafpätter vu Gambia 1 waren nun emol Xavier Bettel, Felix Braz an Etienne Schneider. De Felix Braz konnt aus deene bekannte Grënn net méi Vizepremier bleiwen an huet d’Politik ganz musse verloossen; a seng Plaz als Vizepremier koum de François Bausch, deen an indirektem Lien mat der SREL-Affaire condamnéiert gouf an eng Zäitchen wéinst der Affaire “geheime casier” schwéier ënner politeschem Beschoss stoung; fréi oder spéit dann zitt sech den Etienne Schneider aus der Politik zeréck, grad dee Mann, deen als stäerkste Persoun ënner Gambia 1 gegollen huet a fir eng gutt Wirtschaftspolitik gesuergt huet.

Dës Ukënnegung kënnt zu engem schlechten Ablack: déi Gréng sinn mat der Affaire Gaardenhaischen ugeschloen – och wann et sech dobäi net grad ëm déi ganz grouss Politik handelt- an elo kënnt Beweegung bei de Komeroden! De François Bausch schwätzt vun enger Kris an der eegener Partei, jeenodeem wéi d’Saach sech entwéckelt, kriselt et och an der Regierung, ganz ouni e Schapp. Eng Regierung op zolitte Been gesäit allemol aneschters aus. Déi Blo kënnen als eenzeg Regierungspartei geloossen an d’Zukunft kucken: hinne bleiwt ëmmer nach déi eng Méiglechkeet….

Related posts

Verloossen eng Äntwert

Required fields are marked *