Recent Posts

Post Categories

Pandemie-Politik: Eng Enquête-Kommissioun zu Lëtzebuerg? 
No all där Opreegung ëm déi vill schlëmm a manner schlëmm Konsequenzen ëm deen ominéisen Topic „Pandemie “ an och...
Zirkus an der Politik ronderëm den Atom 
Gebongt. D’Aussoen vum Premier Luc Frieden a vum Ëmweltminister Serge Wilmes iwwer déi lëtzebuerger Atomstrategie koumen zum falschen Ament an...
Frank Bertemes: Rettet das Saatgut! 
„Die Rettung der Menschheit besteht gerade darin, dass alle alles angeht.“ —  Alexander Solschenizyn Wenige Dinge sind so kostbar und...
Atmosphäresch Virkrichszäit 
Mir liewe momentan e bësselchen an der Ambiance vun “1938”. Deemools wosst den informéierte Mënsch ganz genee, datt eppes Gréisseres...

Blog Post

Innepolitik

Autosteier: Minister Bausch fänkt un, anzeknécken! 

Autosteier: Minister Bausch fänkt un, anzeknécken!
Image par OpenClipart-Vectors de Pixabay

d’Autosteier soll bekanntlech klammen, nom Prinzip pollueur/payeur. Déi leschte Sëtzung vun der zoustänneger Mobilitéitskommissioun vum 13. Februar war e bëssen chaotesch verlaf, well et Ongereimtheeten am Gesetzprojet gouf; do stoung ë.a., datt déi nei Steier schonn hätt sollen op den 1. Mäerz a Kraft trieden. A virun der Press huet de Minister d’CSV wéinst hire Kritiken mat der afd verglach! http://3.127.214.33/bausch-dcsv-ass-dei-letzebuerger-afd/

Deen Tëschefall – fir deen sech de François Bausch och korrekterweis entschëllegt huet- ass zu den Akte geluecht, par contre bleiwt de politeschen Drock vun der Oppositioun op de Minister bestoen. Esou huet de Mann de Moien confirméiert, datt d’Occasiouns-Auto net ënnert déi nei Autosteier faalen, an zwar gëllt dat och fir gebrauchte Ween, déi vu Lëtzebuerg aus a ganz Europa kënne kaf ginn. Et gi jo eng Partie Privatpersounen, ma och Betriiber, déi hir Occasiounsween am Ausland bestellen, zu Tréier akaafen oder ganz einfach um Internet. All dës Ween falen net ënnert déi nei Steier, wat Sënn mécht!

Image par Pexels de Pixabay

weider hat d’CSV en Amendemnt agereecht: de Gesetzprojet sollt eréischt den näechsten 1. Januar a Kraaft trieden. Eng definitiv Decisioun ass de Moien dozou nach net gefall, ma de Minister huet ze verstoe ginn, datt hien domatter kéint liewen. Also léiwer näischt iwwer de Knéi briechen a probéieren, eppes op d’Been ze stellen, dat och vun der Oppositioun ka mattgedroe ginn!

Bis ewell ass et och esou, datt Familjen mat méi wéi 2 Kanner – an déi also eng deementspriechend grouss bleche Kutsch mussen hunn- vun der Autosteier kënnen 80 Euro recuperéieren. D’CSV freet, datt dee Betrag op 125 Euro eropgesat gëtt. Do konnt de Minister de Moien net säin Accord ginn, well hien mat deem Amendement fir d’éischt muss an de Regierungsrot goen.

fallbeispiller goufen et de Moien och e puer, an zwar vun deene Modeller, déi am meeschten zu Lëtzebuerg kaaf ginn. Et handelt sech hei also nach laang net ëm déi Ween mat ville Paerdsstäerkten, déi also deementspriechend vill CO2 ausstoussen! Bei engem normale Golf Bensiner klëmmt d’Steier ëm 34 Euro, bei engem Golf-Diesel mecht d’Hausse 51 euro aus. Beim Polo mécht et 64 Euro aus, bei engem Tiguan sinn et ëm déi 78€. Dat alles huet de Minister de Moien erzielt a sech fort gemaach op eng Pressekonferenz: schliisslech gëtt den ëffentlechen Transport gratis. Et kann een et einfach net dacks genuch soen!

Related posts

Verloossen eng Äntwert

Required fields are marked *