Recent Posts

Post Categories

Och déi politesch Oppositioun huet hire Kräizwee ze goen 
D’Sozialisten sinn an där nämmlechter Situatioun ewéi 11 Joer virdrun déi Chrëschtlechsozial: raus aus der Regierung, raus aus dem Alldagstratt,...
Europäesch reality show 
Hutt Dir et och schonn héieren? Am Juni sinn Europawahlen, déi awer keen ze interesséiere schéngen. Grouss thematiséiert goufen se...
Ieselsdrot fir den Drotiesel 
Wat si mir e verwinntent Vollek. Den ëffentlechen Transport ass bei eis gratis. E schéine Subsid vun der ëffentlecher Hand,...
Invasioun vu Busser zu Weiler-um-Tiermchen 
Schonn 2013 -2015 hat et an där schmocker Gemeng Weiler-zum-Tiermchen Remmidemmi ginn wéinst Kaméidi. An der rue des Forges konnten...

Blog Post

Innepolitik

Corinne Cahen: déi Nächst! 

Corinne Cahen: déi Nächst!
image credits: gouvernement.lu

Eng indélicatesse war dee Bréif vun der ministerieller Geschäftsfra Corinne Cahen un déi stater Union Commercial. Méi natiirlech net! Ma eng kleng Téitsch behält se nun awer, si, déi sech ni genéiert, iwwert anerer hirzefalen, SMS’en weiderzeleeden, déi net fir si geduecht waren, de politesche Géigner als Dëlpes dohinner ze stellen. D’Affairchen weist och, datt d’Dräierkoalitioun, déi de groussen Duerchzoch am Land versprach hat, beim Fënsteropmaachen vergiess hat, d’Rolllueden eropzezéien. An elo kënnt déi nächst Geschicht, déi eigentlech schonn 10 Méint al ass an déi kengem opgefall war…kengem, ausser engem gudden Observateur, nom Motto: den Internet vergësst näischt! D’Ministesch Corinne Cahen verlount en Appartement, deen hir gehéiert. Dozou ass absolut näischt dergéint ze soen, dat Pikant ass allerdéngs, datt si dat iwwer d’Internetplatform AirBnB gemaach huet. Den RTL 5 minutes hat dorauser am Januar vun dësem Joer en insolite gemaach:

L’internaute attentif découvrira un joli appartement de trois pièces et 180m² proposé par une certaine Corinne. La photo ne laisse pas de place au doute, il s’agit bien de la ministre de la Famille, Corinne Cahen. Elle propose cet appartement pour 80 euros la nuit, un prix plutôt très raisonnable.

De ganzen Artikel fannt Dir hei:https://5minutes.rtl.lu/laune/actu/a/1292797.html

D’Ministesch gëtt sech quasi och indirekt als guide unn, fir de Leit d’Stad Lëtzebuerg ze weisen. Déi ganz Offer war allerdéngs nëmme fir kuerz Zäit op AirBnB ze gesinn.

Zwou Feststellungen: déi lëtzebuerger Regierung huet sech net eendeiteg festgeluecht, wat déi Zort commerce op AirBnB ugeet, well et handelt sech kloer ëm eng kommerziell Aktivitéit; et solle Leit ginn, déi hiren Appartement/Studio quasi all Dag op déi Manéier verlount hunn. Et rentéiert sech also, ëmsou méi, wou verschiddener probéieren wéinstens zum Deel laanscht d’Steieren ze kommen, woumatter ech awer der Ministesch näischt an deem Sënn wëll ënnerstellen! Onofhängech vun der Madame Cahen ass de System AirBnB komplett onsozial a verstéisst géint d’Hotelswiesen: wann AirBnB weider zouhëllt, musse Leit an der Hôtellerie entlooss ginn, den Ëmsaz geet zeréck, deementsriechend d’Steierrecetten fir de Staat etc.

De System ass och schwéier kompatibel mat der Logementspolitik vun der Regierung: Wunnechte sinn do/ginn geschafen, fir Persounen/Familljen definitiv ënnerdag ze bréngen; mat AirBnB ass dat net de Fall! Ëmmer nees heescht et vun deem engen oder anere Minister, datt d’Wunnengsnout, respektiv déi extreem héich Präisser zu den absolutte politesche Prioritéiten géif gehéieren. D’Léisung ass wuel kaum bei AirBnB ze sichen!

et  stellt sech d’Fro: däerf d’Madame Cahen niewt hirer Fonktioun als Ministesch nach esou kommerziell Aktivitéite maachen? Ass et ubruecht op dës Manéier dat lëtzebuerger Hotelleriewiesen an de Wunnengsmaart ze ënnerhillegen? Wär et net méi korrekt gewierscht, d’Madame hätt ganz klassesch eng Immobilienagence kontaktéiert, fir deen Appartement an d’Locatioun ze setzen? Als Familljeministesch wier et allemol bedeitend méi fair gewierscht!

E Regierungsmember soll 7 Deeg op 7, 24 Stonnen op 24 fir seng Equipe a fir d’Land schaffen, ouni aneren Aktivitéiten – a scho guer net kommerzieller Natur- nozegoen. Et schéngt, wéi wann d’Madame sech mat dëser Aktioun op AirBnB d’Fanger verbrannt hätt!

Related posts

Verloossen eng Äntwert

Required fields are marked *