D’Parteien stelle gären vun Zäit zu Zäit hier Ideologie an d’Vitrinn. Wann si dës Zort Katchëssem an d’Praxis ëmsetzen, gëtt et geféierlech. Rezent Krisen hunn dat gewisen, besonnesch duerch de Krich an der Ukrain gouf esou munches op d’Kopp gehäit. Grad déi Gréng an Däitschland hunn (nees eng Kéier) mussen vun enger Friddenspartei zu enger Krichspartei mutéieren, grad si hunn de Kanzler Scholz an enger éischter Phase viru sech hin gedriwwen mat der Fuerderung no ëmmer méi Waffen géint de Putin. Grad esou wat d’Energiekris ugeet.
De Fonds de commerce vun der grénger Beweegung war d’Oppositioun géint d’Atomwierker. An déi Ideologie ass elo an enger Féckmillchen. An Däitschland goufen déi lescht 3 Atomzentralen zougemaach, ma an ëmmer méi Länner gëtt den Atom quasi als lescht Rettung gesinn fir laanscht e Blackout ze kommen.
Esou guer d’Klimaaktivistin Greta Thunberg versteet déi Gréng an Däitschland guer net méi: “Ich bin gegen Atomkraft. Ich glaube aber – obwohl dies nicht der Meinung von Fridays for Future entspricht –, dass es aktuell schlechter ist, bestehende Atomkraftwerke zu stoppen, wenn Kohle die Alternative ist”, sagte sie dem stern. Auch in der Sendung “Maischberger” erklärte Thunberg, dass sie es für falsch halte, die noch aktiven Atomkraftwerke in Deutschland abzuschalten und stattdessen verstärkt auf Kohlekraft zu setzen. “Wenn sie schon laufen, glaube ich, dass es ein Fehler wäre, sie abzuschalten und sich der Kohle zuzuwenden.”
Hutt of virun där jonker Fra. Dat nennt een iwwer säi Schied sprangen eriwwer an d’ Realpolitik. Kuelewierker liwweren zwar och Stroum, ma do gëtt et jo deen zweete Fonds de commerce vun de Gréngen: de Klimawiessel. Wat dee Punkt betrëfft, ass d’Atomenergie bei wäitem manner knaschteg, also méi ëmweltfrëndlech ewéi d’Kuel! Habeck a Konsorten dinn sech domadder schwéier, ma genéieren sech net franséischen Atomstroum anzekafen. Hiererësseg!
Vun Doktrinnen muss ee kënne lass loossen. Am viregte Fréijoer nach hat de franséische President Macron confirméiert, datt weider Atombléck géingen zougemaach ginn, esou wéi säi Virgänger François Hollande et ugekënnegt hat: le nucléaire ne peut plus être une solution d’avenir.
E puer Méint méi spéit huet de Macron eng spektakulär Kéier gemaach mat der Ukënnegung, datt Atomzentralen déi bestinn, weiderlaafe gelooss ginn an datt déi nächst Joerzéngten massiv an den Atom wäert investéiert ginn. De Fransous brauch deemno bis op Weideres kee molltonnéierte Kalzong. Also Politik fir d’Vollek. Mä awer och fir de Politiker selwer.
Wann een nämlech Politik mécht fir den Erwaardungen aus dem Vollek entgéintzekommen, dann huet ee besser Chancen, erëmgewielt ze ginn, wéi wann ee Politik géint d’Vollek mécht an dach fir d’Land!
A Frankräich huet d’Gôôche 1981 d’Pensioun mat 60 Joer ugeholl. Zanterhier ass de Pensiounsregimm all Joer an extreemer Gefor! 1997 huet d’Gôôche d’35-Stonnewoch ugeholl. Zanterhier ass d’Land wirtschaftlech geschwächt. D’Droite huet viru 14 Joer decidéiert, datt an den OGM keng Recherchen méi gemaach ginn. Zanterhier hunn vill Wëssenschaftler Frankräich verlooss a maachen hir Aarbecht an den USA. Esou änlech och d’Decisioun vum Hollande fir déi politesch Cumullen (Duebelmandater etc) ofzeschafen.
Déi verschidde politesch Borden hunn esou Decisiounen zu Amenter geholl wou déi respektiv Thematik an der Top-Aktualitéit gebrannt huet. Si hunn dorausser en Dogma gemaach, deen an d’Vitrinn gestallt a goungen domatter wéi mat engem Tennis-Pokal an d’Wahlcampagne. Et kascht, wat et kascht. Datt esou eng Politik ganz no beim Populismus ass, gëtt héiflech iwwerspillt.
D’Zukunft gehéiert net dem Elektroauto, ma dem Verbrennermotor! Ma wien aus der Politik huet schonn de Courage, mat esou engem Saz an d’Ëffentlechkeet ze goen? Komplett iwwerhëtzt gouf déi gréng Ideologie mam Heizungsgesetz an Däitschland. Esou wéi op der grénger Wis alles op d’Wandmillen gesat gouf, sollt an all Keller eng Wäermepompel hikommen; nees eng Kéier en Diktat ouni déi geréngste Chance op Alternativen, op wëssenschaftlechen an technesche Fortschrëtt!
Déi finanziell Ënnerstëtzungen an der ablacklecher Energiekris si wuel richteg, ma si ginn dacks mat der Strenz verdeelt. Vu sozialer Selektivitéit keng Spuer. An esou ginn an den europäesche Länner honnerte vu Milliarden Euro ënner d’Vollek geschott. D’Politiker huele mat a Kaf, datt de Staat sech weider verschëlt, ma si erwaarden sech besser Chancen beim nächste Wahltermäin. Wann dat alles ass…!
…an dat wäert (leider) och weiderhinn esou bleiwen! Déi politësch Kuerzsiichtegkeet vun eiser gewielter Volléksvertriedung, déi just aus puer opportunistëschem Mandats”realismius” vun engem Waltermin zum nächste geet , erlaabt egal wéi ganz wéineg vun deem, wat ee politësch “Ideologie” nennt . Vun där ass souwisou bei aller Diskussioun ëm deen Term generell bei deenen “etabléierte” Parteien héchst wéineg iwwreg bliwwen – wat erkennt een dann do nach vu groussen ideologëschen Ënnerscheeder, wat zeechent déi eigentlech nach aus- well s’all (mengt déi “etablélert” véier grouss Parteien-schwaarz, rout, blo a “realo”gréng) deem pure Neoliberalismus an deem entspriechenden EU-Diktat (muss ee soen US-Diktat?) ënnerstinn? ‘t gëllt just déi eenzeg “Ideologie”als Credo vun hirem politëschen Handelen an dat ass déi vum Grousskapital, vum Geld, vum rücksichtslose Profit ‘ Dat ass leider déi realpolitësch IDEOLOGIE – als Grondastellung vum Kapitalismus, deen neoliberal am schlëmmste Sënn “gestalt” gëtt….vu wat fir enge Parteien?