Recent Posts

Post Categories

Frank Bertemes: Die Rückkehr des CSV – Staates 
„Wir bedenken manches erst, wenn es bedenklich geworden ist.“ Henriette Hanke (Schriftstellerin der Spätromantik)   Eines vorweg:  Wenn man die...
Ernesto Fluni: Sucht euch eine Version aus – Politik braucht Klarheit 
Heute stehe ich vor Ihnen mit zwei Optionen – so, wie wir es in der Politik oft erleben: eine seriöse...
Fraen am Afghanistan: Kufft d’Schmull! 
D’Taliban mussen en extremen Haass op d’Fraen hunn. Oder awer si hunn e fatzege Mannerwäertegkeetskomplex vis-à-vis vum anere Geschlecht. Genee...
Frank Bertemes: EU-Wertegemeinschaft? 
Ich glaube nicht, dass diejenigen recht haben, die meinen, Politik besteht darin, zwischen schwarz und weiß zu wählen. Man muss...

Blog Post

Politik

Léiw Jugendlecher 

Léiw Jugendlecher
image credits: pixabay

Ech begréissen, datt Dir op d’Strooss gitt, fir géint de Klimawiessel ze demonstréieren. Egal, op dee Wiessel vu Mënschenhand gemaach ass oder natiirlech Originnen huet, eise Planéit gëtt zanter Joerzéngten déck strapazéiert. Well Dir menger Generatioun – also deenen Eeleren- de Virworf maacht, op deem Punkt absolutt näischt gemaach ze hunn, wollt ech Ierch kuerz doropper äntwerten:

.

Jo, meng Generatioun huet an hirer Jugend op aner Schwéierponkter gesaat. Mir wollten d’Welt méi sécher maachen, géint Atomrakéiten a géint Atomindustrie hu mir manifestéiert. Mir wollten och d’Gesellschaft méi soziaal maachen, wat eis zum Deel gelongen ass. Mat engem méi strengen Aarbechtsgesetz sinn dem Luftikuss vu verschiddene Patron Grenze gesaat. D’Zuel vun de Congésdeeg goung an d’Lut, d’Bedeitung vun der Fra huet kräfteg zougeholl,de Congé parental gouf agefouert; déi Homosexuel däerfen sech bestueden, d’Bio-Landwirtschaft gouf geschafen…de Bierger geet et bei eis allgemeng besser!

Mä, Dir hutt Recht: eis Generatioun huet bedeitend méi consomméiert ewéi déi vun hieren Elteren a Grousselteren!

“Wouhir kënnt dat?”

G anz einfach: mir goufen en Affer vun ëmmer méi Fräiheeten. Wann d’Bomi an de Bopi fréier maximal 1 mol d’Joer an d’Vakanz goungen, da maache mir dat – déi, déi sech et leeschte kënnen- 3-4 mol an engem Joer. An da flitt een mat enger Bëllegloftgesellschaft fir en Apel an e Stéck Brout,

im

soudatt et fir bal jiddereen méiglech ass. Dir gehéiert zu där Generatioun, déi fir 35 Euro op London oder Madrid ka fléien! Mä, glécklecherweis huet een mat all deene Fräiheeten nach ëmmer de choix, fir ze konsumméieren oder och net. Dofir begréissen ech Aeren Idealismus an Dir sollt et net bei Aktiounen op de Stroosse si loossen, well déi aleng bréngen näischt, just e bësselche Gaudi fir eng Stënnchen (gleewt ës, och mir hunn Demo Freed gemaach). Gitt elo mam gudde Beispill vir.

  • fuert, wann d’Wieder et zouléisst, mam Velo an de Lycée. Loosst den Auto doheem, benotzt den ëffentlechen Transport.
  • verzicht op d’mannst op eng Vakanz. Eng Croisière ass en no-go, evitéiert wa méiglech de Flieger.
  • kaaft Aer Iesswueren a Séissegkeeten net am Plastik.
  • drénkt kee Waasser aus der Fläsch; d’Waasser, dat aus der Mauer kënnt, ass tiptop.
  • gitt maximal 1 mol den Dag ënner d’douche a wiesselt Aer Kleeder net ze dacks.
  • haalt Aeren Handy a Leptop op d’mannst 8 Joer.
  • liest vill Bicher iwwer den Ëmweltschutz.
  • maacht Projeten an Aerem Schoulgebai, wéi een d’Situatioun kéint verbesseren.

Esou kommt Dir méi glaafwierdeg eriwwer! Demo op der Stross si schéin a gutt, awer just an engem éischten Ulaf, fir op sech selwer an op d’Problematik, op déi ee wëll hiweisen, opmierksam ze maachen.

image credits:pixabay

Duerno muss een säin Idealismus deenen anere virliewen, souzesoen mam gudde Beispill virgoen. Dobäi ass et wichteg, den demokratesche Prinzip ze respektéieren, datt et Mënsche gëtt, déi net Aer Meenung deelen; och déi soll een an enger Demokratie a Betruecht huelen.

Ech sinn op alle Fall frou, datt jonk Leit nees fir eng Iddi op d’Strooss ginn; dat huet an de leschte Joer éischter zu de Raritéite gehéiert. Et ass elo un Ierch, derfir ze suergen, datt déi Aktioun net verpufft, well, esouguer de “gilets jaunes” a Frankräich geet lues a lues d’Loft aus. Dir musst der Gesellschaft et virmaachen, datt een net nëmme ka konsumméieren, ma och verzichten…an zwar net nëmmen op e puer Stonne Schoul, déi ee schwänzt!

Related posts

28 Comments

  1. Besenius Jeannot

    Ech ging iech vollkommen Recht!

  2. Georges Pfeiffenschneider

    Merci a bravo fir dèse konstruktiven an nëtzlechen Artikel. Et gëtt zu Lëtzebuerg (nach) ze wéineg Leit, déi sech iwwert dës Problematik(en) op eng intelligent, systemesch Aart a Weis äusseren, amplaz nëmmen ze kritiséieren an ze polariséieren. Wäert déi Gedanken hei weiderleeden!
    P.S. Wat deene Jonken hir Verantwortung ugeet, musse mir (Erwuessener) allerdéngs dréngend eppes Fundamentales un de Strukturen a Prioritéiten vun eisem Bildungssystem änneren, fir dass Kreativitéit, Kooperatioun an informéiert Kritik – an anere Wierder, wichteg demokratesch Kompetenzen – sech an hinnen entfale kënnen.

  3. MJKerschen

    maximal 1 X den Dag an d’Dusch ??????
    ech gin maximal 2 X d’Woch an d’Dusch, wann et noutwendesch ass, ouni ze stenken 😉

    1. admin

      Dobäi wëss Dir awer bestëmmt, datt et och där gëtt, déi all Daag 2 mol drënner ginn….

  4. Jean-Luc Wietor

    Bravo, esou Artikele bräicht ee méi – konstruktiv an ambitiéis. Jiddereen ass gefuerdert, ob jonk oder al, a jiddereen ass op der ganzer Breed gefuerdert. Ween sech et einfach mécht, mécht et deenen duerno méi schwéier.
    Ee klenge Kritikpunkt: “egal op dee Wiessel vu Mënschenhand gemaach ass oder natierlech Originen huet” Déi Jonk ginn net géint en allgemenge Wiessel op d’Strooss, mee géint dee Wiessel, dee mir grad spieren an zënter Jorzéngte moossen. 124 Joer ass et hir, dass de Svante Arrhenius verstan huet, wéi d’Verbrenne vu Kuel mat der Temperatur vun der niddreger Atmosphär zesummenhänkt. Hautdesdags gëtt et ménges Wëssens kee Klimafuerscher (méi) a keng Wëssenschaftsakademie, déi dat mat Argumenter unzweifelt oder en anere physikalesche Mechanismus parat huet. Vill Leit maachen sech et einfach well se mengen, d’Wëssenschaft hätt et net verstan. Awer d’Äerd gëtt och net platt, well iergendwou ee seet, se wir et.

    1. admin

      Ech ginn et zou: ech gehéieren zu de Klimaskeptiker, déi gehässegerweis KlimaLEUGNER genannt ginn. Ech verweisen dozou op e gudde Lieserbréiw op rtl.lu vum Mario Dichter.
      Op alle Fall sollen an enger Demokratie ëmmer déi zwou Säite kënnen diskutéiert ginn. LG

      1. Jean-Luc Wietor

        Merci fir Är Äntwert. Et wir mir jo och léiwer, den Här Dichter an Dir hätt Recht. Meng Fro war, ob iergendee serieuxe Wëssenschaftler eng alternativ Iddi parat hätt – wat den Här Dichter schreift, kann een zimlech alles mat 1. Unissemester Chimie a Physik widderleeën. Selbstverständlech soll alles kënnen debattéiert ginn, mee Fachleit sollen och zu Wuert kommen.

        1. admin

          Dat ass de Probleem zu Lëtzebuerg. Där fënnt ee schwéierlech. Aneschters am Ausland, wou ech awer bedaueren, datt déi net vill zu Wuert komme gelooss ginn.

        2. Mario Dichter

          Bitte denken Sie an das Goethe-Zitat, welches ich in meinem Leserbrief in Bezug auf Schulen und Universitäten erwähne, Herr Wietor.
          Zudem würde mich Ihre Definition eines ‘seriösen Wissenschaftlers’ interessieren!
          MbG

  5. Jean-Luc Wietor

    Ech wunnen zu Bréissel – och op anere Plazen ass de Problem ähnlech. Et gëtt vill Leit, déi net capabel wiren, d’Wëssenschaft hannerm Klima (fir Medizin ass et ähnlech) och nëmmen an de Grondzich ze erklären, mee behaapten d’Experte wéissten näischt oder wiren sech net sécher. Déi ganz king erfannen och nach nei Theorien.

  6. Patrick Linnig

    Sau interressant den Post! An et kann en en lo ophuelen wei en well mais daat doten ass net den Fendel vun den Schwulen an Lesben oder och LGBT genannt. An daat ass keng Foto vun enger Schülermanifestation mais vun enger LGBT-Pride (Gay marches from Vilnius to Alytus – http://dzukijosveidas.lt/…/geju-eitynes-is-vilniaus…/). Ass daat Bild net nach zousätzlech protégeiert?

    1. admin

      Gudde Moien. Jo Dir hutt Recht. Et war e bësselche séier gaangen, an ech hu keng richteg Photo fonnt. ech hu se elo duerch eng méi neutral ersaat. Ma, fräi Fotoen,(fir déi een net brauch ze bezueklen) iwwer Studentemanifestatiounen, hunn ech och haut keng fonnt.

  7. D.K.

    Wei wier et dann mol mat manner Fleesch iessen? Fierwaat gett esou eppes net als Beispill geholl wann et dach am Meeschten zum Klimawiesel bei dreiht an et och bekannt as?
    Kann ech net verstoen…

  8. Gaby

    wann hei gefuerdert get, dass di Jonk sollen mam gudde Beispill virgoen, da froen ech mech, ob dat mam gudde Beispill net virun Allem denen Erwuessenen hir Aufgab ass! Amplaatz lo mam Fanger op di Jonk ze weisen, wir et mol vlaicht un der Zait, dass mir Erwuessener geifen ufänken, eis Liewens Art a Weis ze iwwerdenken, an mol bei eis selwer ufänken, eppes ze änneren! Eppes Besseres virliewen ass emmer besser wei gudd gemengte Rotschlei!!

    1. admin

      Ganz kloer sollen déi Eeler mam gudde Beispill virgoen. Ma hei hu sech jo déi Jonk zur Fënster erausgeluecht, also mussen si och kënne kleng Kritikken aushaalen. Mat beschte Gréiss

      1. Gaby

        Fannen dat net! Ech fannen dass di Jonk lo eis Ennerstetzung braichten, an net eis Kritik! A wann ech gesin, wei e Liewen di Erwuessen hei zu Letzebuerg feieren, da fannen ech net, dass si sech d‘Recht kennen eraushuelen, anerer ze kritizeieren! Amplaatz sollen si mat hinnen zesummen probeieren, eppes ze änneren!

  9. Pletschette Cindy

    Merci,fir ären Artikel.Elo misst een hoffen,dass desen Artikel och vun den Jonken gelies an emgesât get.
    Schued,dass die Manifestatioun zum Deel en aneren Problem zu Lëtzebuerg daitlech gemâch huet..Op keen Fall ab 16Joër Wielrecht ze kréien..MbG

    1. admin

      Den Artikkel ass bis elo wäit iwwer 6000 mol gelies ginn, wat vill ass, fir esou e butzege Site. do wäaerte jo och alt Jonker drënner sinn

  10. Alin Klapp

    nach e puer Tips:
    maach de Krunn zou wann der Zenn wäscht
    léier richtech Dreck sönneren
    geheit neischt mi ob de Buedem
    gidd méi zu Fouss oder mam Velo – den aalmoudeschen, keen elektreschen
    halt ob all Kaabes um internet ze posten
    maach Luuchten aus wann se net gebraucht gin
    dot och selwer gestreckte Kleeder un
    Saache flecken aplaatz nei kaafen
    iesst daat waat doheem wiist a gezillt get
    grafitti muss net aus der Spaydous kommen

  11. WeThePeople

    Ech sin ganz äerer Meenung. Leider muss ech mat Mëtt 20 well feststellen, dass sech déi Jonk guer net bewosst sin, dass sie duerch hieren Konsum der Emwëlt schueden. Dass Plastik am Mier fir Schued suergt gesait een jo oft genuch.

    Ech kennen Leit déi sech viru Krunnewasser ekelen an nemmen Vittel/Viva aus der Plastikfläsch drenken. Et gin Leit déi léiwer en Apel aus Neuseeland iessen, wéi en vum Bam em den Eck ze plécken (well deen net 100% ronn ass) a well dat ze ustrengend ass fir en sichen ze gon. Mir konsuméiren d’ganzt Joer Uebst wat net saisonal ass, wéi Aerdbieren am Wanter.
    Dass een 5 verschidden Farwen vun der selwechter Designer-Poche an emmer den neisten Handy muss hun fir net “aarm” oder “oncool” ze sin weist mir dass d’Leit lues awer sëcher duerchdréien.

    Ech fueren och gären Auto a Motorrad. Ech fueren d Woch iwwer nemmen mam öffentlechen Transport, mam Velo um lokalen Niveau an falls d Wieder et verlaangt eben mam Auto. Am Summer fueren ech souguer mam Velo akaafen.

    Ech gehéiren leider zum aalen Eisen, en “aale Bop” wéi déi aaner son well ech amplatz vun exzessiven Konsum an Feieren all Weekend léiwer dobaussen sin an Uebst a Geméis uplanzen an mat engem Schlag och nach en deieren Fitnessabo spueren wou ech misst 15 Minuten mam Auto hin an hir fueren.

    Ech konsuméiren gäeren, wéi déi meecht Leit, mee bei all Decisioun muss sech awer och eng Plus-Value fannen. Ech ersetzen keen Handy deen nach geet oder kafen nei Kleeder wann ech der elo schon ze vill hun.

    Meng Grousseltren hun bei weitem méi hard geschafft wéi meng Generatioun, mee ech héiren awer raus dass sie zefridden waren mat enger gesonder Famill an Iessen um Dësch. Mir hun emmer méi a méi an d Leit gin emmer méi onzefridden.

    Vleit huet dat och domat ze dinn dass d’Kanner haut leider oft (et gin zum Gleck Ausnahmen) vun Moies bis owes an enger Crèche/Maison Relais setzen wat eng enorm Belaaschtung ass. E richtegt Famillieliewen verschwënnt. D’Eltren sin mat de Kanner iwerfuerdert an gin hinnen Iphone/Ipad a Playstation fir sie Weekends roueg ze haalen.

    Ech sin der Meenung mir mussen méi konstruktiv kritiséiren fir de System ze verbesseren, well soss ass et iergendwann ze spéit. Mee et muss bei de Leit selwer “klicken”, d’Leit mat Steiren an eng Richtung forcéiren klappt net, dat wees souguer de Lycées-Schüler no engem Joer Eco.

  12. Simonelli Patrick

    De ganzen Kommentar wier tiptop wann net deen allerleschte Satz wier, deen di ganz jugendlech Bewegung op Schoulschwänzer-Nivo erofgesat huet. Also alles an allem ee negativ ugehäuchte Kommentar geint d’Jugend. Ech gleewe käum, dass si 3-4x an d’Vakanz fueren, a wann, dann ass et well d’Elteren et esou décideiert hunn. Et sinn och di mannsten dei all Joers hieren Handy wiesselen, mee just déi aus besserem Häus. Et gesait een gutt an äerem Kommentar, dass dir d’Realitéit an där vill Jugendlech liewen, nëmmen iwwerflächlech kennt. Et ass net jiddfereen ee Funktionärskand, dat sech all dëst, wat dir hei vunn iech gitt, och ka leeschten.
    An esou laang Bioprodukter an onsen Geschäfter daitlech mei daier sinn, wei de Rescht, ännert sech och naischt un dëser Situatioun.

  13. Eligio Martinelli

    Den Planéit get et schon vill Milliounen vun Joeren an waerd nach laang do sin well en emmer selwer eng Leisung fennt! Den Mensch leider net, well durch sein Krich-zwang, sein Religiouns-wahn, sein “7 Kapitalsennen-idealismus” an seng, déif an den Genen, verankert Grausamkeet ass en zum verschwannen verurdeelt!

  14. #FridaysForFuture - Léif Jugend | Café international

    […] dass no dësem ëffentlechen Optrëtt och nach weider systematesch Aktiounen noutwenneg sinn. Ob de (sécherlech gutt gemengten, mee wierklechkeetsfrieme) Rotschlo "gitt just nach eemol den Dag an … wierklech den Nol op de Kapp trëfft, woen ech awer ze bezweifelen. Iwwerhaapt läit et net just un […]

  15. Linda

    Richteg ! Haut hun déi Jonk matt 6 Joer an éichter en Hany,Laptop,telé an da Kummer… Spillkonsolen answ…. och daat ass net gut vird Emwelt! All Kand huet matt 18 Joer en Auto,matt 16 Joer kréien se en Moto.
    Ech sin anvastaan matt dem waat ons Jugend mecht vir den Klimawandel ze änneren.mee sie mussen dann awer bei sech unfänken! Déi aal Generatiounen haaten daat net waat sie hun. Ech haat mol keen Velo. Sin zu fouss gaang and Schoul. Meng Elteren haaten laang keen Auto. Zuch an Bus an zu Fouss war et vir ons.
    Mir haaten keng Heizung an den Kummeren. Ech Kachmaschin an da Kichen matt Holz .
    Am Alter réicht hun meng Elteren den Luxus krit vir en klengen Auto an Heizung.
    Ass bestemt net der aaler Generatioun hir Schold datt mir lo mam Klimawandel am Klinsch sin. Et wir och gut wann se an Nordkorea an déi Länner manifestéieren gin vir datt se do ophaalen mat den Testervun den Atombommen! Daat ass och ganz schlecht vir ons Meerer an hir Déieren..

  16. Claudine Margue

    En Text dee ganz mengen Ideen entsprecht. Félicitatiounen dofir!

  17. Claude FABER

    Excellent argumenteiert, an voll waat ech denken, mee nach nët mer d’Meih gehol hun, a villeicht och nët ësou gud geif kënnen, zë formuleieren.

  18. Jean-Luc Luxembourg

    Gutt differenzéiert, diplomatesch an awer gin déi Jonk net verurteelt. E ganz gelongenen Artikel, wou ee, wann ee buere geet, wéi bei allem Saache fënnt, déinet an dat eegent Weltbild passen, soit.

  19. Chris Filip

    Dozou och en ähnlechen Artikel hei:
    https://www.achgut.com/artikel/liebe_enkel_ihr_uns_auch

Verloossen eng Äntwert

Required fields are marked *