Am Galopp an d’Wirtschaftskris!

0
711
Image par Gerd Altmann de Pixabay

d’Doudesannoncen an der Zeitung sinn de Beleeg, schwaarz op wäiss: am Fréijoer stierwen aussergewéinlech vill eeler Persounen. Mam Ënnerscheed dëst Joer, datt der wuel eng ganz Partie drënner sinn, déi mat Covid-19 gestuerwe sinn. Also net onbedéngt wéinst Covid-19, ma fir dat erauszefannen hätt mussen vu jidfer Verstuerwenen eng Autopsie musse gemaach ginn, wat bei eis éischter net zu de Gewunnechte läit. Op alle Fall si vill vun dëse Persounen an der totaler Isolatioun, also komplett eleng vun dëser Welt gaangen. Eng mënschlech Sauerei!

Am “Lëtzebuerger Wort” vum 22. Mee ass mir nach eppes aneschters opgefall: op der éischter Säit ass den Haapttitel: Kampf gegen Konkurse an op de Säiten 41 bis 50 stinn verdeelt net manner wéi 50 Failliten ze liesen! 50! Net grad wéineg. Do sinn der wahscheinlech vill drënner, déi schonn virun der Pandemie a schlechten Finanzdicher waren, ma et sinn der wuel och drënner, déi vum Virus de Karnéckelschlag kruten.

Image par Steve Buissinne de Pixabay

Dobäi ënnerhëlt d’Regierung vill, ënner anerem 800 Milliounen fir e sougenannten “Neie Start” fir d’Land; virdrun war jo e Stabilitéitsprogramm an der Héicht vun 2,2 Milliarden Euro decidéiert ginn, am Ganzen also bis ewell 3 Milliarden. De Finanzminister Pierre Gramegna kann zu Recht a matt engem gewëssenen Houfert feststellen: Lëtzebuerg ënnerstëtzt seng Wirtschaft mat 5 Prozent vu sengem Bruttoinlandproduit, liicht iwwer dem Niveau an Däitschland a méi wéi duebel esou vill wéi an den zwee aneren Noper, Belsch a Frankräich.

eleng kritt de klenge Grand-Duché dat net gestemmt! Mir maachen vill vun eise Geschäfter mat den zwee aneren BENELUX-Staaten plus Däitschland a Frankräich. Et hänkt also vill dovunner of, wéi séier d’Wirtschaft sech ronderëm – an iwwerhaapt, weltwäit!- erkritt.

Et geet allerdéngs net duer, de Staatsbeidel grouss opzemaachen. Et kënnt och drop unn, wéi séier d’ëffentlech Hand aktiv gëtt. Dee leschten Hëllefspak vun edr Regierung ass “moossgeschneidert”, heescht et, also net méi wéi mat der Strenz am éischten Moosnamenkatalog. Da verstinn ech net, wéisou nach näischt decidéiert gouf fir d’Reesagencen?! Déi hänken den Ament komplett an de Seeler: si hunn den Ament net vill “produit” unzebidden, an déi Situatioun riskéiert an den nächste Méint net bedeitend ze änneren.

Wuel kommen lues a lues bescht bekannten “Palmen-Destinatiounen derbei, ma wee weess schonn, wéi d’Clintèle doropper reagéiert? Bei ville Leit ass d’Angscht virum Virus grouss. Sinn si bereet, an de Flieger ze klammen? Et wär net vu Muttwëll, de Reesbüroen finanziell ënnert d’Aerem ze gräifen, och am Sënn vun der LUXAIR!

dat alles kascht enorm Suen. D’Zuel vun den Aarbechtslosen ass am Abrëll ëm 31 Prozent an d’Lut gaangen op 20.200, d’Halschecht dovunner kréien de komplett indemniséierte Chômage! Leider wäert dat eréischt den Ufank sinn, sou datt d’Staatsfinanzen sech nach esou bal net kënnen erhuelen! Zu dësem Ablack eng zousätzlech Krisesteier anzeféieren, wier tatsächlech Gëft fir d’Ekonomie, ma op länger Siicht kënnt ee kaum derlaanscht!

Image par Violinka de Pixabay

Déi Steier besteet an zwar schonn zanter de 70-ger Joer: den impôt de solidarité, deen deemools agefouert gi war wéinst der rabiater Stolkris, déi grad esou iwwerraschend koum ewéi de Virus. An der Zäit loung se bei 10 Prozent, tëschenduerch gouf si mol erof, mol eropgesat. Den Ablack läit si bei 2,5 Prozent. Wuelverstaanen: et ass eng extra Steier, déi niewt deenen normale Steieren erhuewe gëtt an ze bezuelen ass! Si ass geduecht als ” contribution pour le fonds de l’emploi”, also fir d’Aarbechtslegkeet ze finanzéieren.

Viru Méint hunn ech nach de Plaidoyer gehalen, dës Steier ofzeschaafen. E Staat, deen den ëffentlechen Transport gratis fir jiddereen mécht, also d’Suen zur Fënster erausgeheit, wär moralesch verflicht esou eng Soli-Steier, also Krise-Steier, ofzeschafen. Elo wou mer tatsächlech an enger Wirtschaftskris sinn, fäerten ech ganz, datt mir net wäerten laanscht eng Hausse vun där Steier kommen!

“…ma geet eng Steier duer?!    “

Den Ament schwätze mir vun engem Käschtepunkt vun iwwer 8 Milliarden Euro brutto. Well d’Betribssteier zwar provisoresch nogelooss an trotzdeem engesdaags muss bezuelt ginn, kann een vun engem Netto ausgoen vu 5 Milliarden Onkäschten fir de Staat. Wat fir Weeër geet do d’Regierung? D’Ausgaben méi kleng halen? Null-Ronnen an de Kollektivverträg! Awer och net ze vill, well, wee manner huet, gëtt manner aus! D’Investissementer erofsetzen? Awer och hei net ze vill, well sos fueren gréisser Bau- an Handwierksbetriber bei der Deiwel! D’Kees eidel maachen vum Souveränitéitsfong? Dat sinn just knapp 400 Milliounen Euro. De Grëff mat der eideler Hand an d’Pensiounsdëppen mat gutt 17,5 Milliarden? Dat huet viru 40 Joer de Staatsminister Pierre Werner gemaach. LSAP an OGBL hu vun engem Rentenklau geschwat a goungen op d’Plëss d’Armes manifestéieren. Haut sëtzen d’Genossen mat an der Regierung….

KOMMENTAAR

Please enter your comment!
Please enter your name here