Recent Posts

Post Categories

Dem Premier seng Ried war ok, deem aneren seng Ried war besser 
De Luc Frieden huet a senger Ried iwwer d’Lag vun der Natioun bäigeléiert. Hien huet net aus der Schoul geplappert...
Friedrich Merz a Luc Frieden, même combat? 
D’Parallellen tëscht deenen zwee Politiker sinn erstaunlech: deen een war 7 Joer laang President vun der BIL, deen aneren Chef...
Frank Bertemes: Der Schmetterlingseffekt 
Im übertragenen Sinn bedeutet der Begriff, dass scheinbar unbedeutende Handlungen, kleine Zufälle oder Entscheidungen in der Vergangenheit enorme und weitreichende...
Tripartite, Festival vun de gudden Affairen 
Als Rappel: D’Tripartite gouf an d’Liewe geruff an de 70-ger Joer, wéi de Stär vun der Arbed am gaange war,...

Blog Post

Featured

D’Duebelmoral vun der WHO a Saachen Alkohol 

D’Duebelmoral vun der WHO a Saachen Alkohol
TOPSHOT - A photo taken in the late hours of May 29, 2020 shows a sign of the World Health Organization (WHO) at their headquarters in Geneva amid the COVID-19 outbreak, caused by the novel coronavirus. - President Donald Trump said May 29, 2020, he was breaking off US ties with the World Health Organization, which he says failed to do enough to combat the initial spread of the novel coronavirus. (Photo by Fabrice COFFRINI / AFP) (Photo by FABRICE COFFRINI/AFP via Getty Images)

Dësen u sech harmlosen Artikel gouf vu Facebook zweemol refuséiert!

 

D’Weltgesondheetsorganisatioun ass ee groussen an deiere Veräin- an dat net eréischt zanter de Kriticken vum Donald Trump; spéitstens zanter der Pandemie ass hire Fonctionnement  net onëmstridden. Dobäi ass si net ëmmer selwer dorunner Schold. Viru 25 Joer zum Beispill goung si mam Verdikt an d’Ëffentlechkeet, datt den Olivenueleg manner schiedlech wär wéi aner Zorte vu Fetter. Franséisch an italieenesch Olive-Baueren hunn dorauser d’Campagne lancéiert Olivenueleg ass gesonnt. E Geldseegen fir déi Länner. Zanterhier kritt ee reegelméisseg am Restaurant e Bifdeck zerwéiert, deen am Ueleg schwëmmt wéi an enger Zopp, a wann en da reklaméiert, kritt een de Saz ze héieren: mais c’st bon pour la santé! Wat net ganz falsch ass, virausgesat et schluppt een deen Ueleg net ewéi Béier. De Mythos ronderëm d’Olive hält sech schonn zanter bal 30 Joer ouni datt d’WHO eppes Zousätzleches huet musse bäisteieren.

Image par Alexa de Pixabay

Ganz aneschters am Fall Alkohol. Zanter Joer kritt d’Mënschheet vum Weltdokter gepriedegt, datt Alkohol schlecht ass fir d’Gesondheet, esouguer an extreem klenge Quantitéiten. Alkohol, der Sanitäter in der Not? Quetschen och! Wien 2 Béier d’Woch drénkt, ass scho vun deem Gesëffs ofhängeg a verléiert Punkten op sengem Liewenslafpass! Esou oder esou änlech huet d’WHO dat viru 7 Joer op der Basis vun enger grousser Etude bekannt ginn. Elo huet dat nämmlecht Institut eng zweet Etude erausginn, mat der Conclusioun: Alkohol kann duerchaus gutt sinn fir d’Gesondheet. Ma Prost dann! D’WHO awer hält sech no bausse bedeckt. Eng Frechheet fir hir Member an Donateuren.

Der Weltgesondheetsorganisatioun hire Budget beleeft sech op 3,5 Milliarden Dollar, d’Ausgaben lounge virun 2 Joer bei 4,4 Milliarden. Also net grad e Porette-Veräin! Ronn 1 Milliard hu bis dato d’Amerikaner als Cotisatioun bezuelt, de Rescht gouf sech ronderëm d’Welt opgedeelt. En aneren Deel vun de Suen kënnt vu privaten Donateuren, dorënner d’ Bill und Melinda Gates Stëftung; an d’Weltorganisatioun ënnerstëtzt  zesumme mat där Fondatioun Global Burden of Disease Study, Dobäi handelt et sech ëm e Projet, fir zeg Milliarden Daten vu ronderëm d’Welt ze sammelen an ze kategoriséieren. De Misär dobäi ass: d’Institut huet 2 Etude gemaach, déi sech komplett widderspriechen!

Déi éischt Versioun https://bit.ly/3RsllSX gouf 2018 gemaach mam Resultat, dat mir kennen: wien och nëmmen un Alkohol denkt, kritt ipso facto a senger ADN e puer gesonnt Joer vu sengem Liewen ofgeknipst; mat där Etude gouf d’Wandlung an der kathoulescher Mass zu Völlerei, zu engem Opruff zu Hedonismus, de Paschtouer zum Alkoholiker. D’Etude gouf seriö geholl an am Fach-Magazinn The Lancet publizéiert. 4 Joer duerno huet dat nämmlecht Institut mat deenen nämmlechten Auteuren – also Wëssenschaftler- eng zweet Etude gemaach. D’Resultat ass eng Katastroph! Op d’mannst fir d’WHO…déi dann och léiwer de Bak hält.https://bit.ly/4lEm9lz

Abstinenz? Dat war fréier! Just bei Jugendlechen a jonken Erwuessenen kann den Alkohol negativ Auswierkungen op

Image par Dmitriy de Pixabay

d’Gesondheet hunn; vu 40 Joer un awer kann deen Alkohol eng duerchaus positiv Wierkung op de Mënsch hunn, virausgesat, et drénkt ee mat Moossen: manner Häerzinfarkter, manner Hiereschlag, manner Diabetes. Och dës Etude gouf am The Lancet publizéiert. Mä Hand op d’Häerz. An der Ëffentlechkeet ass exklusiv déi éischt Versioun bekannt, vun där zweeter kee Pipcheswuert!

Et éiert d’Auteuren vun deenen zwou Etuden, de Courage gehat ze hunn fir eng wëssenschaftlech fondéiert Géigepositioun, an et ass eng Schan fir d’WHO déi eng Etude ënnerdréckt, der Ëffentlechkeet virenthält, déi si selwer bezuelt huet.

Villäicht hate Boma a Bopa Recht, wann si soten: vun allem e bësselchen iessen – also och e bësselchen Olivenueleg- a vun allem e bësselchen drénken- also vun Zäit zu Zäit och alt mol eng Schlippchen Alkohol.

 

Related posts

Verloossen eng Äntwert

Required fields are marked *