Recent Posts

Post Categories

Politesch Meteo vun der DP 
Bei der DP gi Still geréckelt an domadder Weiche fir d’Zukunft gestallt.Tatort: dëse Sonndeg um Kongress. D’Carole Hartmann gëtt nei...
Eng Majoritéit ass (k)eng Majoritéit! 
Alles wat iwwer 50 Prozent läit, ass an der Politik eng Majoritéit. Et kann awer och de Spunnes mat der...
Frank Bertemes: Die CSV und die irenische Formel 
“In dem Begriff soziale Marktwirtschaft liegt die Betonung auf dem Wort sozial.” Julius Raab Julius Friedrich Raab (* 29. November 1891 in St. Pölten, Niederösterreich; † 8....
Frank Bertemes: Grüne Friedenspartei? 
Viel ist schon gewonnen, wenn nur einer aufsteht und Nein sagt. – Bert Brecht –   Grüne Politik ist eine...

Blog Post

Justiz

Causa Schneider: Exklusiv-Interview mam Top-Affekot Emmanuel Marsigny 

Causa Schneider: Exklusiv-Interview mam Top-Affekot Emmanuel Marsigny
Marc Thoma

 

De Frank Schneider – an engem fréiere Liewen Operatiounschef vum lëtzebuerger Geheimdéngscht- gouf bekanntlech virun 18 Méint vu franséische Gendaarmen heifir op der Grenz festgeholl. De Grond: hie gouf vun den amerikaneschen Autoritéite gesicht a sollt un d’Land vum Monni Sam ausgewise ginn fir do de Prozess gemaach ze kréien. Zanter 10 Méint sëtzt hien mat Foussfesselen bei sech doheem an engem Haus a Frankräich a waart, datt säi Schicksal e weidere Stouss kritt. An zwar vum lëtzebuerger Premier!

Deen awer wëll mordicus kee Fanger fir hien kromm maachen, an esou huet déi ganz Regierung zimmlech rezent betount, datt si sech net fir de Schneider wëll asetzen. Schonn éischter verwonnerlech, ëmsou méi wou d’Sozialisten – an de Jean Asselborn un der Spëtzt- wéinstens inoffiziell de Fall méi nuancéiert gesinn. De Schneider betount, onschëlleg ze sinn! Dat ass dat eent. Bon! Et muss een him dat net gleewen. Dat anert ass, datt de Mann op kee Fall wëll un d’Amerikaner ausgeliwwert ginn.

Déi amerikanesch Justiz ass nämlech alles aneschters ewéi demokratesch. Si kascht la peau des fesses, et kritt een d’Messer op d’Broscht gesat fir op guilty ze plädéieren a Schwupp, ass een fir 20 Joer hanner Gitter. Vun de Prisongen dohannen guer net ze schwätzen. De Schneider hätt also gären, datt hien net un d’AMI’s ausgeliwwert gëtt, wëll sech zugläich engem Prozess net entzéien, dann awer op lëtzebuerger Territoire.

Et goung an et geet ëm déi prinzipiell Fro: muss de lëtzebuerger Staat net fir d’Sécherheet vu senge Bierger opkommen? Muss d’Regierung – an dësem Fall de Regierungschef- net bei de Fransousen intervenéieren, fir de Mann zeréck an de Grand-Duché ze kréien?

Eis verschidden Autoritéiten awer hu sech déi lescht Méint just an eppes ervirgedoen: si hunn gutt Sëtzlieder! Nom Rezept aus “politesch kachen a brachen“: d’Saach aussëtzen, am Beschten näischt ënnerhuelen, mësch dech an näischt, da kënns du an näischt! Iergendwann wäert sech d’Nervositéit nees leeën, ëmsou méi wou déi groussherzoglech Press och net grad duerch Fläiss an der Saach opgefall ass.

Justiz a Politik hu sech de Ball géigesäiteg zeréckgeschoss, wéi eng waarm Gromper. Zanter e puer Wochen awer kënnt Musek an d’Spill, d’CSV – an iwwerhaapt déi gesamt Oppositioun- huet endlech de Sujet opgegraff. An och ëmmer méi Leit aus dem Vollek stellen sech hannert d’Persoun Schneider. Net wat seng Schold oder Onschold betrëfft, ma de Prinzip vun der Ausliwwerung vun engem Lëtzebuerger un d’Ausland, hei un d’USA. Et bleift ëmmer nach Zäit genuch duerno, fir festzestellen, ob hien net awer e korrupte Kärel ass.

De Frank Schneider huet den Ablack e puer Affekoten, een an de States, een a Frankräich an dat ass keen aneren ewéi den Emmanuel Marsigny. E Star-Affekot. De Mann plädéiert fir de fréiere franséische Premier Edouard Philippe deen sech am Kontext vun der Covid-19-Pandemie soll viru Geriicht veräntwerten, de Marsigny war den Affekot am Angolagate an och am Crash vun der Concorde. Elo dann de Verteideger vum Här Schneider! A mat deem Mann huet sech de Marc Thoma ënnerhalen.

De Marsigny kann de Raisonnement vum Xavier Bettel net novollzéien!

 

Related posts

1 Comment

  1. Jean

    Alichtend erklaerungen vum Me.Marsigny um prozedural juristesche plang.
    Wann ee wees,dass eise Premier droit studeiert huet a viru senger politescher carriere och affekot war,kann ee sech froen stellen.

Verloossen eng Äntwert

Required fields are marked *