Recent Posts

Post Categories

Pandemie-Politik: Eng Enquête-Kommissioun zu Lëtzebuerg? 
No all där Opreegung ëm déi vill schlëmm a manner schlëmm Konsequenzen ëm deen ominéisen Topic „Pandemie “ an och...
Zirkus an der Politik ronderëm den Atom 
Gebongt. D’Aussoen vum Premier Luc Frieden a vum Ëmweltminister Serge Wilmes iwwer déi lëtzebuerger Atomstrategie koumen zum falschen Ament an...
Frank Bertemes: Rettet das Saatgut! 
„Die Rettung der Menschheit besteht gerade darin, dass alle alles angeht.“ —  Alexander Solschenizyn Wenige Dinge sind so kostbar und...
Atmosphäresch Virkrichszäit 
Mir liewe momentan e bësselchen an der Ambiance vun “1938”. Deemools wosst den informéierte Mënsch ganz genee, datt eppes Gréisseres...

Blog Post

Gesellschaft

Lauschter mol, Justitia…! 

Lauschter mol, Justitia…!
Photo by Pavel Danilyuk: https://www.pexels.com/photo/close-up-photo-of-lady-justice-statuette-8112195/

 

…Lauschter mir gutt no! Du bass nieft dem Exécutif an dem Législatif e weidere Pilier vun eiser Demokratie. Mir am Westen sinn houfereg op eng fräi an onofhängeg Justiz,- et huet jo och just e puer Joerhonnerte gebraucht an d’Liewen vu Millioune Leit kascht fir esou wäit ze kommen. Du selwer kanns och houfereg sinn op dat wat’s Du leeschts, ouni allerdéngs an d’Arroganz ze falen. Du gëss eis ëmmer als schmock Fra presentéiert, ma Du hues Bourreleten ugesammelt! Däin Verwaltungsapparat ass esou grouss a schwéierfälleg ginn, esou dass Du méi mat Dir selwer beschäftegt bass ewéi mam Fonctionnement vun eiser Demokratie!

Ech wëll den Term droit à l’information net iwwerspanen, ma all demokratesch Gesellschaft huet en absolutt Recht doropper. Jiddwer eenzelen Bierger muss zu jidder Zäit kënne Bescheed wëssen wat an Dengem Beräich esou alles geschitt. Zum Beispill wat d’Sécherheet vum Land ugeet. Du awer behëls Dech ewéi e verwinntent Kand, ewéi eng Tussy! Du wierks ofgehuewen, arrogant, weess net méi vu wou dass Du hierkënns! Ech ginn Beispiller.

Do hunn ech héieren, datt zu Esch bei 4 Persounen doheem eng Perquisitioun war. Si stinn am Verdacht, finanziell Hëllef fir den IS, also fir den islamesche Staat organiséiert ze hunn. An zwar hätten si Gelder un eng Persoun virugeschéckt, déi zu enger terroristescher Beweegung gehéiert Si ware schonn virdrun vun der Police observéiert ginn, a well si um Punkt waren a Syrien ze fléien, huet de Sécherheetsapparat zougeschloen.Vun deene 4 Persounen sinn der zwou an Untersuchungshaft komm, eng Drëtt krut e contrôle judiciaire. Déi dräi Persounen sinn wéinst Finanzement vum Terrorismus ugeklot.

Esou wäit, esou schlecht. Ma Deng Kommunikatioun ass eréischt deen Ament komm, wéi ech nogefrot hunn. Esou guer Deng daper Mataarbechter aus der Kommunikatioun wossten näischt vun där Saach. Kloer! D’Enquête leeft an et gëllt de secret de l’instruction. Ma kuck wéi si et an Däitschland oder Frankräich maachen! Do stellt sech e Justizvertrieder kuerz virun d’Kamera, erzielt d’faits bruts a verschwënnt nees vun der Bildfläch. Bei eis näischt! Ausser et gëtt een et iwwer 7 Ecker gewuer an et schwätzt een Dech doropper un!

A wéi ass et mam Mord viru Méint zu Bouneweg?! Do soll jo de Mäerder säin Affer op eng ganz eekeleg Manéier dout gemaach hunn, et goung esou guer een Ament vu Kannibalismus Rieds! Wat gëtt d’Land gewuer? Näischt! Fréistens a 5 Joer, wann de presuméierten Mäerder de Prozess gemaach kritt. Natierlech kann et duerchaus sinn, datt esou Informatiounen bei verschiddene Leit just déi primär Instinkter wéi d’Sensatiounsloscht steigeren an nawell sinn se wichteg, och a grad fir d’Press. Ech kéint jo d’Retourkutsch schécken mam Virworf, Du häss de Mond zougebitzt fir en aneren Service aus der Schosslinn ze halen.

Ech weess, Justitia, Du bass Kritikresistent. Trotzdeem wier et gutt, Du géings eng Kéier iwwer Dech selwer nodenken. Arroganz ass keng Dugend!

 

Related posts

Verloossen eng Äntwert

Required fields are marked *