Recent Posts

Post Categories

Pandemie-Politik: Eng Enquête-Kommissioun zu Lëtzebuerg? 
No all där Opreegung ëm déi vill schlëmm a manner schlëmm Konsequenzen ëm deen ominéisen Topic „Pandemie “ an och...
Zirkus an der Politik ronderëm den Atom 
Gebongt. D’Aussoen vum Premier Luc Frieden a vum Ëmweltminister Serge Wilmes iwwer déi lëtzebuerger Atomstrategie koumen zum falschen Ament an...
Frank Bertemes: Rettet das Saatgut! 
„Die Rettung der Menschheit besteht gerade darin, dass alle alles angeht.“ —  Alexander Solschenizyn Wenige Dinge sind so kostbar und...
Atmosphäresch Virkrichszäit 
Mir liewe momentan e bësselchen an der Ambiance vun “1938”. Deemools wosst den informéierte Mënsch ganz genee, datt eppes Gréisseres...

Blog Post

Innepolitik

Stater Gare: wéi laang nach? 

Stater Gare: wéi laang nach?

et ass scho bosseg: quasi ronderëm d’Welt gläicht sech d’Bild vun engem garer Quartier: do ass ëmmer vill Liewen, vill Hin-an-Hier op Trottoir a Stroossen, do si vill Geschäfter, Bistrot, Baren, Stripteaselokaler, liicht gekleete Madamen offréieren hir Déngschter am Liicht vun de Stroosseluten, Heescherten strecken den Aarm aus. Dat alles mécht dacks de Charme aus vun esou engem Quartier a laang Joer war et och dëst Bild op där Plaz, wou déi al an déi nei Avenue fusionéieren. D’Situatioun huet sech allerdéngs am Laf vun de Joer zougespëtzt; d’Politik ass gefuerdert.

 

Ëmmer méi dacks mellen sech d’Awunner aus deem Quartier zu Wuert, datt et esou net méi kéint weidergoen, sief dat op enger Biergerversammlung, sief dat an de soziale Medien. D’Zuel vun den Heescherten wär dramatesch an d’Lut gaangen, a virun allem, d’Zuel vun deenen, déi op der Strooss mat Drogen handelen; do géif sech iwwerhaapt net méi genéiert ginn!

Image parЛечение Наркомании de Pixabay

Derbäi kënnt natiirlech dee ganzen Troublewiesen mam Schantjen vum Tram. Datt vun der Geleegenheet profitéiert gëtt, virum Leeën vun de Schinnen Kanalisatioun, Stroum, Waasser a Gas nei ze verleeën, ass jo net méi ewéi normal, ma dat vergréissert den allgemenge Chaos nëmmen nach méi. D’Buergermeeschteg Lydie Polfer huet Recht, wann si seet:”Do musse mir derduerch! Eng schwiereg Zäit!” Virun allem natiirlech fir d’Kommerzanten. Déi allerdéngs gesinn de Schantjen als Fatalitéit, si wosste Joer laang, wat op si géing duerkommen, an der Hoffnung, et eventuell finanziell ze packen: wann ee gären en Tram hätt, muss een e gréissere Schantjen mat a Kaaf huelen. Dofir ieregeren si sech awer ëmsou méi iwer Heescherten a Junckies!

 

well den Heeschert ass scho méi laang dacks net méi de “clochard”, also eng Persoun, déi gewollt oder ongewollt den Tratt vun der Gesellschaft verlooss huet an hir Fräiheet op enger Bänk am Park sicht. De Phenomän “Strummert” ass par contre ëmmer méi heefeg gläichzesetzen mat organiséiertem Banditismus, jo, esouguer mat Mënschenhandel!

Image parLeroy Skalstad de Pixabay

Männer a Fraen kréie Moies en Hond an de Grapp gedréckt a gi lass geschéckt, fir ze heeschen, net fir sech selwer, ma fir d’Gemeinschaft! De maître Vogel huet et scho viru Joer thematiséiert an ëmmer nees drop higewisen, datt Lëtzebuerg eréischt rezent e Gesetz ugeholl huet, mat deem och dës Zort vu Mënschenhandel ka bestrooft ginn. Geschitt ass allerdéngs bis dato absolutt näischt. Déi Gréng wëlle grad hei net zu enger “Verbotspartei” ginn, déi Blo si sech net schlësseg, wat de sougenannte Platzverweis ugeet, deen ëmmer nees vun der stater Police verlaangt gëtt.

elo allerdéngs kënnt méiglecherweis – kuerz virun enger näechster Informatiounsversammlong-, Driff an d’Spill. Net méi spéit ewéi gëschter goungen sech de Polizeiminister Bausch, d’Justizministesch ff Tanson an den Aussen- a Migratiounsminister Asselborn d’Situatioun selwer op d’Gare ukucken. Wat si dobäi ze gesi kruuten a wat si esou alles bäigeléiert hunn, entzitt sech menger Kenntnis, mä, et wär gutt, wann endlech eppes déit geschéien! Frustréiert sinn niewt de Kommerzanten och d’Polizisten: déi eng, well virun hirem Geschäft dacks Pipi/Caca (net vun engem Hond) ze fanne sinn, déi aner, well si wëssen, wat leeft, hinnen awer d’Hänn gebonne sinn.

An der Stad selwer huet sech d’Situatioun och zougespëtzt, ass awer net esou dramatesch ewéi op der Gare. An d’Frënn vun der Plëss d’Arem kënnen sech freeën: do soll de Buedembelag zum Deel erneiert ginn, wahrscheinlech direkt noom Chrëschtmart.

Related posts

Verloossen eng Äntwert

Required fields are marked *